Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!
san antonio free dating sites dating range rule

phone swap dating show charlie

Et ass ewell déi 8. Editioun vu Fit4Start säit dësen

https://moien.lu/dating-with-grey-hair/
san antonio free dating sites dating range rule

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro

Den Austrëtt aus der EU vu Groussbritannien, deen sech als

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?
san antonio free dating sites dating range rule

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?

Während d‘Majoritéit vun den Observateuren déi oppositionell „Pheu Thai“ Partei

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg

En Dënschdeg huet den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis d‘Krichsparteien am Jemen opgeruff d‘Kampfhandlungen anzestellen, a bannent 30 Deeg Friddensverhandlungen opzehuelen.

Bei enger Konferenz zu Washington, huet den Jim Mattis deklaréiert: „Mir geséiche gären all Mënsch um de Verhandlungsdësch, op der Grondlag vun engem Waffestëllstand. (…) Mir mussen dat bannent 30 Deeg hikréien, an ech mengen, datt esouwuel Saudiarabien wéi och d‘Vereenten Emirater bereet dofir sinn“.

De Jim Mattis hat e puer arabesch Staatscheffen am Kader vum „Dialog vu Manama“, enger Sécherheetskonferenz déi all Joer zu Bahrain stattfënnt, gesinn an d‘Situatioun besprach. A wéi d‘Amerikaner esou sinn, huet den US-Verdeedegungsminister natierlech och eng Meenung zum Verhandlungsoflaf.

Schwiereg Viraussetzungen

Esou soll de Waffestëllstand um Réckzuch vun den Houthi-Rebelle vun der Grenz mat Saudiarabien opgebaut ginn. Da sollen d‘Bombardementer an d‘Loftschléi vun der arabescher Koalitioun, déi vu Saudiarabien ugefouert an vun den USA ënnerstëtzt gëtt, agestallt ginn.

Wann d‘Kampfhandlungen agestallt ginn, kann den Entsandte vun der UNO fir de Jemen, de Brit Martin Griffiths, déi verschidde Krichsparteien a Schweden zesummebréngen, esou den Jim Mattis, deen allerdéngs keng Detailer zum Uert wou d‘Verhandlunge solle stattfannen, verluer huet, an och net preziséiere konnt, wien d‘Entrevue soll organiséieren.

De Martin Griffiths hat schonn am September de Versuch gemaach, d’Krichsparteien op Genève ze huelen, mee d‘Houthi-Rebellen haten sech vun dësem Sommet ewechgehalen.

Kee Vertrauen an d‘USA

Am Jemen stinn sech pro-Regierungstruppen an d‘Houthi-Rebelle géinteniwwer. Déi éischt gi vun der arabescher Koalitioun ënnerstëtzt, déi erëm vun den Amerikaner mat allem erdenkleche Krichsgeschir ausstafféiert ginn. D‘Géigesäit gëtt vum Iran a méiglecherweis vu Russland gestëtzt.

Während dem Biergerkrich haten sech d‘Houthi-Rebellen tëscht 2014 an 2015 grouss Deeler vum Land ënnert de Nol gerappt, dorënner d‘Haaptstad Sanaa. Am Mäerz 2015 huet eng Koalitioun, ënnert der Leedung vu Ryad, Partei fir de Regime ergraff, a sech an d‘Kampfhandlungen abruecht.

Wou den Honger zur Waff gëtt

Laut de Vereenten Natiounen, soll de Konflikt bis ewell 10.000 Affer gefuerdert hunn. Zudeem ass de Jemen vun der gréisster, jee vum Mënsch provozéierter Hongersnout bedreet. Direkt dovunner bedreet: 14 Millioune Mënschen, wéi et de Mark Lowcock ëmmer erëm dem UN-Sécherheetsrot erkläert.

Doriwwer eraus, gëtt Saudiarabien widderholl beschëllegt Krichsverbriechen ze begoen, wouduerch honnerten Zivilisten, Fraen a besonnesch Kanner zu Schued komm sinn. Déi amerikanesch Arméi leescht de saudeschen Truppen „Hëllef“. Dat notamment fir Ziler auszemaachen, déi da vun der saudescher Loftwaff ugegraff ginn. Och d‘Geheimdéngschter kooperéieren.

mat AFP

Foto: Et muss erlaabt sinn sech ze froen, op méiglech Friddensverhandlungen tëscht de jemenitesche Krichsparteien dem hei 10 järege Ghazi Ali bin Ali nach d‘Liewe rette kënnen. Dëse Bouf ass nëmmen ee vun dausende Beispiller, wat de Konflikt mat sech bruecht huet. Wat nach méi dréngend wéi Friddensverhandlunge gefuerdert ass: Waffestëllstand an humanitär Hëllef. © Ahmad al-Basha/AFP

Ähnlech Sujeten Biergerkrich, Friddensverhandlungen, Hongersnout, Jemen, Jim Mattis, Mark Lowcock, Martin Griffith, Saudiarabien, UNO, USA, Waffestëllstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel