Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet
International Neiegkeeten

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet

Vun de Flamen an hire Gefier gefaangen: op mannst fënnef

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…
International Neiegkeeten

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…

Am Prisong zu Schraasseg ramouert et, d‘Prisonéier sinn onzefridde well

money
Kalifornien: Gudde start an d‘neit Joer mat legalem Cannabis
International Neiegkeeten

Kalifornien: Gudde start an d‘neit Joer mat legalem Cannabis

„Mir sinn ganz opgereegt an och ee bësschen nervös. Et

Jemen: Kampf ëm Hodeida

Jemen: Kampf ëm Hodeida

E Freideg waren d‘Kämpf an der Hafestad Hodeida (Weste vum Jemen) besonnesch mäerderesch. D‘Houthi-Rebellen hunn de Regierungstruppen alles entgéintgestallt wat méiglech war, an esou de Virstouss opgehale kritt.

Hodeida ass d‘Aganksdier vun dräivéierel vun den Importer an der internationaler Hëllef, an e Land datt vun de gréisster – vu Mënschenhand provozéierter – Hongersnout bedreet ass. Mee zanter 2014 hunn d‘Houthi-Rebellen d‘Hafestad ënner Kontroll. Déi regimetrei Truppe vum President Abd Rabbo Mansour Hadi, ënnerstëtzt vun der arabescher Koalitioun ënner saudeschem Kommando, versiche säit Juni d‘Stad nees zréckzëerueweren.

Um Donneschdeg sinn déi loyalistesch Truppen, ënnerstëtzt duerch Loftschléi vun der saudescher Loftwaff, eng éischte Kéier an Hodeida erakomm. Si konnten e puer Kilometer déif, iwwert de Süden an den Osten an d‘Stad andréngen, a versichen sech a Richtung Hafen duerchzeschloen. Fir dat ze verhënneren, hunn d‘Houthi-Rebellen hir Géigeschléi verstäerkt, fir den Duerchbroch vun de Ugräifer ze ënnerbannen. D‘Ausmooss vun de Kämpf ass beandrockend.

Laut dem Etat-Major pro-Regime, féieren d‘Rebellen intensiv Ugrëff op d‘Positiounen, déi vun de loyalisteschen Truppen ageholl goufen, duerch. Dës Ugrëff gi massiv duerch Artilleriebeschoss gedroen. Säitens den Houthi heescht et, datt d‘Weeër fir de Ravitaillement an véier Secteure vun der Provënz Hodeida, ausserhalb der Stad, konnten ofgeschnidde ginn. D‘Houthi-Rebellen hu Grief ugeluecht, Minnen op de Stroossen ausgeluecht a Sniper op den Haiser placéiert.

Et geet nëmme lues weider

Trotz dem Widderstand vun de Rebellen, ass et de loyalisteschen Truppe gelonge weider – iwwert den Osten – an d‘Stad anzedréngen. Wéi de Korrespondent vun der AFP erkläert, geet de Virstouss nëmme lues weider. D‘Truppe verbarrikadéiere sech hanner Container, versiche mat schwéier bewaffente Gefierer, mee och ze Fouss, duerch d‘Stroosse vun der Stad hirem Zil méi no ze kommen. Dat ganzt matten am Feier vu Mitrailletten an Explosiounen…

An de Kämpf wieren déi lescht 24 Stonne bis zu 110 Rebelle gefall, op Regierungssäit soll et 22 Affer ginn. Dësen neie Bilan erhéicht d‘Zuel vun den Doudegen (op béide Säiten) op 382, zanter dem 1. November, wou d‘Schluecht ëm Hodeida ugefaangen huet. Laut IHS Markit sollt et an den nächsten Deeg zu enger grousser Schluecht am den Hafe vun Hodeida kommen. Et gëtt gefaart, datt sollten d‘Rebellen sech zréckzéien, et zur Sabotage vun den Infrastrukture kënnt.

D‘Experte vun IHS Markit mengen och: „Saudiarabien an déi vereenten Emirater sinn iwwerzeegt, datt et noutwenneg ass Hodeida anzehuelen, iert et zu Verhandlunge mat den Houthi-Rebelle ka kommen. D‘Kontroll iwwer Hodeida, géif der Regierung e gréissert politescht Gewiicht um Verhandlungsdësch ginn“. Allerdéngs hunn d‘Houthi-Rebellen – déi vum Iran ënnerstëtzt ginn – säit 2015 grouss Territoiren am Norden an dem Zentrum, wéi och d‘Haaptstad vum Jemen ageholl.

Ass eng politesch Léisung méiglech?

An dësem Konflikt sinn, esou d‘Vereenten Natiounen, schonn iwwer 10.000 Mënschen ëmkomm, an dat wat sech emol als Biergerkrich ugekënnegt huet, féiert elo zur gréisster vu Mënschenhand provozéierter Hongersnout.

D‘Offensiv op Hodeida war am Juli ofgebrach ginn, fir dem UN-Mediateur eng „Chance“ ze ginn, tëscht de rivaliséierende Parteien ze vermëttelen. Eng Vermëttlung déi am September gescheitert ass, a wourop d‘Koalitioun ugekënnegt huet, d‘Ugrëff op Hodeida nees ze verstäerken. Mee de Kampf ëm Hodeida bedreet d‘Friddensbeméiunge vun den USA an der UNO, déi sech erhoffen nach bis zum Joresenn, d‘Vertrieder vu béide Säiten zu Gespréicher ze encouragéieren.

Fir d‘ONGen déi am Jemen alles dru setzen d‘Hongersnout ze bekämpfen, ass d‘Situatioun extrem bedenklech. Zu Hodeida huet de Coordinateur vun der ONG „Islamic Relief“, Salem Jaffer Baobaid d‘Middegkeet an d‘Angscht vu den Awunner beschriwwen. „D‘Leit froen no Liewensmëttel, mee wat mir och maachen, keng ONG ass ausgerëscht fir eng ganz Natioun ze ernieren“, esou de Salem Jaffer Baobaid, deen sech méi Ënnerstëtzung vun den USA erhofft.

D‘USA net méi direkt implizéiert

E Freideg huet d‘Washington Post eng Informatioun verëffentlecht, laut där d‘USA – ënnert dem Drock vun demokrateschen a republikanesche Parlamentarier – entscheet hätten, de Ravitaillement vun de Kampffliger vun der arabescher Koalitioun anzestellen. Déi saudesch Presseagence SPA, huet matgedeelt, datt et d‘Koalitioun ass, déi d‘USA gefrot soll hunn, mam Ravitaillement opzehalen: „d‘Koalitioun wëll sech professionaliséieren a militäresch autonom ginn“.

Fir de norwegesche Rot vun de Refugiéeën (NRC): „et besteet e grousse Risk, datt méi Ugrëff, aus der Loft oder um Buedem, déi lescht Zougangsweeër fir de Ravitaillement mat Liewensmëttel, Medikamenter a Bensin ofschneiden. Domatter géifen eng 20 Millioune Jemenitten, déi op d‘Wueren, déi duerch Hodeida transitéieren ugewise sinn, net emol méi dat noutwennegst erhalen.

Amnesty International, huet sengersäits d‘Loftschléi vun der Koalitioun veruerteelt, an d‘Houthi-Rebelle beschëllegt, Kämpfer op den Diecher vun de Spidäler ze placéieren, an esou déi blesséiert Zivilisten zum Zil vun den Attacke maachen. Zu Istanbul, huet eng Konferenz, ënnert dem Virsëtz vum jemeniteschen Nobelpräisdréierin, Tawakkol Karman, d‘UNO opgeruff sech eeschthaft ze beméien de Konflikt ze beendegen, an e Geriicht anzeberuffe fir d‘Krichsverbriechen opzeklären.

mam Khaled Mohammed/AFP

Foto: Regierungstrei Kämpfer an de Stroosse vun Hodeida. © Stringer/AFP

Ähnlech Sujeten Hodeida, Hongersnout, Houthi, Iran, Jemen, Saudiarabien, UNO, Vereenten Emirater
Nächsten Artikel Virrechten Artikel