Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

30 Joer Tiananmen: déi verbueden Erënnerung
cost to hook up mobile home tanger online dating

https://moien.lu/nfc-dating/

1989 war et am kommunistesche China zu engen „Virfall“ komm

ex girlfriend dating my friend
cost to hook up mobile home tanger online dating

Philharmonie – een neit Instrument gëtt ageweit!

Gëschter Owend war an der Philharmonie eng méi lass. Bei

Erausfanne wat Google iwwert ee Weess, erkläert
cost to hook up mobile home tanger online dating

Erausfanne wat Google iwwert ee Weess, erkläert

Datt e beim Internetsurfe vill Spueren hannerléisst, dat ass gewosst,

Jerusalem: Mat enger Resolutioun géint den Trump?

Jerusalem: Mat enger Resolutioun géint den Trump?

Den UN-Sécherheetsrot ass beméit de Fridden an der helleger Stad ze erhalen. Dofir geet aktuell gepréift op et mat enger Resolutioun duer geet, fir dem US-President seng Entscheedung, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, ze verwerfen.

Egypten war et, déi um Samschdeg en Text an Ëmlaf bruecht huet, deen d‘AFP a senger voller Längt erhalen huet. An dësem Text geet et notamment drëms, déi vun den USA unilateral getraffen Entscheedung réckgängeg ze maachen. E Resolutiounsprojet dee schonn um Méindeg soll zur Ofstëmmung kommen.

Richteg ass, datt dem Donald Trump seng Entscheedung, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, bei de Palestinenser Roserei ausgeléist, uechter de ganzen Noen-Oste Manifestatiounen erbäigefouert an fir Onstëmmegkeete bei der internationaler Communautéit gesuergt huet.

Op eng Resolutioun den Trump ka stoppen?

Am Resolutiounsprojet gëtt ënnerstrach, datt „all Entscheedung déi de Charakter, de Statut oder déi demographesch Zesummestellung vu Jerusalem“ verännert keng legal Basis huet, deemno net kann ugeholl an esou muss zréckgezu ginn. „De Statut vu Jerusalem kann nëmmen am Kader vu Verhandlunge festgeluecht ginn“, esou och den Text.

Vu Säiten der Diplomatie, gëtt sech erwaart, datt d‘USA de Vott mat hirem „Veto“ blockéieren. Vun deenen anere 14 Membere vum UN-Sécherheetsrot, dierft keen sech géint d‘Resolutioun stellen. Israel deem d‘Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad gefält, huet dann och wéinst der Resolutioun scho kräfteg an d‘Flilleke geschloe.

Den israeleschen UN-Ambassadeur Danny Danon, huet de Resolutiounsprojet veruerteelt. Laut him wier et de Versuch vun de Palestinenser, d‘Geschicht nei wëllen ze schreiwen. „Kee Vott a keen Debat kann déi evident Realitéit, datt Jerusalem d‘Haaptstad vun Israel ass, änneren“, esou den Danny Danon via Communiqué

Wiem seng Realitéit?

E Bléck an d‘Geschichtsbuch erkläert eis, datt Israel, nodeems et beim Krich vu 1967 d‘Kontroll iwwerholl huet, Ostjerusalem annexéiert hat. Kuerz drop huet d‘Knesset e Gesetz gestëmmt, dat aus der helleger Stad, déi „ondeelbar“ Haaptstad vun Israel gemaach huet.

Weder d‘Annexioun nach d‘Gesetz si jeemools vun der internationaler Communautéit unerkannt ginn. Zudeem bleiwen d‘Palestinenser entschloss, Ostjerusalem als Haaptstad vu Palestina ze ernimmen. Leschtes wier allerdéngs nëmme realistesch, wann een un enger Zweestaateléisung géif festhalen.

Net ze vergiessen, datt et eng ganz Rëtsch UN-Resolutioune gëtt, déi Israel opfuerderen sech aus besate Gebidder zréckzezéien an der Besatzung en Enn ze bereeden. Bei all dëse Resolutiounen och déi vun 1980 déi beseet: „all d‘Mesuren an Aktiounen, op legislativ oder administrativ, déi Israel, als Besatzungsmuecht ënnerhëlt, fir de Charakter an de Statut vun der helleger Stad ze änneren, huet keng juristesch Valeur“. (Deemools haten sech d‘USA beim Vott enthalen)

mat AFP

Ähnlech Sujeten Israel, Jerusalem, Palestina, Resolutioun, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel