Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%
International Neiegkeeten

D’Quot vun den oppene Plazen an der EU klëmmt op 2,2%

Domat läit se e gutt Stéck iwwert den 2%, déi

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser
International Neiegkeeten

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser

Beim klenge „Sommet“ vun de Leader vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun

EU-Ausseminister: Afrika hält nach Erausfuerderunge bereet
International Neiegkeeten

EU-Ausseminister: Afrika hält nach Erausfuerderunge bereet

Den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) huet e Méindeg un der

Jemen: 150 Doudeger bannent 24 Stonnen

Washington, Paräis a London hiewen den Toun

Jemen: 150 Doudeger bannent 24 Stonnen

Déidlech Kämpf hunn e Méindeg den Toun an der Hafestad Hodeida uginn. Hei sinn an de leschte 24 Stonnen, 150 Mënschen an den Ausenanersetzungen ëm d‘Liewe komm. Datt zu engem Ament, wou d‘UNO a westlech Muechten den Drock op d‘Krichsparteien erhéijen, fir e Waffestëllstand erbäizeféieren. Am Jemen si Millioune Mënsche vun enger Hongersnout bedreet.

Befrot zu engem méigleche Waffestëllstand, huet de Spriecher vun der Koalitioun, de saudesche Colonel Turki al-Maliki geäntwert, datt aktuell d‘Operatioun weidergefouert gëtt. D‘Offensiv vun den Zaldote vum Regime an der arabescher Koalitioun, soll Drock op d‘Houthi-Rebellen ausüben, an si un der Verhandlungsdësch zwéngen, esou de Colonel.

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet virun de katastrophale Konsequenze gewarnt, déi eng méiglech Zerstéierung vum Hafe vun Hodeida mat sech bréngt. Dësen Hafen ass d‘Entréesdier vun iwwer dräivéierel vum Wuerenimport an der internationaler humanitärer Hëllef. Dës logistesch wichteg Infrastruktur, muss dem Land dat vun enger Hongersnout bedreet ass, erhale bleiwen

Si leeschten zolidd Widderstand

Laut enger Awunnerin, huet d‘Intensitéit vun de Kämpf géint dem Owend ofgeholl. Am Virfeld sinn op mannst 111 Rebellen, 32 Loyalisten a 7 Zivilisten ëm d‘Liewe komm. Esou zumindest d‘Zuelen, wéi se vun der Militärkoalitioun an de Gesondheetsdéngschter virgeluecht goufen. D‘Rebellen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, hätten zolidd Widderstand geleescht…

Vun der saudesch gefouerter Koalitioun war gewuer ze ginn, datt d‘Houthi-Rebellen, e Virstouss vun de Loyalisten, a Richtung Hafen, zréck gedrängt huet. Iwwerhaapt géif et hinnen ëmmer nees geléngen, de Virmarsch opgehalen oder gebremst kréien. Op der Messagerie „Telegram“ hunn d‘Rebelle bestätegt, regimetrei Truppen an d‘Fall geleet an zréckgeschloen ze hunn.

D‘Koalitioun huet d‘Buedemtruppe massiv aus der Loft ënnerstëtzt. An der Nuecht solle verbrannte Kierper an d‘Militärspidol Al-Alfi ageliwwert gi sinn. Amnesty International bedauert, datt duerch d‘Kämpf, dat medezinescht Personal aus dem Spidol al-Thawra, déi gréisst Infrastruktur zu Hodeida, huet misse flüchten. Dëst Spidol wier, esou Zeienaussoen, massiv bombardéiert ginn.

De „Westen“ huet Awänn

D‘Offensiv vun der arabescher Koalitioun war am Juni lancéiert ginn, huet awer eréischt ab dem 1. November richteg Faart opgeholl. Zanterhier soll et op mannst 594 Affer ginn hunn, dorënner 461 Houthi-Rebellen an 8 Zivilisten. Déi vu Saudiarabien gefouert arabesch Koalitioun, gëtt ëmmer nees beschëllegt Verbriechen ze begoen, an nieft den Europäer, verléieren och d‘USA hir Gedold.

Een nom aneren, hunn den US-Ausseminister, Mike Pompeo, säi briteschen Homolog, Jeremy Hunt an de Fransous, Jean-Yves Le Drian, ënnerstrach, datt elo d‘Zäit fir Verhandlunge komm ass. Bei enger Entrevue mam Krounprënz Mohammed ben Salmane, wëll de Mike Pompeo explizit d‘Enn vun den Hostilitéite a Friddensverhandlunge gefuerdert hunn. Déi amerikanesch Administratioun gëtt vum Kongress schwéier ënner Drock gesat.

Och de briteschen Ausseminister war de Weekend a Saudiarabien. De Jeremy Hunt huet sech mam Kinnek Salmane ënnerhalen, an schéngt enger neier Aktioun am UN-Sécherheetsrot zougedoen, mat där d‘Efforte vum UN-Mediateur am Jemen sollen ënnerstëtzt ginn. De Jeremy Hunt ass du vu Ryad an déi arabesch Emirater geflunn, wou hie mam Krounprënz vun Abu Dhabi, de Cheikh Mohammed ben Zayed al-Nahyane geschwat huet.

Déi international Communautéit

„Déi international Communautéit muss soen datt et duer geet“, esou de franséischen Ausseminister, Jean-Yves Le Drian, deen nach feststellt: „An dësem Krich kann et kee Gewënner ginn. Wann et näischt bréngt, muss domatter opgehale ginn“.

Zu Hodeida kréien sech d‘Houthi-Rebelle géint d‘Koalitioun gewiert. Dat trotz den stännegen Ugrëff aus der Luucht, op mat Kampffliger oder Helikopter. Et sinn hei dann och an éischter Linn d‘Zivilisten déi getraff ginn. Paradox vum Konflikt: bis ewell ass den Hafe vun Hodeida opbliwwen a laut sengem Direkter, Yahya Sharafeddine, gëtt ganz „normal“ geschafft.

Sengersäits, huet de Spriecher vum Welternährungsprogramm (WFP), Hervé Verhoosel, bestätegt, datt déi bewaffent Ausenanersetzungen, bis ewell keen Afloss op seng Operatiounen hat. Trotzdem muss drun erënnert ginn, datt am Jemen 14 Millioune Mënsche vun enger Hongersnout bedreet sinn. Offiziell gëtt vu 10.000 Affer a 56.000 Verletzte geschwat, mee et dierften der vill méi sinn.

mam Khaled Mohammed an dem Natacha Yazbeck/AFP

Foto: D‘Loyalisten hunn sech eng „Entrée“ an Hodeida erkämpft. D‘Houthi-Rebelle leeschten trotz de massive Loftschléi vun der arabescher Koalitioun zolidd Widderstand. © Khaled Ziad/AFP

Ähnlech Sujeten Hodeida, Hongersnout, Houthi, Jemen, Saudiarabien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel