Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialwahlen 2019: Digitaliséierung als zentraalt Thema beim LCGB
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Digitaliséierung als zentraalt Thema beim LCGB

Gëschter Owend huet den LCGB am Hall Polyvalent zu Schëffleng

Schlecht Nouvelle fir déi franséisch Eisebunner
Neiegkeeten

Schlecht Nouvelle fir déi franséisch Eisebunner

Et geet stramm op Chrëschtdag zou, dëst Fest vun der

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis
Neiegkeeten

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis

D‘Graf vum onbekannten Zaldot, bei deem sech um haidege Sonndeg,

De Jeff Schmit gëtt Direkter vum neie Prisong Uerschterhaff

De Jeff Schmit gëtt Direkter vum neie Prisong Uerschterhaff

Ab dem 1. Juni 2020 wäert de Jeff Schmit d’Tâche vum Direkter am neie Prisong Uerschterhaff (CPU) unhuelen. Op Propositioun vun der Justizministesch Sam Tanson huet de Regierungsrot gëschter decidéiert, fir S.A.R. dem Groussherzog dëse Kandidat ze proposéieren.

Gebuer am Joer 1968 huet de Jeff Schmit Wirtschafts- a Finanzwëssenschaften op der ICHEC zu Bréissel studéiert. Éischt Beruffserfarung huet hien am private Secteur gesammelt, bis hien 2001 wirtschaftleche Beroder bei der Federatioun fir Lëtzebuerger Spideeler, sou wéi Member am Verwaltungsrot vu GIE-Buanderie Centrale ginn ass.

Véier Joer méi spéit duerft de Jeff Schmit sech an der Direktioun vum Centre pénitentiaire de Luxembourg (CPL) integréieren, wou hien zënter Juni 2006 stellvertriedenden Direkter ass. No der administrativer Gestioun duerft hie sech 7 Joer ëm de Beräich vum Arrest an der Aglidderung am Prisong këmmeren.

Zënter gutt 8 Joer ass de Jeff Schmit elo an d’Plange vum zukünftege Prisong um Uerschterhaff (CPU) mat abezunn a këmmert sech säit 2015 ëm d’Koordinatioun vum Chantier. Ufank 2019 huet hien dunn d’Funktioun vum Koordinator vum Chantier CPU, a Kollaboratioun mat der Verwaltung vun den ëffentleche Gebaier, iwwerholl.

Mat senger Erfarung am Prisong a senge perfekte Kenntnisser vum neie Gebai weist hien déi noutwenneg Qualitéiten op, fir an Zukunft de Prisong ze dirigéieren.

Jeff Schmit

Den neie Prisong Uerschterhaff

De Prisong Uerschterhaff an der Gemeng Suessem gëtt zu Lëtzebuerg den zweeten zouene Prisong. Aktuell herrscht nach Chantier, mee wann de Bing bis eemol leeft kënne bis zu 400 Persounen hei inhaftéiert ginn. Déi offiziell Erëffnung ass fir Ufank 2023 virgesinn. Den CPU ass ee vun dräi Prisongen, déi vun der Prisongsverwaltung geréiert gëtt.

Ähnlech Sujeten Bing, Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff, Chantier, CPU, Direkter, Gefängnis, Jeff Schmit, Prisong Uerschterhaff, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel