Search

You may also like

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net
Neiegkeeten

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net

Et misst ee laang sichen, fir een ze fannen, dee

Erschreckenden Aarbechtsmaartbericht aus den USA
Neiegkeeten

Erschreckenden Aarbechtsmaartbericht aus den USA

Am Amerika vum Donald Trump leeft zanter dem Ausbroch vun

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Weiler” am Numm?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Weiler” am Numm?

[onionbuzz quiz-id=216][/onionbuzz] Haut geet et nees duerch d’Land! Dës Kéier

Jean-Claude Hollerich am 7. Himmel

Poopst mécht Lëtzebuerger Äerzbëschof zum Kardinol, mee dëse bleift dem Land erhalen

Jean-Claude Hollerich am 7. Himmel

Hie mécht grad Vakanz a Portugal an ass scheinbar selwer vun dëser Nominatioun „iwwerrascht“ ginn. De Jean-Claude Hollerich ënnersträicht dann awer, datt dës peepstlech Entscheedung vu gréisster Bedeitung fir dat ganzt Land ass. Hien ass jo elo den éischte lëtzebuergesche Kardinol.

Et war am Kontext vum „Angelus-Gebiet“ um Sonndegmueren, wou de Poopst Francis d‘Nimm vun den 13 neie Kardinäl annoncéiert huet. Op de Plaz vum hellege Pier huet den Argentinier d‘Nominatioune kommentéiert: „Hier Hierkonft dréckt déi missionaresch Vokatioun vun der Kierch aus, déi weiderhin déi baarmhäerzeg Léift vu Gott fir all d‘Männer op der Welt verkënnt“.

Fir de Lëtzebuerger Kierchemann eng grouss Iwwerraschung mee och ee Privileg. De Jean-Claude Hollerich huet dann och gemengt, datt hien sech net virstelle konnt, datt esou ee klengt Land wéi Lëtzebuerg e Mandat als Kardinol kéint zougesprach kréien. Zu den Ursaachen déi de Poopst dozou beweegt hunn hien zum Kardinol ze maachen, wollt sech de Kierchemann net äusseren.

Jean-ClaudeEt dierft allerdéngs eppes mat senger Funktioun als President vun der Bëschofskommissioun vun der EU (Comece) an senge gudde Bezéiungen zum Poopst ze dinn hunn. Béid Kierchemänner deelen déi selwecht „Visioun“ vun enger Kierch déi no um Vollek ass, sech fir dësem seng Rechter an fir de Klima asetzt. Dobäi sinn d‘Kierche Sonndes zimlech eidel an Solarplacken hu se och net.

Alles net esou wichteg an schonn de 5. Oktober soll e Consistoire am Vatikan dës iwwerraschend Nominatioun formaliséieren. Wann eis de Jean-Claude Hollerich als Kardinol net wäert verloossen, esou dierft hien awer dank dem neie Mandat, ganz vill Zäit am Ausland verbrénge mussen. Gutt datt sech den neie Kardinol op säin Assistent den „Evèque-Auxilliaire“ Leo Wagner verloosse kann.

Jean-ClaudeWann hien da bis offiziell Kardinol ass, huet de Jean-Claude Hollerich wëlles sech enger wichteger Erausfuerderung ze stellen. Hie wëll dann zu Bréissel d‘EU-Deputéiert opsichen. Dat natierlech net fir „kathoulesche Lobbyismus“ ze bedreiwen, schliisslech mécht een als Kierchemann keng Politik. Nee hei geet et him drëms sech mat de Männer vun der EPP auszetauschen an vunenaner ze léieren.

Foto: Mat dëser Nominatioun ass de Lëtzebuerger Äerzbëschof ee vun den 120 Kardinäl déi sech fir de Konklav zur Wal vum nächste Poopst qualifizéiert. Dat wëll nëmme Kardinal ënner 80 Joer sech dorunner dierfe bedeelegen. Mat 61 Joer, an ugesiichts dem fortgeschrattenem Alter vum Poopst Francis, stinn d‘Chance gutt dësen Event nach matzëerliewen. An dat bescht: de Jean-Claude Hollerich kéint tatsächlech och selwer Poopst ginn. Wann dat kee Grond zur Freed ass… – Archiv © Bistum Lëtzebuerg

Related topics Äerzbëschof, EPP, Jean-Claude Hollerich, Kardinol, Poopst Francis
Next post Previous post