Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel
https://moien.lu/dating-nz-free-websites/

En Tëschestopp am Vatikan virum „Ratelach” Bréissel

Um Mëttwoch huet den amerikanesche President de populäre Poopst François

https://moien.lu/technology-killed-dating/
https://moien.lu/dating-nz-free-websites/

Vanitas – live fast, never digest

D’Kulturfabrik luet an op een meditatiivt Theaterstéck, ganz am Zeeche

Polizist: Keen einfachen „Job“
https://moien.lu/dating-nz-free-websites/

Polizist: Keen einfachen „Job“

Op Meschelsdag, an dat huet Traditioun, éiert d‘Police hire Patréiner

Jean-Marie Jacoby: Et muss sech eppes änneren

Jean-Marie Jacoby: Et muss sech eppes änneren

62 Joer jonk, dräi Kanner, elengerzéiend. Dat sinn d‘Eckdate vum KPL-Spëtzekandidat an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass ee vu vun deenen, déi schonn eppes méi laang derbäi sinn. Säit 2013 Sektiounspresident, huet de Journalist, dee sech de Mond net verbidde léisst, Erfarung mam System a gleeft un déi noutwenneg Verännerung.

Den deemools nach jonke Jean-Marie Jacoby, ass en engem éischter „konservative Milieu“ opgewuess. Et war dann och am zaarten Alter vu 16 Joer, wou e Philosprof him de Karl Marx als Lektür an de Grapp gedréckt hat. Eng, wéi de Papp vun dräi Kanner bestätegt, interessant Siicht op d‘Gesellschaft, déi fir hien haut nach esou passionant ass wéi deemools.

„Et geet da jo och duer, d‘Aen opzemaache fir festzestellen, datt de Kapitalismus net funktionéiert“

Jean-Marie Jacoby

Säi Papp, en Häerz-Jesu Kommunist vun der CSV, hätt zwar gutt Usiichte gehat, mee et wier de System gewiescht deen hei versot huet. „Et geet da jo och duer, d‘Aen opzemaache fir festzestellen, datt de Kapitalismus net funktionéiert“, esou den iwwerzeegte Kommunist, deem virun allem de Mënsch als Kärzell vun der Gesellschaft um Häerz läit.

Et hëlt ee keen Tournevis fir Neel anzeklappen

Fir de Spëtzekandidat vun der KPL-Stad, huet ee System, bei deem op der Welt eng Milliard Mënschen net fir sech suerge kënnen, versot. E System „dee gemaach ass fir déi Räich, a just déi fannen deen och gutt“, ënnersträicht de Jean-Marie Jacoby, dee virun allem méi Gerechtegkeet fuerdert.

„Wann een dat ganzt realistesch betruecht, muss ee feststellen, datt de System nëmmen déi Räich ëmmer méi räich mécht, an dat muss sech änneren“

Jean-Marie Jacoby

„Wann een dat ganzt realistesch betruecht, muss ee feststellen, datt de System nëmmen déi Räich ëmmer méi räich mécht, an dat muss sech änneren“, betount de Jean-Marie Jacoby. Kapitalismus ass kee soziale System „soss géif e Sozialismus heeschen“. Wien interesséiert wier fir eppes an der Gesellschaft ze veränneren, dem Mënsch nees dee Stellewäert ze ginn deen e verdéngt huet, deen him zousteet, misst der KPL seng Stëmm ginn. An dat ass eescht gemengt a géif dann och fir all Gemeng gëllen, an där d‘KPL eng Lescht presentéiert. Hir Offer wier gutt an de Programm däitlech.

Zur Situatioun an der Haaptstad

Am Bezuch op d‘Stad Lëtzebuerg, wou kaum een der KPL en Sëtz am Gemengerot zoumutt a wahrscheinlech och vergënnt, wier seng Linn kloer a mat vill Verstand am Programm néiergeschriwwen. Do géing just de Maulkuerf tëscht senger Sektioun an dem Bierger stoen, fir datt d‘Informatioun och jiddereen erreeche kéint.

„Et brauch een an der Stad keng zousätzlech Aarbechtsplazen. 1,77 Aarbechtsplaz pro Awunner gëtt et nëmmen hei. Esou eng Situatioun kennen se nach net emol zu Frankfurt oder London“

Jean-Marie Jacoby

„Et brauch een an der Stad keng zousätzlech Aarbechtsplazen. 1,77 Aarbechtsplaz pro Awunner gëtt et nëmmen hei. Esou eng Situatioun kennen se nach net emol zu Frankfurt oder London“, betount de Jean-Marie Jacoby, deen dovunner iwwerzeegt, datt 2,5 Awunner pro Aarbechtsplaz dat bessert Verhältnes ass. Hie weess dann awer och, datt et Joerzéngte bréicht fir dat Verhältnes hierzestellen.

An deem Kontext ass fir de Spëtzekandidat vun der KPL-Stad dann och scho kriminell, datt am Gaasperecher Bann 20.000 Aarbechtsplaze fir 3.000 Wunnenge gebaut ginn. D‘Infrastrukturen an den ëffentlechen Transport kéinten net mat esou engem Wuesstem Schratt halen. Programméierte Chaos ass keng Verbesserung vun der Liewensqualitéit.

Reell eppes an der Gemeng verännere geet deemno nëmme mat engem Vertrieder vun der KPL am Gemengerot. Et wier an ass déi Plaz op där ee muss vertruede sinn, fir d‘Feeler vum System kënnen kloer duerzeleeën, an zwar esou, datt och jiddereen dat matkritt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Gemengewahlen 2017, Jean-Marie Jacoby, KPL, Maulkuerf, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel