Editorial: Dem Ursula Von der Leyen seng Krisekommissioun
No honnert Deeg am Amt: d‘Ofwécklung vum Brexit, de Coronavirus
No honnert Deeg am Amt: d‘Ofwécklung vum Brexit, de Coronavirus
An der Siidlung vun Efrat, sinn d‘Awunner fir eng Annexioun,
D’Majoritéit vun den Deputéierten am Landwirtschaftsausschoss setzt op d’Landwirtschaftspolitik aus
De Jean Marc Sirichai Kiesch (gebuer de 6.1.1981) war säit Enn Oktober 2004 op der Flucht. Nodeems him fir den 30. Oktober 2004 Congé accordéiert gouf, ass hien net méi an de Prisong zeréck gaangen, Virdru war hien um 26. Oktober 2000 vum Parquet Judicaire vun Dikrech zu 20 Joer Prisong veruerteelt ginn, dovunner 5 Joer op Bewärung.
An de leschten Deeg huet d’Cellule Recherche Fugitifs vun der Kriminalpolice a Kooperatioun mat FAST Spain eng intensiv Sich nom Flüchtegen duerchgefouert a gouf zënter 2016 op der Websäit www.eumostwanted.eu opgelëscht.
Et bleift nach ze erwänen, datt och a sengem Hierkonftsland Thailand gesicht gouf, mä en eeschthaften Hiwäis gouf ni fonnt.
D’ENFAST-Netzwierk huet sech nees als wichtege Partner bewisen: Bei der Verhaftung vum Gefaangenen, deen sech duerch d’Bascht gemaach huet, hu si en essentiellen Deel bäigeroen.
De Service de l’exécution des peines du Parquet général wäert en europäeschen Haftbefeel un déi spuenesch Justiz senden. Et geet ëm d’Ausliwwerung vum Jean-Marc Kiesch – fir datt hien seng Haftstrof am Centre pénitentiaire de Luxembourg zu Schraasseg nees ophëlt.