Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert
dating a guy for two weeks Neiegkeeten speed dating assen

dating 6 months gift

E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder

https://moien.lu/isotopes-carbon-dating/
dating a guy for two weeks Neiegkeeten speed dating assen

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie

Den Ausbau vum ungareschen Atomkraaftwierk PAKS II huet zu enger

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen
dating a guy for two weeks Neiegkeeten speed dating assen

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen

D’Katar-Kris huet scho säit Wochen d’Noriichtewelt am Grëff. Nodeems den CSV-Deputéierte

Lëtzebuerger Lidder – op der Sich nom Sonili!

Lëtzebuerger Lidder – op der Sich nom Sonili!

De Jean Kandel, deen dofir bekannt ass, Lëtzebuerger Lidder erëm ze sichen, opliewen ze loossen an esou ee Stéck vun eiser Kultur ze erhalen zielt elo op d’Hëllef vun Iech! Fir genau ze sinn, geet et heibäi ëm d’Operett „Sonili“, ee Kulturschatz, deen bis ewell nach net fonnt ginn ass.

„Lëtzebuerger Lidder dierfen net verluer goen“, esou betount de Jean Kandel et ëmmer nees op een neits. Virun 8 Joer ass hie gefrot ginn, op a sengem Archiv, wat mëttlerweil aus ronn 4.000 Lidder besteet, d’Operette „Sonili“ mat dobäi wier. Dëst Lidd vum Josy Imdahl ass bis haut awer verschwonnen.

Elo ass et un Iech, léif Lieser, fir mat ärer Hëllef een Stéck zum Kulturierwe bäizedroen. De Lidderfrënd Jean Kandel gleeft nach ëmmer fest dorun, datt dëst Wierk op iergendengem Späicher oder an engem Keller läit. An enger verstëbster Këscht, mat Géigestänn aus dem Joer 1939 bis 1941 kéint sech d’Operette fanne loossen, entweder bei engem den selwer matgespillt oder matgehollef huet, bei engem Familljemember vun enger Persoun, déi am Lëtzebuerger Vollekstheater matgemaach huet oder einfach ee Mënsch, den op engem Floumaart dëst Wierk, ouni vu senger Bedeitung ze wëssen, kaaft huet.

E puer Informatiounen

Wéi scho gesot sicht de Jean Kandel d’Operett „Sonili“. De Lëtzebuerger Vollekstheater huet dëst Wierk ënnert der Direktioun vum Venant Pauké gespillt. Den RTL Orchester huet dat Ganz, ënnert der Leedung vum Henri Pensis begleet.

Am Joer 1938 huet de Bruno Granichstaedten – ee Judd, deen a Lëtzebuerg ausgewandert ass – d’Operett komponéiert an op Däitsch geschriwwen. Schliisslech war et den Josy Imdahl, deen d’Wierk op Lëtzebuerger iwwersat huet. Virun allem fir d’Sonja Haagen, dem Hary Haagen seng Duerschter, war dës Operett ganz speziell, schonn eleng duerch seng Haaptroll an der Operett.

Gewosst ass nach, datt d’Uropféierung de 15. Dezember 1939 war an d’Stéck 13 Mol gespillt ginn ass. Donieft gëtt et nach folgend Foto, wou Dir vläicht deen een oder aneren erëm kennt.

Sonili

(v.l.n.r.) Léon Mayer, Josy Imdahl, Emil Hamper, Maria Lazzeri, Henri Pensis, Sonja Haagen, Bruno Granichstaedten, Suzanne Heller, Venant Pauké, Hildchen Klaess, Marcel Kummer, Valentin Kummer, Renée Weber, Benny Salomon.

Folgend Rollen haaten d’Personnagen

Léon MAYER, Metzlermeeschter : Mathias Andilien .
Josy IMDAHL huet d’Operette op Lëtzebuergesch iwwersat .
Emil HAMPER, dem Camille säi Frënd : Hary .
Maria LAZZERI, Epicièresfra : Madamm Everléng .
Henri PENSIS, huet den RTL-Orchester dirigéiert .
Sonja HAAGEN, dem Moler Camille seng Duechter : Sonili .
Bruno GRANICHSTAEDTEN, huet d‘Operette geschriwwen a komponéiert .
Suzanne HELLER, Duechter vum Metzler Andilien : Rousely
Venant PAUKÉ, Moler : Camille Simon .
Hildchen KLAESS, Duechter vum Metzler Andilien : Madly
Marcel KUMMER, Garagist a Jong vun der Madamm Everling : Charly
Valentin KUMMER, ee räichen Amerikaner : Mister O. Broadwood .
Renée WEBER, dem Amerikaner deng Duechter : Evelyne .
Benny SALOMON.

Net op der Foto:
Hansi KAHN an Josette FELTEN : 2 Dänzerinnen .
Margerite NICKELS, Madamm Trierweiler .
Madeleine LAMBERTS, Madamm Hames .
Roger WARNIER, Bréifdréier .
Jules a Marcel van DIEVOET, hunn sech ëm Decorsen gekëmmert .

De Jean Kandel huet scho vill gesicht. Bis op eng Broschür ass den Erfolleg awer ausbliwwen. An dësem Sënn ass hei all Informatioun wichteg, fir „Sonili“ erëm ze fannen. All klengt Puzzlestéck kéint hei zum Ziel féieren.

Wien eng Informatioun sollt hunn ka sech gären un de Jean Kandel wennen ënnert der Telefonsnummer 621 665 212 oder per E-Mail ënnert jkandel@tango.lu

Ähnlech Sujeten 1938, Bruno Granichstaedten, Jean Kandel, Josy Imdahl, Letzebuerger Lidder, RTL Orchester, Sonili
Nächsten Artikel Virrechten Artikel