https://moien.lu/dating-agreement-form/
An engem gehéierege Communiqué huet d‘ONG „Comité pour une paix
An engem gehéierege Communiqué huet d‘ONG „Comité pour une paix
Bei der Visitt vun den europäeschen Autoritéiten hat de Grand-Duché
Um Dënschdeg huet eisen Ausseminister Jean Asselborn um Aarbechtsiesse vun den 28 Minister aus der EU mam US-Ausseminister Rex Tillerson deelgeholl. Et war eng „kleng“ Reunioun virum eigentlechen NATO-Ministertreffen, déi genotzt ginn ass fir op d‘Aktualitéit anzegoen.
Presidéiert vun der Vertriederin fir EU-Aussenugeleeënheeten, Frederica Mogherini, huet den Echange vun den Usiichten tëscht dem US-Ausseministère an der EU, dann awer méi Wäert op déi zukünfteg Zesummenaarbecht geluecht.
Et ass also gekuckt ginn, wéi een déi transatlantesch Kooperatioun ka verstäerken, ugesicht de grousse globalen Erausfuerderungen. An deem Kontext huet de lëtzebuergeschen Ausseminister ënnerstrach, datt „eng enk transatlantesch Zesummenaarbecht an ee staarkt Partenariat tëscht der EU an den USA esou wichteg ass wéi nach ni“. De Jean Asselborn huet dann och drun erënnert, datt „et wichteg op déi gemeinsam Wäerter hinzeweisen“.
Beim Mëttegiessen hunn d‘Ausseminister an de Rex Tillerson séi lescht Entwécklungen am noen Osten ugeschwat. Hei d‘Lag a Syrien a wéi ee sech sollt géinteniwwer Russland verhalen. Den Afloss vum Putin op Damaskus gëtt net vun alle Säite begréisst.
Treffe vun den europäeschen Ausseminister mam Rex Tillerson. © SIP/MAEE
En Dauerthema ass a bleift och d‘Ukrain. Zanter der Annexioun vun der Krim, den domatter verbonnene Sanktiounen, an de Reiwereien tëscht ukrainesche Milizen a vu Moskau ënnerstëtzte Gruppéierungen, huet een eng schwiereg diplomatesch Situatioun.
Natierlech steet, wann de Rex Tillerson zu Bréissel ass, och den Dossier Nordkorea op der Dagesuerdnung. Op hien den Ausseminister vun de Memberlänner méi Detailer konnt virleeën, zu den „Optiounen“ déi sech den Donald Trump wëll ginn, ass net verrode ginn.
Fir d‘Minister aus den 28 Länner war d‘Aarbechtsiessen dann awer och d‘Geleeënheet, fir sécherzestellen, datt ee strategesch Partner wier an ee gemeinsam Valeure, Prinzipien an Interessen hätt. Esou, an nëmmen esou, kéint ee sech de globalen Erausfuerderunge stellen.
De Jean Asselborn huet nach emol drop higewisen, wéi immens wichteg „eng multilateral Approche géinteniwwer den Erausfuerderungen, wéi notamment de Weltklima an d‘Migratioun“, ass.
Éischter um Rand erwäänt, mee awer och en Dossier mat „Gewiicht“, den Iran. Hei hunn sech déi europäesch Ausseminister erlaabt ze insistéieren, datt den Accord dee mat Teheran ofgeschloss ginn ass, och onbedéngt misst agehale ginn. Déi islamesch Republik hätt sech bis elo un den Accord gehalen an et wier net de Moment dorunner fréckelen ze goen.
Foto: Den US-Ausseminister Rex Tillerson (l) mat der EU-Ausseministesch Frederica Mogherini (r) zu Bréissel den 5. Dezember. © John Thys/AFP