Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill Theme goufen haart ugeschwat
Fail Neiegkeeten

Vill Theme goufen haart ugeschwat

D‘KPL ass net kleng ze kréien an si hëlt hire

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5
Fail Neiegkeeten

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5

Déi amerikanesch Weltraumentreprise SpaceX huet e Freideg seng nei Rakéitegeneratioun

Hues de scho gewonnen oder spills de nach?
Fail Neiegkeeten

Hues de scho gewonnen oder spills de nach?

Dat ass eng Fro déi sech eng Amerikanerin net méi

dislike

Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump

Eng Menace oder e Wee fir den Opschwong?

Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump

Bei engem „klénge“ Sommet haut zu Bréissel, wäerten d‘EU a Japan bekannt ginn, datt si ee bedeitende wirtschaftspoliteschen Accord fonnt hunn. D‘Verhandlunge waren duerch déi protektionistesch Politik vun der Trump Administratioun ugekuerbelt ginn. Elo mussen eigentlech nach just Neel mat Käpp gemaach ginn.

Sécher, de Wee bis zum Ofkommes mat der Bezeechnung JEFTA (Japanese European Free Trade Agreement) ass nach laang. Et ka Méint dauere bis d‘Detailer gekläert sinn, mee opgrond vun der politescher Entente, dierf een dovunner ausgoen, datt déi wichtegst Sujeten a dréchenen Dicher leien.

An et ass de Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident, deen zesumme mam EU-Rotspresident Donald Tusk an dem japanescher Premierminister Shinzo Abe, dësen Accord zum Wirtschaftspartenariat dierf virstellen. Um Mëttwoch hat d‘EU-Wirtschaftskommissärin Cecilia Malström allerdéngs scho mat engem Tweet den Accord „verroden“ dat no enger Entrevue mam japaneschen Ausseminister Fumio Kishida.

Fakt ass, datt d‘Europäer an d‘Japaner an de leschte Woche béis ugerappt hunn, fir nach virum G20-Sommet vun ee Freideg, dësen Accord zustanen ze kréien. Dofir huet och ee gudde Grond: d‘EU a Japan wëllen der Welt ee kloert Signal zum „libre-échange“ schécken, awer virun allem dem Donald Trump kloer maachen, datt si net op hien ugewise sinn.

Variabel Prioritéiten

Wann sech deen een aus der Verhandlungen erauszitt, änneren sech fir déi wou iwwreg bleiwen d‘Prioritéiten. A genee dat ass geschitt wéi den amerikanesche President säi Land aus dem Transpazifeschen-Accord (TPP) dee jo awer vun eelef Länner ugeholl gi war, ausgeschloss huet. Domadder hunn d‘USA och der drëtter Wirtschaftskraaft vun der Welt, also Japan, wirtschaftspolitesch de Mëttelfanger gewisen. D’japanesch Autoritéiten hunn sech dunn engem wäitaus méi zouverlässegem Partner zougewennt: Europa. Verhandlunge mat der EU sinn net manner komplizéiert, et ass een awer wéinstens sécher, datt wann een Accord fonnt ass, deen och Bestand huet.

Elo ass de Sujet „JEFTA“ net nei, ëmmerhi gëtt zanter Mäerz 2013 verhandelt. Allerdéngs huet dësen Accord en enormt Gewiicht. D‘EU ass den drëtten Handelspartner vu Japan, während Japan selwer, mat 127 Milliounen Awunner, nëmmen op déi sechst Plaz, ënnert den EU-Handelspartner kënnt. Dat verdäitlecht wéi wichteg dësen Accord fir béid Säiten ass. A mécht verständlech, datt den Text sech op 99% vum wirtschaftlechen Echange bezitt.

Aus europäescher Siicht, ass et de landwirtschaftleche Secteur deen als grousse Gewënner ervirgeet. Den Zoll ass fir zimlech all Agrar-Produiten opgehuewen an dat an engem wuessende japanesche Maart. Béid Säiten hunn vill Verhandlungsgeschéck missen opbrénge, fir dëse Kompromëss nach virum G20-Sommet ze fannen. Et ware besonnesch d‘Mëllechprodukter, an hei de Kéis, wou Japan huet misse vill Waasser an de Wäi schëdden.

Zougang zur EU fir d‘Automobilindustrie

Wat – wéi et schéngt – fir den Europäer de Kéis ass, ass fir de Japaner den Auto. Am Accord ass deemno festgehalen, datt déi japanesch Automobilindustrie fräien Zougang zum EU-Maart kréien. Allerdéngs eréischt no enger Iwwergangszäit, déi net wäit ewech vun den siwe Joer dierft leien, déi vun den europäesche Konstrukteure gefuerdert ginn ass. De geneeën Text heifir misst an ee puer Méint ficeléiert sinn. D‘Schwieregkeet besteet u sech an den techneschen Detailer an enger ënnerschiddlecher Opfaassung vun der Trennung tëscht „Staat“ an „Investisseur“.

D‘Japaner favoriséieren dann och een éischter klasseschen Arbitrage-System, entgéint deem wat an de meeschten Handelsaccorden op der Welt de Fall ass. D‘Europäer wieren awer frou, wann se hei kéinten een vun de Bierger méi akzeptéierte System aféieren. Ee stännegt Geriicht mat ëffentleche Sëtzunge sollt ee gréisseren Zousproch bei de Géigner vu Fräihandelsaccorde bréngen.

Greenpeace gesäit eng Menace

„Et ass kloer, datt wéi d‘USA hir traditionell Positioun zum Fräihandel verännert huet, dat deenen aneren Opportunitéiten opgemaach huet“, notéiert den Frederik Erixon, Expert vum ECIPE (European Center for International Political Economy) zu Bréissel.

Fir Greenpeace, déi am Virfeld vun dësem Sommet, honnerte Säiten ëffentlech gemaach huet, steet dësen Accord op gläichem Niveau wéi TTIP an CETA. Beklot gëtt virun allem, datt alt nees hannert verschlossen Diere verhandelt an den Demokratesche Prozess net respektéiert gëtt. „Den Accord ‚JEFTA‘ huet ee groussen Afloss op den Alldag vu méi wéi 630 Milliounen europäesch a japanesch Bierger“, bedauert d‘ONG.  Si gesäit heiranner eng „Menace fir eis demokratesch Rechter, Gesondheet an d‘Ëmwelt“.

mam Clément Zampa/AFP

Ähnlech Sujeten EU, Japan, JEFTA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel