Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wat mech déi Zäitëmstellung nervt…
dating study abroad Neiegkeeten

dating company montreal

Also ech weess jo net wéi dat bei iech esou

when you're dating a loser
top 5 hookup apps
dating study abroad Neiegkeeten

Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer

A kierzt gëtt an der Chamber iwwert d‘Reform vum Gesetz

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin
dating study abroad Neiegkeeten

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin

Et steet zanter gëschter Owend fest: d‘EU-Kommissioun gëtt fir d‘éischt

Jeremy Hunt dreet dem Iran mat Sanktiounen

Stress am persesche Golf – London léisst d‘Muskele spillen

Jeremy Hunt dreet dem Iran mat Sanktiounen

Fir unzefänke schéissen d‘Iraner eng US-Dron vum Himmel, da setzen um 4. Juli d‘Briten zu Gibraltar en iranesche Supertanker fest an nodeems d‘USA sech drop behaapt hunn och eng Dron ofgeschoss ze hunn, hunn d‘Revolutiounsgarden en Tanker ënner briteschem Pavillon „verhaft“.

Esou de Resumé vun der Eskalatioun am Dissens tëscht den USA (elo da mat de Briten) an dem Iran. London huet géint d‘Beschlagnahm vum Tanker „Stena Impero“ mat engem Bréif un den UN-Sécherheetsrot protestéiert an d‘Dot veruerteelt. Doranner heescht et: „D‘Vëlkerrecht verlaangt, datt d‘Recht op Duerchrees net dierf behënnert ginn, firwat déi iranesch Interventioun illegal ass“.

Jeremy

De briteschen Ausseminister behaapt sech och drop, datt sech d‘Schëff an omanesche Gewässer opgehalen hätt, wéi et vun den iranesche Revolutiounsgardisten iwwerfall ginn ass. Am Schreiwes schléit den Jeremy Hunt e verséinlechen Toun un: „Déi aktuell Spannung ass bedreelech an eis Prioritéit ass d‘Deseskalatioun“. Datt si un der Eskalatioun eng Matschold hunn, ass och e Fakt.

An dësem Kontext (fräi Transportweeër) an nodeems déi britesch Marin de Supertanker Grace1 zu Gibraltar festgesat huet, mécht d‘Formuléierung: „Et ass awer inakzeptabel d‘Schëfffaart ze bedreeën, déi hiert legitimt Geschäft iwwer international unerkannten Transitkorridoren ofwéckelt“, net wierklech Sënn, bestätegt awer, datt Groussbirtannien sech un d‘Virgab aus Washington hält.

Et gëtt sech an dësem Kontext erwaart, datt den Jeremy Hunt – deen sech och fir en Dënschdeg an eng gutt Positioun brénge wëll fir d‘Amt vum Premierminister – haut Sonndeg, mat konkrete Moossname géint den Iran (diplomatesch a wirtschaftlech) un d‘Ëffentlechkeet wenne wäert. Zu de méigleche Sanktioune kéint och d‘Beschlagnahm vun iraneschem Verméigen op der Insel zielen.

Op emol ass nees “Europa”

Als weidere Schratt kéint London och drop pochen, datt d‘Sanktioune vun de Vereenten Natiounen an der EU (zu där hie net gehéiere wëll) nees opgeholl ginn. D‘Parlament soll sech dozou schonn e Méindeg äusseren. Interessant ass allerdéngs an dësem Kontext och d‘Feststellung, datt de Jeremy Hunt unhëlt, datt d‘Beschlagnahm vum Tanker „Grace1“ zu dësem Virfall kéint gefouert hunn.

Jeremy

Den iranesche Supertanker ass un „d‘Kette geluecht“ ginn, well et de Verdacht gëtt, datt dëse géint EU-Sanktioune verstouss huet. E Freideg huet den ieweschte Geriichtshaff zu Gibraltar ugeuerdent, datt d‘Grace1 nach weider 30 Deeg (bis den 20. August) dierf festgehale ginn. Et kann ee getréischt dovunner ausgoen, datt den Tanker „Stena Imperio“ mindestens genee esoulaang festgehale gëtt.

Den iraneschen Ausseminister Dschawad Sarif huet an dësem Kontext och erkläert, datt et den Iran ass deen am persesche Golf wéi an der Strooss vun Hormuz d‘Sécherheet garantéiert. Op Twitter: „Am Géigesaz zur Piraterie an der Strooss vu Gibraltar, déngen eis Moossnamen am persesche Golf dem Anhale vun de maritime Reegelen“. E schlagkräeftegt Argument, an net emol verkéiert…

Et muss een och dann och d‘Ausso vum Iran behäerzegen. Teheran rechtfäerdegt d‘Festsetzung vun der „Stena Imperio“ mat der Erklärung, datt d‘Schëff an en Accident mat engem Fëscherboot soll verwéckelt gewiescht sinn an den Noutruff vun dësem „ignoréiert“ hätt. Wat un dëser Ausso richteg, wat falsch ass, dat léisst sech net novollzéien. An eigentlech geet guer net drëms „Recht“ ze hunn.

Flott och, datt déi iranesch Revolutiounsgarden e Video verëffentlecht hunn, mat deem si den Asaz géint den Tanker dokumentéieren. Si hunn – an och dat weist wéi vill Propaganda matspillt – genee déiselwecht Taktik bei der „Stena Impero“ ugewannt, wéi se déi britesch Marinezaldote géint de Supertanker „Grace1“ ugewannt hunn. Der Besatzung soll et laut der Reederei „gutt goen“.

Randnotiz: Well se bei Twitter wësse wéi engem Här een ze déngen huet, sinn op mannst dräi offiziell Konte vu Farsi-Sproochegen Noriichtenagencen (@irna1313 – @ygcagency – @mehrnews_fa) gespaart ginn. Ob eis Froen, firwat si dat gemaach hunn an op et hei eventuell Uerder aus dem Wäissen Haus oder soss enger Administratioun ginn huet, äntwert Twitter net.

mat indymedia/lon/tlv/nyc

Foto: © Fars News Agency

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Grace1, Iran, Jeremy Hunt, persesche Golf, Stena Impero, Strooss vun Hormuz, Uelegtanker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel