Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Indonesien: Monsun bréngt Staudamm zum iwwerlafen
International Neiegkeeten

Indonesien: Monsun bréngt Staudamm zum iwwerlafen

Déi onmoosseg Waassermassen déi de Monsun mat sech bruecht huet,

Kriminalitéitsstatistik 2019
International Neiegkeeten

Kriminalitéitsstatistik 2019

Opgrond vun der sanitärer Kris goufen d’Statistiken zur Kriminalitéit vum

D‘Eurogrupp op der sich no engem neie Chef
International Neiegkeeten

D‘Eurogrupp op der sich no engem neie Chef

D‘Eurogrupp, domatter sinn d‘Finanzminister vun Euro-Zon gemengt, mussen sech am

Jean Asselborn: Staark Suergen zu de reliéise Minoritéiten am Iran a Jemen

Jean Asselborn: Staark Suergen zu de reliéise Minoritéiten am Iran a Jemen

Den Aussen-an Europaminister Jean Asselborn huet folgend Deklaratioun zur Situatioun vun de reliéise Minoritéiten am Iran a Jemen ofginn:

„Laut de Presseberichter hunn déi juristesch Autoritéiten am Iran an de leschte Wochen d’Prozedure géint op mannst 77 Membere vun der Communautéit Bahai nees opgemaach. Ech hu menge iranesche Kolleg, dem Ausseminister Javad Zarif de 16. Juni geschriwwen, fir him meng grouss Suergen zum reservéierten Traitement vun der reliéiser Communautéit Bahai vun den iraneschen Autoritéite matzedeelen, wou och d’Inhaftéierung vu senge Membere gehéiert, wat am aktuelle Kontext vun der Covid-19-Pandemie zimlech bedenklech ass.

Ech ermanen déi iranesch Autoritéiten dozou alles wat an hirer Muecht läit ze maachen, fir adequat sanitär Konditiounen an de Prisongen ze garantéieren, fir esou d’Ausbreedung vum Covid-19 ze verhënneren, a medezinesch Fleeg zu all Ament fir all Prisonéier ze leeschten.

Donieft sinn ech besuergt duerch de Fait, datt sechs Bahaien nach ëmmer vun den Huthi am Jemen gefaange gehalen ginn, woubäi hir Befreiung fir de vergaangene 25. Mäerz annoncéiert war. Lëtzebuerg wäert weiderhin d’Situatioun vun de Prisonéier am A behalen, no Récksprooch mat de Vereenten Natiounen an der Europäescher Unioun.

Ech schléisse mech dem Appell vun den Ausseministeren aus Däitschland, Schweden a Groussbritannien, datt d’Huthien d’Befreiung vun de Bahai annoncéiere sollen.“

Opmaacherbild © ali guddam / Unsplash

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Bahai, Befreiung, Deklaratioun, Europaminister, Huthi, Iran, Javad Zarif, Jean Asselborn, Jemen, Pandemie, Prisong, reliéis Minoritéiten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel