Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!
International Neiegkeeten

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!

Déi verschidde Baueren aus der Gemeng Käerjeng hunn elo ee

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert
International Neiegkeeten

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert

Wéi Greenpeace Lëtzebuerg et haut erkläert huet, géif déi Europäesch

„We are Equal“: D‘Stereotyppen iwwerwannen
International Neiegkeeten

„We are Equal“: D‘Stereotyppen iwwerwannen

Et gëtt Mesuren déi Noutwenneg sinn an engem Awer ze

UN: „Mir verléieren am Jemen de Kampf géint d‘Hongersnout“

UN: „Mir verléieren am Jemen de Kampf géint d‘Hongersnout“

Déi Verreenten Natiounen (UN) sinn derbäi de Kampf géint d‘Hongersnout am Jemen ze verléieren, esou de Mark Lowcock, Adjoint vum Generalsekretär fir humanitär Ugeleeënheeten, géintiwwer dem UN-Sécherheetsrot dëse Freideg.

„D‘Situatioun ass denkbar schlecht. Mir verléieren eise Kampf géint d‘Hongersnout, an d‘Lag huet sech an de leschte Wochen alarméierend verschlechtert“, esou d‘Deklaratioun. Virun zwee Deeg huet d‘ONG „Save the Children“ drop opmierksam gemaach, datt iwwer fënnef Millioune Kanner am Jemen bedreet sinn ze erhéngeren.

„Mi sinn derbäi e Punkt ze erreechen op deem et keen zeréck gëtt. Wann deen iwwerschratt ass, ass et net méi méiglech de Verloscht vu Mënscheliewen, bei enger generaliséierter Hongersnout ze verhënneren“, insistéiert den héijen UN-Verantwortlechen, bei der Drénglechkeetssëtzung vum UN-Sécherheetsrot, déi vu Groussbritannien aberuff ginn ass.

Hodeida: strategesch „relevant“

Déi jemenitesch Regierung, déi zanter 2015 vun enger arabescher Koalitioun ënnert der Leedung vu Saudiarabien ënnerstëtzt gëtt, bekämpft d‘Houthi-Rebellen, déi mat Hëllef vum Iran, den Norde vum Land an hir Kontroll bruecht hunn. Säit Mäerz 2015, si bei dësem Konflikt 10.000 Mënschen ëm d‘Liewe komm, déi meescht dovunner Zivilisten. 65.000 Mënschen si Verwonnt ginn. D‘Land ass nieft der Hongersnout, elo och nach vun enger drëtter Cholera-Epidemie bedreet.

Mat enger neier Offensiv, déi e Méindeg vun de Regierungstruppe géint d‘Hafestad Hodeida ugefaangen huet, ass den Zougang fir humanitär Hëllef verspaart. D‘Offensiv huet schonn, esou d‘Meenung vun Experten, en direkten ekonomeschen Impakt op d‘Zivilbevëlkerung. Den Hafe vun Hodeida ass opgrond senger strategescher Lag, eng Schlësselpositioun fir d‘Regierungstruppen.

Keng Récksiicht op Verloschter?

Am Jemen spillt sech den Ament déi gréissten humanitär Kris vun der Welt of. „Iwwer 22 Millioune Mënsche sinn direkt op Hëllef ugewisen. Dovunner 18 Milliounen, déi kaum oder keen Zougang zu Liewensmëttel hunn. 8 Millioune wëssen net méi op oder wéini si nach eppes z‘Iessen erhalen. Déi brauchen dréngend humanitär Hëllef fir ze iwwerliewen“, esou de Mark Lowcock.

„Fir de kompletten Zesummebroch ze verhënneren, an d‘Liewe vu Millioune Mënschen ze erhalen, muss de Sécherheetsrot politesch Verhandlungen ënnerstëtzen, an direkt Moossnamen ergräife fir d‘Wirtschaft ze stabiliséieren“, esou d‘Fuerderung vum UN-Verantwortlechen. De Sécherheetsrot „muss och d‘Acteure vum Konflikt derzou bréngen, den Accès zu de bedreetste Mënschen, iwwert d‘Häfen an Haaptstroossen, ze erlaben. Et soll och eng Loftbréck organiséiert ginn, fir medezinesch Evakuatiounen ze erméiglechen“, esou de Marc Lowcock.

mat AFP

Foto: Schockéirend Realitéit: e jemenitescht Kand, sichtlech duerch Ënnerernierung geschwächt, läit am Bett vun engem Spidol zu Abs, an der nordwestlecher Provënz Hajjah. D‘Bild gouf den 19. September opgeholl, an ass keen Eenzelfall. Duerch de Konflikt, kann net emol nei d‘UN humanitär Hëllef op d‘Plaz bréngen. D‘ONG „Save the Children“ gesäit op d‘mannst 5 Millioune Kanner, als direkt vun der Hongersnout bedreet. © Essa Ahmed/AFP

Ähnlech Sujeten Hongersnout, Houthi, Iran, Jemen, Saudiarabien, UN
Nächsten Artikel Virrechten Artikel