Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi wichteg ass de Schutz vun eise Kanner am Internet?
dating lehigh valley pa Neiegkeeten

https://moien.lu/what-to-avoid-in-online-dating/

Am Kader vum europäeschen Dag vum Europarot fir de Schutz

https://moien.lu/astrology-signs-dating-compatibility/
dating lehigh valley pa Neiegkeeten

Den Télétravail, e Phenomen am Zäitgeescht

Am Kader vun enger Etüd déi vum RETEL (Reseau d‘Études

What the Fakt – Haut ass den Ab-op-d’Woo-Dag
dating lehigh valley pa Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Ab-op-d’Woo-Dag

Mir wëssen net esou richteg op mir laachen oder kräische

Jerusalem-Resolutioun fënnt trotz „Warnung“ op der UNO Zoustëmmung

Jerusalem-Resolutioun fënnt trotz „Warnung“ op der UNO Zoustëmmung

E Schlag an d‘Gesiicht, esou an net anescht muss ee bezeechne wat den USA um Donneschdeg bei der UN-Generalversammlung ugedoe ginn ass. Et war nämlech eng grouss Majoritéit, déi der „Jerusalem-Resolutioun“ zougestëmmt huet, dat trotz der Bedreeung vu Washington.

Mee och wa se verluer hunn, Washington denkt de Schued begrenzt ze hunn. D‘US-Ambassadrice bei der UNO, d‘Nikki Haley, dat versprach hat all déi „opzeschreiwen“ déi der Resolutioun géifen zoustëmmen, huet via Twitter de 65 Länner Merci gesot, déi sech den USA – an der Entscheedung, datt Jerusalem d‘Haaptstad vun Israel soll sinn – ugeschloss hunn.

Vun den 193 UN-Memberlänner hunn der 128 zugonschte vun der Resolutioun gestëmmt. 35 Länner hu sech enthalen, dorënner Kanada, Mexiko, Polen an Ungarn a ganzer 21 hu sech dem Vott reegelrecht entzunn. Néng Länner, USA an Israel abegraff hu géint d‘Resolutioun gestëmmt. Op déi Länner déi sech guer net um Vott bedeelegt haten oder déi wou sech enthalen hunn, dat aus „Angscht“ gemaach hunn, ass net iwwermëttelt ginn.

Dobäi war eng Bedreeung net noutwenneg, well d‘Resolutioun u sech ännert un der vu Washington getraffen Entscheedung guer näischt. D‘USA si beschtefalls bloussgestallt ginn, an dat ass eng Roll mat där se sech auskennen. Wéi deet dem Donald Trump vläicht, datt hie muss feststellen, datt et haaptsächlech seng traditionell Alliéiert waren, déi fir d‘Resolutioun gestëmmt hunn.

Dann eben „Tockskapp“

Datt et och an der Welt vun den Erwuessenen dozou ka kommen, datt wann ee „beleidegt“ ass een zum Tockskapp gëtt, datt demonstréiert op beandrockend Aart a Weis d‘Nikki Haley. D‘US-Ambassadrice hat nach virum Vott gemengt: „D‘USA wäerten sech un dësen Dag erënneren, wou se virun der Generalversammlung un de Pranger gestallt gi sinn, eenzeg dofir hiert souveräänt Recht ausgefouert ze hunn“.

A wann een esou richteg beleidegt ass, leet een nach eng Schëpp no: „Mir wäerten eis ze erënnere wësse wann een eis nees freet, de gréisste finanzielle Bäitrag vir d‘Vereenten Natiounen ze leeschten“, esou d‘Nikki Haley dat den US-President och mat engem „rosene“ Gesiicht gutt vertrëtt. D‘Ambassadrice huet dann och nach gemengt, datt Washington d‘Geld vun den Amerikaner besser asetze kann.

Net ze vergiessen, datt de Milliardär aus dem Wäissen Haus schonn um Mëttwoch verbal an d‘Flilleke geklappt hat: „Si huelen honnerte Milliounen Dollar an esouguer Milliarden Dollar, an wat maachen se dann, se stëmme géint eis. (…) Loosst se géint eis stëmmen, da spuere mir vill Geld, eis ass dat egal“. Egal ass hei awer virun allem den Ëmgang mat der Diplomatie, a verwonnerlech datt een als Bäitragszueler mengt „Chef vum Betrib“ ze sinn.

Fir eng Handvoll US-Dollar

Et ass elo awer och richteg, datt et eng Rei Länner gëtt, déi sech vun den USA ofhängeg gemaach hunn, an de „Schwanz hu misse bäizéien“. A well se dat richteg gutt hikritt hunn, sinn dann nom Vott och vum Nikki Haley sengem Spriecher gelueft ginn: „Et ass kloer, datt vill Länner hirer Relatioun mat den USA d‘Prioritéit ginn hunn, dat géintiwwer dem traurege Versuch eis ze isoléieren“.

Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu, deen d‘Vereenten Natiounen nach virum Vott als „Haus vun de Lige“ bezeechent hat, huet och ganz zefridde reagéiert. Dee schéngt also och net sécher gewiescht ze sinn, datt esouvill Länner dem Drock vun den USA géifen noginn. Hie sollt awer net vergiessen, datt et d‘Bierger vun Israel sinn, déi an der éischter Rei stinn, an d‘Konsequenze vun der US-Entscheedung mussen droen.

Op där aner Säit d‘Palestinenser, déi dëse „Schlag an d‘Gesiicht“ vun den Amerikaner ze begréisse verstinn: „D‘Zoustëmmung fir d‘Resolutioun bestätegt, datt d‘Kausa vun de Palestinenser d‘Ënnerstëtzung vum internationale Recht huet“, esou de Spriecher vum palestinensescher President Mahmoud Abbas. Deen erhofft sech duerch dës UN-Resolutioun besser Kaarten an der Hand ze halen, sollt et nees zu Friddensgespréicher kommen.

Op dat richtegt Päerd setzen

„Mir erwaarden eis vun der Trump-Administratioun, datt se ouni laang ze waarden op hir bedauerlech Entscheedung zréckkënnt, déi vun der internationaler Communautéit däitlech als illegal ofgestempelt ginn ass“, esou den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan. Den Despot vun Ankara ass dann och de gréisste Géigner vun der US-Positioun, an trotz der Allianz mat den USA, hat hien d‘Welt opgeruff, sech net fir eng Handvoll Dollar ze verkafen.

Dat d‘Roserei bei de Palestinenser riseg ass, säit den Donald Trump um 6. Dezember Jerusalem als „offiziell“ Haaptstad vun Israel unerkannt huet, sollt ee novollzéie kënnen. D‘USA, déi sech ëmmer nees als Vermëttler fir de Fridden opgespillt hunn, hunn sech hei selwer aus de Verhandlunge geholl. Eng Vertrauensbasis tëscht de Palestinenser a der US-Regierung gëtt et aktuell net méi.

An och wann een de Versuch kéint maachen, hei unzeféieren, datt d‘USA traditionell dem Staat Israel „verbonnen“ sinn, esou muss een unerkennen, datt d‘Entscheedung zu Jerusalem, de Bierger vun Israel net entgéint kënnt. De Risk mat der Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel kann duerchaus zu enger neier Intifada féieren, woubäi d‘Palestinenser sech hei eng gréisserer Ënnerstëtzung dierfte sécher sinn.

mam Carole Landry an dem Franceso Fontemaggy zu Washington/AFP

Foto: D‘Resultater vum Vott schwätzen eng däitlech Sprooch. © Spencer Platt/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Israel, Jerusalem, Resolutioun, USA, Vereente Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel