Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or
International Neiegkeeten

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet

What the Fakt – Virun 214 Joer kréint den Napoléon sech selwer
International Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 214 Joer kréint den Napoléon sech selwer

A Presence vum Poopst Pius VII. gëtt den Napoléon Bonaparte

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen
International Neiegkeeten

Analys: Wann d‘Gewerkschaften de fundamental Unterrecht a Fro stellen

Um Samschdeg haten d‘Gewerkschafte SEW (OGBL), de Landesverband (FNCTTFEL) an

Jemen: Nei Menace statt Friddensgespréicher?

Regierung dréit mat eng militärescher Optioun wann d‘Rebellen den Hafe vun Hodeida net verloossen

Jemen: Nei Menace statt Friddensgespréicher?

Déi jemenitesch Regierung huet e Freideg domatter gedreet, sollten d‘Houthi-Rebellen sech net spontan a fräiwëlleg aus dem Hafe vun Hodeida verschwannen, et zu enger militärescher Offensiv komme wäert, mat där den Hafe soll befreit ginn.

En drolegem Ament fir esou eng Menace, wou sech béid Konfliktparteien – d‘Regierungstruppen déi vun der arabescher Koalitioun ënnert der Leedung vu Saudiarabien, an d‘Houthi-Rebellen, déi vun der islamescher Republik Iran ënnerstëtzt ginn – treffen sech fir d‘éischt zanter 2016, fir et nees mam „Dialog“ ze versichen, an esou méiglecherweis de Konflikt bäizeleeën.

Offiziell gëtt et keng Konditioune fir dës „Consultatiounen“, déi eigentlech, nodeems et am Laf vun der Woch zur Ënnerschrëft vun engem Accord komm ass, deen den Austausch vun dausende Krichsgefaangene virgesäit. Wéi et bei esou Virverhandlungen Usus ass, dréit all Säit domatter den Dialog ofzebriechen, wann hir respektiv Fuerderungen net erfëllt ginn.

Déi strategesch Hotspots

Déi jemenitesch Regierung verlaangt ënnert anerem, datt sech d‘Rebellen integral aus dem Hafe vun Hodeida zréckzéien, deen si zanter 2014 an hir Kontroll bruecht hunn. Géintiwwer de Medien huet de jemenitesche Landwirtschaftsminister erkläert: „Mir si grad a Verhandlungen, als Äntwert op d‘Appeller vun der internationaler Communautéit, der UNO an dem UN-Mediateur“.

„Mir ënnersiche weider déi verschidde Méiglechkeeten déi zu engem Fridde féiere kënnen. Mee déi Houthi-Rebelle kooperéieren net op konstruktiv Aart a Weis. Mir hunn e sëllechen Optiounen, och eng militäresch“, esou den Othman al-Moujalli.

Op där aner Säit stinn d‘Houthi-Rebellen, déi och eng Rei Fuerderungen hunn. Esou verlaangen si datt de Fluchhafe vun der Haaptstad Sanaa – deen si och zanter 2014 ënner Kontroll hunn – nees fir den ziville Fluchverkéier zougänglech gemaach gëtt. Géif een deem net nokommen, wier e bereet de Fluchhafen och fir Fligere vun de Vereenten Natiounen zoumaachen.

„Mir stinn enger Reouverture vum Fluchhafe favorabel géinteniwwer (…) d‘Jemenite sollten och d‘Recht hunn iwwerall an der Welt ze reesen“ huet e Freideg den Abdulaziz Jabari, e Beroder vum President, deklaréiert, a füügt bäi: „Mir mussen eis awer doriwwer eens ginn, wien d‘Gestioun vum Fluchhafen iwwerhëlt“.

De Fluchhafe vu Sanaa war fir den internationale Fluchverkéier gespaart ginn, nodeems 2015 déi militäresch Interventioun vun der arabescher Koalitioun ugefaangen huet. Déi saudesch Loftwaff hat séier d‘Kontroll iwwert de jemenitesche Loftraum iwwerholl.

Säit elo Donneschdeg gëtt a Schweden, ënnert der Mediatioun vum briteschen UN-Gesandte Martin Griffiths, nees matenaner geschwat. De Representant vun de Vereenten Natioune begréisst déi eenzegaarteg „Opportunitéit“ déi vun alle genotzt gëtt, an eng reell Chance ass fir béid Lager nees op de Wee vum Fridden ze begleeden. Während deem erhéngere Millioune Kanner

mat AFP

Foto: Déi schwedesch Ausseministesch Margot Wallström an den UN-Mediateur Martin Griffiths, hunn am Schlass vu Johannesberg zu Rimbo, d‘Gespréicher tëscht der jemenitescher Regierung an den Houthi-Rebelle begréisst, a kleng Fortschrëtter erkannt. Mat déi jeeweileg Fuerderunge vu béide Konfliktparteien, mussen nach an Aklang bruecht ginn. © Stina Stjenrkvist/TT News Agency/AFP

 

Ähnlech Sujeten Friddensverhandlungen, Hodeida, Hongersnout, Houthi, Jemen, Krich, Martin Griffiths, Sanaa, Schweden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel