Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Dëse Gebuertsdag gëtt legen… waart …där!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Dëse Gebuertsdag gëtt legen… waart …där!

Den amerikanesche Schauspiller Neil Patrick Harris, deen haut iwwregens säi

Mir kenne keen, deen 9 Richteger an eisem Kanton Lëtzebuerg Quiz huet!
Neiegkeeten Stories

Mir kenne keen, deen 9 Richteger an eisem Kanton Lëtzebuerg Quiz huet!

Et ass vun der Populatiounszuel deen zweetgréisste Kanton zu Lëtzebuerg!

Éieremedaile fir de Gesondheetsministère
Neiegkeeten Stories

Éieremedaile fir de Gesondheetsministère

Um 20. Juni huet den Étienne Schneider, Vize-Premierminister a Gesondheetsminister,

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner

Wann een net wëll verstane ginn huet een eppes ze verstoppen oder eng schlecht Strategie

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner

Um Méindeg war de Premierminister nom Regierungsrot an der Chamber, fir iwwert déi grouss Decisiounen an déi aktuell Krisesituatioun ze beliichten. Hien huet dann och den Deputéierten erkläert, datt déi nächst Phase vum Deconfinement sech nëmme wäerten aleede loossen, wann sech d‘Bierger (an aleatoirement och d‘Grenzgänger) un d‘Reegelen halen a weider disziplinéiert sinn.

Datt eng zweet Infektiounswell net auszeschléissen ass – an esouguer éischter sécher schéngt, och wann een näischt zum Zäitpunkt soe kann – kann sech och net mat schéine Statistiken an/oder vun helle Käpp ausgeschafften Zenarioe widderleeën. Et ass also net, wëll de Vecteur „R“ bei 0,99 läit datt ee menge sollt, war dach alles net esou schlëmm, an et kéint elo nees säin alt Liewen ophuelen.

Grad oder besonnesch wëll jo elo d‘Reprise vun de Wirtschaftsaktivitéiten an dem Unterrecht nees fir eppes „humanen Austausch“ am ëffentleche Raum an Transport suergt, ass et scho wichteg, datt ee sech net de Batti stellt a déi opgestallte Reegele behäerzegt. Wéi sot de Minister fir Stroossebau, Elektromobilitéit an national Sécherheet : „Méi Fräiheet bedeit elo och méi Selbstverantwortung“.

De Premier Xavier Bettel huet dann den Deputéierten och nach emol matgedeelt, datt de Covid19-Asatzgrupp (Task-Force) him erkläert hätt, datt d‘Pandemie eréischt mat der Entdeckung vun engem Impfstoff, an senger Uwennung eriwwer ass. Déi hate jo de leschten Donneschdeg en Tëschebericht presentéiert, vun deem gewosst ass, datt deen net d‘Absicht hat verständlech ze sinn.

14 Zenarien

Si ginn dovunner aus, datt d‘Sich no engem Impfstoff fir de Covid19 tëscht 6 an 18 Méint dauere kann. Aner Fuerscher ginn aner Zäitraim vir, an eigentlech weess kee wéi laang et dauere wäert an ob sech iwwerhaapt e Vaccin oder Medikamenter fanne loossen, mat dem Virus bäizekommen ass. Ouni sech also op déi eegen Aussoe beruffen ze kënnen, gi 14 Zenarien an de Raum gestallt.

Fir den Deputéierte Sven Clement (Piraten), deen un a fir sech näischt géint Theorien an Zenarien huet, wann dës dann och verständlech sinn an d‘Method novollzéibar ass, ass mat de Grafiken ouni weider Erklärunge séier wéineg unzefänken. Pech fir eise Premierminister, datt dës „Remark“ aus de Reie vun der Oppositioun, kloer gemaach huet, datt och hien esou guer keng Anung huet.

Hie muss dem Deputéierten seng Ufro no Klarifikatioun un d‘Universitéit weiderleeden, dat mam Argument, datt déi presentéiert Daten a Grafiken der Uni gehéieren, an hien also déi Zuelen net virleeë kann. Dat hannerléisst net den Androck, datt et ee Minister an dëser Regierung gëtt, déi et verstanen hunn, wat hinnen do vun hirem Asatzgrupp virgeluecht ginn ass. Dat ass bedenklech.

Bedenklech virun allem, well d‘Regierung sech op hir Experte verléisst fir Decisiounen ze huelen, déi jo awer zimmlech Afloss op eist Liewen hunn an deels och an d‘Grondrechter agräifen. Do sollt een dann awer scho wësse vu wat ee schwätzt. An da stellt den Deputéierten och nach fest, datt den Zeenario dee elo den 11. Mee ugewannt gëtt, sech guer net an dëse Previsiounen erëmfanne léist.

Wat an der Phas 2 vum Deconfinement enthalen ass, huet jo jidderee matkritt: 6 Gäscht pro Menage a bis zu 20 Leit am ëffentleche Raum, Maskeflicht beim Akafen an am ëffentlechen Transport, wéi och iwwerall do, wou de Sécherheetsofstand net anzehalen ass. Zil vum ganzen ass et d‘Zuel vun den Intensivpatienten ënner 90 ze halen, fir net nees musse méi streng Restriktiounen anzeféieren.

Am Niwwel

Laut dem Zenario op dee sech de Premierminister berifft, géif eis déi zweet Infektiounswell am September virun d‘Féiss falen, woubäi een hei vun engem Besoin un Intensivbetter ausgeet, deen d‘Covid19-Asatzgrupp mat 40 Eenheete beziffert. Bis an de November si laut dësem Zenario 300 Leit gestuerwen, an bis Mäerz 2021 kéinten et der 400 Sinn. An dat ass dee gudden Zenario…

Beim Zenario, an deem d‘Ëffnung vun den Entreprisen aus dem HORESCA-Secteur, wéi och d‘Reprise vum „Hausbesuch“ fir gewëssen Déngschtleeschtunge virgesi sinn, hunn Algorithme vun eisen Experte folgenden Zenario opgewisen: et bréicht een am Zäitraum September/Oktober dann 120 Intensivbetter, an bis Mäerz 2021 hätten dann eng 1.000 Mënschen dat zäitlecht geseent.

Wéi gesot, eppes Genaues wëssen och d‘Experten net, wat awer kee Virworf soll sinn, wouropper sollten si sech och bezéien. Hei gëtt Neiland betrueden, an op der ganzer Welt gëtt et keen, dee sech bretze kéint dem Problem eng seriéis an empiresch Léisung zouféieren ze kënnen. Hëllefe kënnen nei an zouverlässeg Date wat eis zu den Tester bréngt, déi jo méiglechst zäitno solle gemaach ginn.

Kléngt u sech positiv, wëll et soll jo quasi dat ganzt Land an esouguer déi Arméie vu Frontalieren engem Test ënnerzu ginn. Dat ganzt op fräiwëlleger Basis. An der Gesondheetskommissioun awer, huet d‘Ministesch Paulette Lenert missen drop hiweisen, datt den Depistage esou wei et virgesi war (Start 19. Mee) mat 20.000 Tester den Dag, net ze realiséieren ass. Bei der CSV ass een entsat…

De Deputéierte Claude Wiseler (CSV) ass verwonnert, datt d‘Regierung iwwer 3,5 Milliounen an Tester investéiert huet, fir festzestellen, datt d‘Laboratoiren net déi néideg Kapassitéiten hunn. Hien ass entspriechen enttäuscht vun der Kommunikatiounsstrategie, déi stënterlech ofhëlt an net eleng fir d‘Oppositioun, mee sécherlech och fir d‘Bierger net méi zefriddestellend ka sinn. Tiens donc…

Illustratioun: © Jasmin Sessler / unsplash

Ähnlech Sujeten Deconfinement, Gesondheetsministesch, Premierminister, Strategie, Task Force, Universitéit, Zenarioen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel