Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beim gratis ëffentlechen Transport geet et net nëmmen ëm Attraktivitéit
https://moien.lu/online-dating-is-hard-werken/ singapore mandatory dating

https://moien.lu/good-dating-profile-greetings/

Et ass dann awer nees bemierkenswäert, wéi eng Iddien aus

highschool hook up games
https://moien.lu/online-dating-is-hard-werken/ singapore mandatory dating

Amerika an Trauer nom Dout vum Barbara Bush

Si war d‘Fra vun engem US-President an d‘Mamm vun engem

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus
https://moien.lu/online-dating-is-hard-werken/ singapore mandatory dating

D’Europäer maachen net genuch Kanner, seet de Franziskus

Um Samschdeg huet de Poopst Franziskus déi „dramatesch Sterilitéit“ vun

Dausende Leit bedeelegen sech un der Jerusalemer Gay Pride

Dausende Leit bedeelegen sech un der Jerusalemer Gay Pride

Si waren zu hirer Dausenden op Jerusalem komm fir un der 17. Editioun vun der Gay Pride an der helleger Stad deelzehuelen. Déi huet dëst Joer an engem besonnesch ugespaante Kontext stattfonnt an d‘Sécherheetsmoossname waren entspriechend héich.

„Mir wäerte keng Stéierung vun der ëffentlecher Uerdnung zouloossen, garantéieren d‘Sécherheet vum Marsch a senge Participanten“, hat d‘Police an engem Communiqué virun der Gay Pride matgedeelt. Laut der Police haten sech ronn 10.000 Leit an engem Park vum Stadzentrum getraff, vu wou aus de „Marsch vun der Houfregt an der Toleranz“ lassgaangen ass.

Beim Depart vum Cortège, huet sech d‘Cheffin vun der Oppositioun, Tzipi Livni (Allianz vun der zionistescher Unioun, Zentrumspartei) géintiwwer der AFP ausgedréckt: „Ech sinn hei, fir der Regierung ze soen, datt Israel e Staat mat Wäerter wéi ‚Gläichheet‘ a ‚Fräiheet‘ muss sinn“.

Géinteniwwer haten sech eng Dose Manifestanten zesummefonnt, déi komm ware fir géint d‘Gay Pride ze protestéieren. Op hirem Banner huet gestanen: „Den Zougang zur helleger Stad ass fir dës Schänterlechkeet verbueden“. D‘Police huet dës Persoune vum Cortège ewechgehalen. Si hat an och drop higewisen, datt all Waffen, Dronen oder Fliger um Trajet strikt verbuede sinn.

„Shira du gëss net vergiess…“

De Zentrum vu Jerusalem war fir de Verkéier gespaart, an all d‘Participante vun der Gay Pride sinn duerchsicht ginn. Keen huet hei d‘Ermordung vum 16 järege Shira Banki am Joer 2015 vergiess. Déi jonk Fra war vun engem ultra-orthodoxe Judd op oppener Strooss ofgestach ginn.

Gay Pride

De Marsch vun der Houfregt an der Toleranz, mobiliséiert all Joer vill Jugend. © Gali Tibbon/AFP

Mat dëser Aggressioun war eng Polemik ausgebrach, déi virun allem d‘Sécherheetsmoossname bei der Gay Pride a Fro gestallt hunn. De Mäerder, Yshäi Shlissel, war sengerzäit e puer Woche virum Mord aus dem Prisong entlooss ginn. Do hat de Mann eng Strof ofgesat, well hie bei der Editioun vun 2005, dräi Persounen ugegraff a verletzt hat.

„Ech sinn haut well ech mech fir d‘Gläichheet asetzen. D‘Gläichheet vun alle Mënschen“, erzielt eis d‘Emily Matheys (21) eng transsexuell Persoun vun Haïfa. „Wat mech betrëfft, ech géif gären duerch d‘Stroosse goen, ouni mussen Angscht ëm mäi Liewen ze hunn“.

De Kontext ass dëst Joer zolidd ugespaant. Dat hänkt och mat der grousser Manifestatioun vum 22. Juli zesummen, wou sech dausende Mënsche géint e Gesetz zu wier gesat hunn, mat deem et de gläichgeschlechtleche Koppele versot gëtt, mëttels „Leihmutteschaft“ zu Familljegléck ze kommen. Laut eise Kollege vun Haaretz, hunn zu Tel Aviv 60.000 Leit géint d‘Gesetz protestéiert.

Eigentlech e Virbild vir de Noen Osten

Israel gëtt am Noen Osten als „Pionéier“ ugesinn, wann et ëm d‘Rechter vun de Lesben a Schwule geet. An de reliéise Kreesser awer, déi vill Afloss op déi riets-konservativ Regierung vum Benjamin „Bibi“ Netanyahu ausüben, bleift de Sujet en Tabu.

Gay Pride

All d‘selwecht, all anescht! Déi Jerusalemer Gay Pride ass en Opruff zu méi Toleranz an engem friddlechen Zesummeliewen. © Gali Tibbon/AFP

Jerusalem, opgrond senger reliéiser Bedeitung, ass esouwuel fir d‘Chrëschten, d‘Moslemen an d‘Judden eng „Helleg Stad“. A géint de reliéise Fundamentalismus, de Maueren an de Käpp vun de Leit, ass mat Argumenter net bäizekommen. Den Doron Mosenzon, bisexuell a vu Jerusalem, ënnersträicht, datt déi sexuell Orientéierung awer iwwert reliéisen oder kulturelle Grenze steet.

„D‘LGBT-Communautéit ass an der ganzer Bevëlkerung present – bei de Gleewegen, de Laizisten, de Judden, den Araber an de Chrëschten – mir sinn en Deel vun hinnen, a mir si schonn ëmmer do. Mir wäerten och ëmmer hei sinn, a eis Plaz hei verdeedegen“, betount den Doron Mosenzon.

Ultra-orthodox an nationalistesch Rabbiner, déi esouwuel d‘Gay Pride wéi d‘Revendicatioune vun der LGBT-Communautéit veruerteelen, hunn zu enger Géigemanifestatioun, ënnert dem Motto: „E normaalt Vollek op eiser Welt sinn“, opgeruff. D‘Gay Pride selwer gëtt vun LGBT-Associatiounen organiséiert, déi reliéisen Homosexuellen hëllefen. Si ginn oft vun den eegene Leit verstouss.

mat AFP

Foto: D‘Gay Pride vu Jerusalem huet wéi all Joer dausende leit zesummegeféiert, déi sech fir d‘Rechter vun der LGBT-Communautéit asetzen. © Menahem Kahana/AFP

Ähnlech Sujeten Gay Pride, Israel, Jerusalem, Shira Banki
Nächsten Artikel Virrechten Artikel