Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

COP24: En onbeschreiflecht Trauerspill
International Kultur Neiegkeeten Stories

COP24: En onbeschreiflecht Trauerspill

Eigentlech sollt déi 24. UN-Klimakonferenz (COP24) e Freideg mat enger

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…

Et wierkt wéi eng Ironie vum Schicksal, datt direkt zwee

Den Tour de France 2017: Eng Analyse
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den Tour de France 2017: Eng Analyse

Als Klassiker ënnert de Klassiker schreift den Tour de France

D’Jenny Pinto um Catwalk vun Top Model Europe

Mat jonke 16 Joer steet d'Model an der Final vum Concours

D’Jenny Pinto um Catwalk vun Top Model Europe

Mat vill Spontanitéit huet hatt sech am Concours ageschriwwen, mëttlerweil steet d’Jenny Pinto souguer an der Final vun Top Model Europe! Dëse Weekend steet déi grouss Entscheedung un, woubäi dat jonkt Model zu Bréissel säin Talent ënnert Beweis stelle wäert.

Schonn als klengt Kand war et dem Jenny säin Dram, fir um Catwalk mat anere Schéinheeten dierfe matzelafen, an awer och virun der Kamera sech presentéieren ze kënnen. Mat der däitscher Sendung, bei der d’Heidi Klum all Joer een neit Topmodel sicht, ass d’Inspiratioun vum jonke Meedchen nach méi grouss ginn. Schlussendlech konnt hatt sech duerchsetzen a sengem Dram ee Stéck méi no kommen.

Sou huet hatt et sech net entgoe gelooss bei Top Model Belgium a Beauty’n’Models matzemaachen. A wat soll ee soen – d’Jenny huet déi zwee Concourse gewonnen! Elo gëllt et dann den drëtte Concours unzepaken a sech kommende Samschdeg géint déi aner Modelen, déi aus ganz Europa kommen, duerchzesetzen.

Spontanitéit zielt sech aus

Just een Dag virum Casting huet dat jonkt Model op Facebook d’Annonce vun Top Model Europe gesinn. Aus Spaass huet hatt sech deemools einfach ageschriwwen a schonn no e puer Minutte koum d’Äntwert, datt hat sech Hotel Hilton an der Stad presentéieren dierft. Trotz der grousser Opreegung huet d’Jenny alleguerten d’Aufgabe mat Bravour gepackt, sou datt hatt no gutt zwou Wochen d’Äntwert krut eng Ronn weider ze sinn.

Bei der grousser Konkurrenz, hat d’Jenny, eleng scho well hatt dat Jéngst ass, net domat gerechent eng positiv Äntwert ze kréien. Ëmsou méi frou war dat jonkt Model, datt hatt elo un den 2 Formatiounen zu Lëtzebuerg duerft deelhuelen an bei der Hallef-Final zu Bréissel duerft mat dobäi sinn. Och hei schéngt hatt nees vollkommen iwwerzeegt ze hunn, wouduerch d’Meedche mat portugiseschen a Kapverdianesche Wuerzelen sech elo bis an d’Final duerchsetze konnt. Hei wäert d’Jenny mat enger Robe de Soirée an engem Outfit vun engem Designer um Catwalk säin Talent ënnert Beweis stelle mussen.

Jenny Pinto

© Jenny Pinto

Mat Disziplin a Spaass am Business

Natierlech kann ee sech elo d’Fro stellen, op esou ee jonkt Meedchen net vill méi ufälleg ass fir negativ Kritik an den enorme Schéinheetswahn. Mee och hei weist d’Meedche mat de bloen Aen sech extrem selbstbewosst. „Wat ech net gutt fanne bei de Walen ass, datt d’Leit sech ze vill drop fixéieren ze gewannen. Meng Meenung ass, datt och wann een net gewënnt, war et eng schéin Aventure an et kann ee vill nei Leit kenne léieren“. Och wat Thema Magersucht an der Branche betrëtt huet d’Jenny eng ganz kloer Meenung. Zum enge well hatt op seng Gesondheet oppassen an zum anere fënnt hatt och, datt e bësse méi mockeleg Fraen op Fotoe vill méi uspriechend sinn, wéi déi Meedercher, déi just nach aus Schanke bestinn. An dës Usiicht vertrëtt hatt och mat engem decken Ausruffzeechen!

Bei senger Leidenschaft gëtt d’Jenny vun alle Säiten ënnerstëtzt. Eng Persoun, déi dem Meedchen enorm vill Motivatioun schenkt ass seng Mamm, déi d’Freed vun hirer Duerschter vollkomme verstoe kann an him ëmmer zur Säit steet. Si selwer kann d’Begeeschterung natierlech novollzéien, doduerch datt si selwer de Concours Miss Sporting gewonnen huet. Och dem Jenny Pinto säi Brudder konnt bei engem Concours schonn déi éischt Plaz beleeën. Do schéngt d’Schéinheet wuel an der Famill ze leien!

Bei der ganzer Ambitioun fir d’Modele verléiert hatt ni den Eescht vum Liewen aus den Aen. Esou schafft d’Model drun,datt nieft sengem Hobby d’Schoul net ze kuerz kënnt. Wärend der Woch konzentréiert d’Jenny sech haaptsächlech op ee konsequenten Oflaf beim Léieren, Weekends kann dann nees d’Konzentratioun op den Hobby faalen.

Dobäi ass et him och immens wichteg, fir ee gudden Ofschloss ze kréien an spéider eppes an der Hand ze hunn. Dat grousst Ziel wier et natierlech als Model grouss eraus ze kommen. Mat sengem Virbild-Charakter wéilt hat sech och an Zukunft gären dofir asetzen, datt jiddwereen sech a sengem Kierper wuel fille a seng Dreem net aus den Ae verléiere soll. Egal ob grouss oder kleng, dënn oder mockeleg, déi richteg Schéinheet kennt vu bannen a sou sollt een ni vergiessen, sech och selwer gären ze hunn.

Wien elo méi zum Jenny wësse well sollt onbedingt emol op Facebook oder Instagram laanscht kucken.Bei der grousser Final e Samschdeg ginn och d’Follower bei Instagram gekuckt, wouduerch dat jonkt Model jiddwerengem dankbar ass, den him ee like op der Säit léisst!

Jenny Pinto

Ähnlech Sujeten Bréissel, Catwalk, Concours, Design, Finalistin, Jenny Pinto, Model, Top Model Europe
Nächsten Artikel Virrechten Artikel