Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BENU Village – ee Beitrag zur Kreeslafwirtschaft
why does my ex still want to hook up Neiegkeeten

who dating whom in bollywood

Am spéide Mëtteg hat den Direkter vum BENU Village, de

https://moien.lu/speed-dating-hamm-2018/
why does my ex still want to hook up Neiegkeeten

Reporter ouni Grenze gesäit d‘Pressefräiheet an Europa a Gefor

Schonn am Bericht 2018 hat d‘ONG Reporter ouni Grenzen (RSF)

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg
why does my ex still want to hook up Neiegkeeten

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg

Et ass, d‘Joer ass jo och nach nei, déi éischt

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!

Et muss sech méi fir eis Lëtzebuerger Traditioune, Bräich an déi generell Kultur agesat ginn. Eng wichteg Roll iwwerhëlt hei de Jean Kandel, andeems hien no „ale“ Lidder sicht, se archivéiert an a Bicher jiddwerengem zougänglech mëscht.

“Am Pafendall”, “De Muselwäin” oder “Komm Schnuckelchen komm” – kennt Dir eis Klassiker nach? Soll haut e Lëtzebuergescht Lidd gesonge ginn, da si mer séier schlecht drun. Bei der Auswiel ugefaangen, déi ass ganz bescheiden. Wann et dann ëm déi 2 oder 3 Strof geet, da musse mir meeschtens opginn. Ee Kulturschatz, deen ëmmer méi wichteg, awer leider och méi rar gëtt, musse mir gutt versuergen, erëm flécken an deelweis erëm hierstellen.

Maach eppes, da kënns de net op domm Gedanken!

Och déi technesch Revolutioune bréngen Aktivitéiten an Amusement déi vill Leit, besonnesch déi jonk Generatioun, méi begeeschteren an esou vun dem Veräins- oder dem Gesellschaftsliewen zeréck halen. An de Schoule gëtt de Gesank, besonnesch vun de Lëtzebuerger Lidder, net genuch ënnerstëtzt an esou kréien déi meescht Gesangsveräiner am Land Nowuessproblemer. Dobäi stëmmt Sangen an musizéieren all Mënsch méi lëschteg, roueg, zefridden a gesond! Dat ass dacks vu Spezialiste bewise ginn.

Wa mir awer bedenke wéi vill Lëtzebuergesch Lidder geschriwwen a komponéiert goufen, da kann een nëmme staunen a sech froen op dat dann elo alles “aalt Eisen” ass an net méi an eis Zäit passt. Beim Dicks ugefaangen iwwer Goergen, Pierret, Reuland, Sevenig a vill anerer, déi herrlech Gedichter an Theaterstécker geschriwwen hunn, déi vun Albrecht, Kahnt, Menager, Zinnen an e sëllechen aner Komponiste vertount goufen. Dat sinn e puer Nimm vun enger laanger Lëscht vun Dichter, Theaterschreiwer a Komponisten, déi eis eng helle Wull u flotte Lidder an Operette geliwwert hunn. D’Auswiel u Lëtzebuerger Lidder ass vill méi grouss wéi mir mengen. Vill dovun, besonnesch méi regional, oder fir speziell Uläss komponéiert Wierker, oft handgeschriwwen, déi net an den traditionelle Bicher festgehale goufen, ginn esou reegelrecht ënner.

Vill vun deenen Dokumenter gi verluer well den Interessi dofir feelt. Wa kee méi am Haus Wäert op dat leet, wat Generatioune virdru geschaafen hunn, da geroden déi Wierker, um Speicher oder am Keller, an een ëmmer méi schlechten Zoustand a lande leider oft am Pabeierkontainer. Mat e wéineg Gléck fënnt een der emol nach op engem Bicher- oder Floumaart.

A ville Seniorenheemer a Senioren-Amicallen si Leit, déi sech freeë géifen, déi Gedichter a Lidder ze héieren a matzesangen oder déi Theaterstécker ze erliewen. Jo vun deem Lëtzebuerger Kultur-Patrimoine musse mir onbedéngt dat rette, wat nach ze retten ass. Et geet och net duer déi Wierker an engem Schaf leien ze loossen, nee et muss eppes domat geschéien.

Sangen als Virdeel an de verschiddenste Beräicher

Ëmmer méi héiert ee Kloen, datt eis Lëtzebuerger Sprooch u Wäert verléiert. Ma ee flotten a lëschtege Wee fir eiser Sprooch hire verdéngte Wäert erëmzeginn, an se méi einfach ze léieren, an de Schoulen ewéi och a Coursen, dat wier iwwer d’Lëtzebuerger Lidder an där gëtt et wuel vill a fir all Geleeënheet! Sange beléiert dobäi net nëmmen eis Sprooch, ma och allgemengt Wëssen sou wéi speziell Interessien iwwer eist Land a seng Leit !

Fir Senioren si Lëtzebuerger Lidder eng Gediechtnes- a Gesondheetstherapie: Texter auswenneg léieren, däitlech ausspriechen, alternativ sangen, matenee sangen, sech aneren upassen, riicht sëtzen, säin Otem kontrolléieren. Wat ee séngt muss ee mat Gefill ausdrécken, mat spieren, mat erliewen.

Vill Dierfer hunn een “iwwerdimensionalen” Kulturzenter, ma wa schonn, dann och fir eiser Kënschtler! Firwat also net op eis Lëtzebuerger Lidder a Kompositiounen zeréckgräife bei enger Aweiung, enger Séance accadémique oder engem Vernissage?

Lidder

De Jean Kandel mat sengem neie Buch. Et sollt a kengem Stot feelen! © Léon Doemer

Mat vill Häerz an Asaz fir eis Sprooch!

Säit senger Kandheet huet de Jean Kandel vill Wäert op eis Lidder geluecht an der esouvill wéi méiglech archivéiert. An deene leschte Joren, an der Pensioun, huet hie sech méi intensiv domat ofginn a bis elo ëm 4000 Wierker zesumme gedroen an dat sinn se nach laang net all!

Grad am Theater an a Revuë fënnt een déi schéinste Lidder souwuel d’Weis, wéi och d’Wierder. A grad do sti se matten an engem Geschéien. Hei gëllt méi wéi jee: “Wat een zu gläicher Zäit gesäit an héiert, verhält ee vill méi séier, besser a méi laang!”

Dës weideren ënnersträicht hien: „D’Iwwerschrëft vun dësem Schreiwen ass deemno net aus der Loft gegraff a méi richteg a wichteg wéi jee ! Och ass mäin Archiv wuel eng enorm Aarbecht a mat vill Gedold a Fräizäit verbonnen, ma och onëmgänglech an eng Beräicherung fir eise Kulturschatz, an deem scho muncher een dat Lidd fonnt huet, wat e scho laang an op ville Plaze gesicht huet. Ma deen Archiv ass awer och allzäit op fir all Lidd- a Musiksdokumenter an och Theaterstécker opzehuelen.

De Bewäis, datt verschidde wichteg Wierker net méi ze fanne sinn, liwwert d’Operette “Sonili” déi de 15. Dezember 1939 fir d’éischt opgefouert gouf an duerno nach 12 mol, am haitege Kapuzinertheater, begleet vum RTL Orchester, ënner der Leedung vum Henri Pensis, gespillt ginn ass! “Sonili” gouf vum Éisträicher Bruno Granichstaedten geschriwwen an de Josy Imdahl huet se an d’Lëtzebuergescht ugepasst. Säit fënnef Joer intensiver Sich hunn ech nach keng Spuer fonnt, ma ech ginn nach net op a sinn iwwerzeegt, datt dat Wierk iergendwou op engem Späicher ze fannen ass !“

Glécklecherweis dauchen awer och verluere Wierker, no villem Sichen a Froen, op eemol nees op Sou ass „d’Kopleschter-Lidd“, dat 1920 vum Paschtouer Victor Weis geschriwwe gouf, an de 60er Jore verschwonnen, elo erëmfonnt ginn, an mat senge 6 Strofen, vun de „Becheler-Sänger“, op CD ze kréien. Wien deemno eppes op eis Lëtzebuerger Gedichter, Theaterstécker a Lidder hält, soll emol ee Bléck op de Späicher werfen (och bei der Bomi) an all dat Noutematerial zesumme kromen an esou erhale loossen am Lëtzebuerger Lidderarchiv.

Mengt blouss net: “Dat do ass ze al, an engem schlechten Zoustand, schlecht lieserlech oder net méi brauchbar!” Haut kann all Dokument erëm an d’Rei bruecht ginn. Och “Al” Lidder an Theaterstécker hunn nach hire Reiz a vill Leit wëllen déi nach héieren, sief et a Senioren- Haiser a Veräiner.

„Am Club-Haus “Am Becheler” sangen ech mat 25 Senioren, 1x am Mount, mat vill Freed a Begeeschterung eis Lëtzebuerger Lidder, begleet um Piano vum Michel Winter. Hëlleft duerfir all, eise Lëtzebuerger Lidderschatz ze retten, an erëm opliewen ze loossen! Am Lëtzebuerger Lidderarchiv ass all musikalescht Dokument gutt opgehuewen en erhalen. A wann dir eent sicht, da frot mech“, erkläert de Jean Kandel.

„Een neit Buch mat ale Lidder“

Hei hunn ech elo emol e puer Lidder, mat éischter witzegem Charakter, zesummegedroen déi haut nach kaum ee kennt, ma déi an der Zäit dagdeeglech a bei all Geleeënheet, mat vill Freed a Begeeschterung gesonge gi sinn. Fir déi, déi net d’Gedold hunn, fir ee ganzt Lidd ze sangen, gëtt et Potpourrien, wou etlech Lidderauszich zesummegestallt sinn, an eng ganz nei Geschicht entsteet.

D’Auswiel vun de Lidder geet vu witzeg, iwwer pickeg bis zu méi enger eeschter Nout um Enn. Nom Motto „ Iessen, Drénken a Léift sinn dräi schéiner Saachen,“ – duerfir fëllen déi Themen natierlech déi meescht Säiten aus dësem Buch. Et soll déi Lidder nees opliewe loossen déi een haut kaum méi héiert, an déi, sou mierkt hien et un der Nofro, ëmmer méi gesicht ginn.

Hei stécht Nostalgie dran! A sécherlech fënnt jiddwereen och dat Lidd, wat e scho laang gesicht huet. Wa bei Iech den Interessi geweckt ass, da kënnt dir d’Buch bestellen a fir 22 € kritt dir et souguer Heem geschéckt. Mellen kennt Dir Iech iwwert jkandel@tango.lu. Weider Informatioune sinn ënnert www.jeankandel.de.to ze fannen.

Ähnlech Sujeten Een neit Buch mat ale Lidder, Jean Kandel, Letzebuerger Lidder, Lëtzebuerger Sprooch, Patrimoine, Sonili
Nächsten Artikel Virrechten Artikel