Search

You may also like

De Gedanken ass gutt, mee de Minister dee falschen…
Meenung

De Gedanken ass gutt, mee de Minister dee falschen…

Geet et der Piratepartei no, da soll de Landwirtschaftsminister, Romain

Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuergesch Literatur?
Meenung

Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuergesch Literatur?

[onionbuzz quiz-id=28][/onionbuzz] Déi éischte Kéier a ville Joren ass Lëtzebuerg

De Welt-Pressedag 2017, erkläert
Meenung

De Welt-Pressedag 2017, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

Editorial: Jean-Claude, wou‘s de Recht hues, hues de Recht

Editorial: Jean-Claude, wou‘s de Recht hues, hues de Recht

Et wier falsch ze behaapten, datt ech mam EU-Kommissiounspresident op enger politescher Linn géing leien. Anersäits ass et net, wéi wann de fréiere Premier vu Lëtzebuerg net och seng gutt Säiten hätt. Eng déi mir besonnesch gutt gefält, ass, wann him de Hutt héich geet an hien der Welt dat dann och am Kloertext matdeelt.

Esou geschitt um Dënschdeg, wou zu Stroossbuerg eng Vollversammlung ugesat war an de Bilan vun der maltesescher EU-Presidence zur Debatte stoung. Wéi dat nu emol zu Stroossbuerg- a Bréissel – mat de Volleksvertrieder esou ass, wann se eppes kënne maache fir de Leit d‘Flemm an d‘Politik anzedreiwen, da geléngt et hinnen och. Vu ganze 751 EU-Parlamentarier haten der eng ronn 30 de Wee an de Sëtzungssall fonnt.

Eppes wat ville Bierger an Europa net dierft an de Krom passen an de gebiertege Minettsdapp op déi berühmte Palm gedriwwen huet. „Ech begréissen déi wou sech d‘Méi gemaach hunn heihinner ze kommen, mee de Fait, datt nëmmen eng drësseg Deputéiert um Debat deel huelen, beweist datt d‘Parlament net Seriö ass an dat wollt ech haut och gesot hunn“, esou de Jean-Claude Juncker, a weider: „D‘EU-Parlament ass lächerlech, ganz lächerlech“.

Dat huet dem Parlamentspresident Antonio Tajani net gefall a vun eisem Jean-Claude tatsächlech verlaangt seng Wieder ze weien an auszeféiere „… mir sinn net lächerlech, ech bieden iech“. Ma dach Här Tajani, dir sidd lächerlech an zwar esou eppes vun. Ech setzen dann nach eng drop a soen, iech Här Tajani, datt dir äre Veräin net am Grëff hutt.

Hale mer och nach fest, datt den EU-Kommissiounspresident, déi wou do ware, mat Respekt behandelt huet a seng Ausféierungen an éischter Linn deenen anere gegollt hunn. A wann dir Här Tajani da mengt, datt et d‘Parlament ass wat d‘Kommissioun kontrolléiert an net ëmgedréint. Ma nondikass, da wéist ech nawell ganz gäre wien dann do kontrolléiert wann ni een do ass.

An natierlech huet de Charles Goerens, dee wuel och net do war, seng „Kollegen“ a Schutz geholl. Si hätte Besseres ze di gehat, resüméieren ech seng op der Antenn vu RTL gemaachten Interventioun. Natierlech gëtt et ëmmer Besseres ze di wann ee „langweilege“ Sujet op der Dagesuerdnung steet. An der „Vielle France“ beim Patt ze se setzen ass allemol méi interessant wéi sech enger Bilanz vun der Presidence vu Malta ze ënnerzéien.

Jo mee nee, där Hären. Et gehéiert engersäits zur ärem Job an anersäits ass et schlicht eng Fro vu Respekt. Ech géif nawell gären äre cumuléierte Salaire drop verwetten, datt wa Frankräich oder Däitschland hire – mat grousser Sécherheet net méi interessanten – Bilan debattéiere loossen, nëmmen eng Minoritéit, an da mat enger wierklech gudder Entschëllegung, feelt.

Jean-Claude, wéi gesot, politesch si mer eis seelen eens. Hei awer stinn ech hannert der an si op mannst esou entsat wéi dat all Mënsch ass, dee sengem Deputéierten d‘Vertrauen ausgeschwat huet an der Hoffnung seng Interessen am Parlament ze vertrieden. Allez, wann den Italiener och gejéimert huet, du hues him den Dicks gebéit an dat ass och gutt esou.

Foto: © Patrick Hertzog/AFP

Related topics Editorial, EU, Europa, Jean-Claude Juncker
Next post Previous post