Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Neies aus dem Automobilsecteur
International kang sora dating rumors

https://moien.lu/online-dating-first-message-questions/

Hëlt ee sech de leschten Zuelen un, déi vu STATEC

https://moien.lu/dating-my-brothers-best-friend/
totally free ukrainian dating
International kang sora dating rumors

Editorial: Wann een net méi mat mécht

Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy
International kang sora dating rumors

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy

Gutt en halleft Joerhonnert no senger Grënnung huet déi legendär

Jemen vu gréisster jee provozéierter Hongersnout bedreet

Jemen vu gréisster jee provozéierter Hongersnout bedreet

„Am Jemen ass d‘Gefor vun enger Hongersnout, an engem Ausmooss wéi se d‘Welt nach ni kannt huet, imminent“, esou en Dënschdeg de Mark Lowcock, Adjoint vum UN-Generalsekretär fir humanitär Ugeleeënheeten. Hie geet dovunner aus, datt hei 14 Millioune Mënschen direkt betraff sinn.

Eng Hongersnout déi net dem Klimawandel oder enger schlechter Recolte geschëlt ass, mee vu Mënschenhand erzwonge gëtt. Den Honger als „Waff“ an engem Konflikt, dee vun de Vertrieder vun de Groussmuechte längst aus sengem urspréngleche Kontext gerappt ginn ass.

Dofir verlaangt den UN-Responsabel „en humanitäre Waffestëllstand“ op mannst ronderëm den Infrastrukturen an Installatiounen, déi sech un der Liewensmëttelverdeelung bedeelegen. Och d‘Häfen, déi fir eng Zouliwwerung noutwenneg sinn, sollen „aus dem Konflikt geholl ginn“.

Et interesséiert awer keen

Et ass dann och net dem Mark Lowcock seng éischt Interventioun virum UN-Sécherheetsrot, deen op Ufro vu Groussbritannien siegéiert huet. Hien denoncéiert: „All d‘Parteien an dësem Konflikt, verstousse wëssentlech géint internationaalt humanitär Recht, duerch d‘Besetzung vun Entrepote wou Liewensmëttel stockéiert ginn, an geziilten Ugrëff op Spidoler“.

Zanter der leschter „Warnung“ vun de Vereenten Natiounen am September, huet sech d‘Situatioun weider verschlechtert. An awer gëtt et der (am UN-Sécherheetsrot) déi him ënnerstellen all Mount déiselwecht Argumenter ze widderhuelen. De Wëlle vun der internationaler Communautéit, hei de Mënschen ze hëllefen, ass schlicht an ergräifend inexistent, de Konflikt net vun de Medie beuecht.

Esou kann de Mark Lowcock ëmmer nees drop hiweisen, datt mat all Woch déi vergeet, ëmmer méi Mënsche vun dëser Hongersnout bedreet sinn, wann et keen interesséiert kann och näischt ënnerholl ginn. D‘Zuel vun de Mënschen déi bedreet sinn, ass vun 11 op 14 Millioune gestigen.

U wat erkennt eng Hongersnout?

De Mark Lowcock huet, wahrscheinlech wëll sech kee méi wëll erënneren, de Membere vum UN-Sécherheetsrot nach emol erkläert, u wat een eng Hongersnout festmécht, an dat sinn dräi Kritären.

  • Wann ee Menage vu fënnef keen Zougank zu Liewensmëttel huet;
  • iwwer 30% vun de Kanner ënner fënnef Joer, ënnererniert sinn;
  • an op mannst 2 vun 10.000 Awunner all Dag wéinst Honger stierwen.

Elo muss nach kloergestallt ginn, datt et mat engem „humanitäre Waffestëllstand“ eleng net gedoen ass. Den „Approvisionnement“ muss geschützt a kontrolléiert ginn an d‘Zentralbank sollt der Wirtschaft ënnert d‘Äerm gräifen (wat am Konflikt allerdéngs just e Wonschdenken ass). Zudeem soll déi humanitär Hëllef verstäerkt ginn, an d‘Krichsparteien sech fir eng politesch Léisung vum Konflikt asetzen. An dësem Fall missten sech den Iran a Saudiarabien dozou entschléissen…

Deenen „Aneren“ hire Krich

De Konflikt am Jemen, deen emol als „Biergerkrich“ tëscht den Houthi-Rebellen an der Regierung 2015 ugefaangen huet, ass an Tëschenzäit zum Stellvertriederkrich ausgeaart. Laut der UNO, stinn sech hei den Iran (Russland) a Saudiarabien (USA) géinteniwwer.

D‘Rebelle kontrolléieren de wichtegsten Hafen: Hodeida, an d‘Haaptstad Sanaa. Déi „arabesch Koalitioun“ ënnert der Leedung vu Saudiarabien, ënnerstëtzt déi zu Aden verschanzt Regierung. Laut UNO wieren an dësem Konflikt 10.000 Mënsche gestuerwen. Eng Zuel déi dat tatsächlecht Leed am Jemen esou net hiergëtt. Mee bon… wann et souwisou keen interesséiert.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Hongersnout, Houthi, Iran, Jemen, Saudiarabien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel