Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA offizialiséieren Austrëtt aus Paräisser Klimaofkommes
highschool hook up games Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-show-applications/

Nodeems den Donald Trump am Juni 2017 dëse Schratt ugekënnegt

https://moien.lu/how-much-does-dating-cost/
highschool hook up games Neiegkeeten

Food For Your Senses – e Festival fir d’Sënner

De Weekend vum 4. bis de 6. August war um Kierchbierg

Naturparkfest zu Housen
highschool hook up games Neiegkeeten

Naturparkfest zu Housen

Wéi all Joer, esou och 2019: de Naturpark Our an

Jemen: eng Senatrice erhieft schwéier Virwërf géint den US-Ausseminister

Jemen: eng Senatrice erhieft schwéier Virwërf géint den US-Ausseminister

En Donneschdeg huet eng demokratesch Senatrice den US-Ausseminister, Mike Pompeo, beschëllegt d‘Gesetz gebrach ze hunn, an deem hien zertifiéiert huet, datt Saudiarabien „manifest Mesuren“ geholl huet, fir d‘Liewe vun den Zivilisten am Jemen ze verschounen.

De Mike Pompeo hat dës „Zertifikatioun“ déi lescht Woch ausgestallt, am Bezuch op d‘Roll déi Saudiarabien an déi Vereenegt Arabesch Emirater, verbonnen an der Koalitioun, déi säit 2015 militäresch am Jemen, géint déi vum Iran ënnerstëtzten Houthi-Rebelle virginn.

E Gesetz imposéiert der Administratioun esou eng Zertifikatioun am Kongress, fir de logistesche Support fir béid arabesch Länner oprecht ze erhalen. D‘Entscheedung vum Mike Pompeo war, kaum dat se bekannt gouf, vun enger Partie Parlamentarier an ONGe kontestéiert ginn.

Den US-Ausseminister huet seng Zertifikatioun nëmme knapps e Mount, nodeems eng Loftattack vun der Koalitioun, fir 40 Kanner déidlech verlaf ass. En engem UN-Bericht Enn August, sinn der saudescher Koalitioun Krichsverbriechen nogesot ginn. Dat hat Ryad direkt zréckgewisen.

Net Vertrauenswierdeg

A sengem Bericht un der Kongress, hat de Mike Pompeo dann och net bestridden, datt et duerch d‘Operatioune vun der Koalitioun, ënnert der Leedung vu Saudiarabien, e vill ze héije Verloscht ënnert der Zivilbevëlkerung gëtt.

De Wall Street Journal huet um Donneschdeg, op der Basis vun engem vertraulechen interne Memo an engem Artikel drop higewisen, dat verschidde Servicer vum Ausseministère, dem Mike Pompeo ofgeroden haten, déi „gutt Féierung“ vu Saudiarabien ze zertifiéieren.

Hien hätt jo dës Zertifikatioun net missen ausstellen, an sech awer op d‘Bäibehale vum logistesche Support fir d‘Koalitioun am Jemen behaapte kënnen. Dofir hätt den US-Ausseminister nëmme bréichten unzeféieren, datt d‘Beliwwere mat Waffen, aus nationale Sécherheetsinteresse geschitt.

D‘Oppositioun hat opgepasst

„Et ass kloer, datt dës Zertifikatioun scho „Bedruch“ war, wéi se ugekënnegt ginn ass, an d‘Informatiounen zu dësem interne Memo bestätegen, datt d‘Administratioun bewosst géint d‘Gesetz verstouss huet“, esou d‘Senatrice Jeanne Shaheen, déi zesumme mat engem republikanesche Parlamentarier dës legislativ Dispositioun ausgeschafft hat.

„Déi blann Loftschléi vun der Koalitioun ënner saudeschem Commandement, kaschte vill zivil Liewen, an elo ass den Zäitpunkt erreecht, wou si fir hir Akte muss riicht stoen“, esou d‘Jeanne Shaheen an engem Communiqué. Si fuerdert vun der Regierung d‘Ausstelle vun enger Zertifikatioun, déi de Fakten um Terrain entsprécht.

mat AFP

Foto: Jemenitesch Kanner hate schonn den 12. August an der Haaptstad Sanaa, géint d‘Ermordung vun 12 Schüler duerch d‘Koalitioun protestéiert. Bei Saada, war e Schoulbus aus der Loft ugegraff ginn. © Mohammed Huwais/AFP

Ähnlech Sujeten Houthi, Iran, Jemen, Krichsverbriechen, Mike Pompeo, Saudiarabien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel