Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?
Neiegkeeten Sport

https://moien.lu/high-school-hook-up-download/

Ettelbréck geet et wéi ville klenge Stied an Europa: Hier

i want a girl for dating in hyderabad
Neiegkeeten Sport

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Den OGBL informéiert, datt si als majoritär Gewerkschaft zesumme mam

surprise
Ëmgang mat de perséinlechen Daten: elo steet och Grindr um Pranger
Neiegkeeten Sport

Ëmgang mat de perséinlechen Daten: elo steet och Grindr um Pranger

De Méindeg ass déi bekannten a beléiften Applikatioun „Grindr“, eng

Jeunesse Jonglënster muss sech den Dammen aus dem Süde geschloe ginn

Jeunesse Jonglënster muss sech den Dammen aus dem Süde geschloe ginn

Dräi wichteg Punkte fir den SC Beetebuerg an eng moralesch Stäip vir de Coupe-Match vun der nächster Woch. Eng Renconter déi sech virun allem am Mëttelfeld ofgespillt huet, an dee partiell vun den Damme vun der Jeunesse Jonglënster geleet gouf, woubäi den SC Beetebuerg, seng Goalchancen ëmgesat kritt huet.

Ugepaff gouf bei déifhängendem Niwwel an déi éischt 20 Minutten hunn der Jeunesse um eegenen Terrain gehéiert. Déi hunn sech esou an der 11. Minutt eng hallef Goalchance erausgespillt. De Schoss vum Noemie Tiberi (31) op de Goal konnt vum Sheila Hoja (22) – dat gëschter d‘Lena Krier (1) ersat huet – mat liichtem Krämpes ofgewiert ginn.

An der 20. Minutt war et eng zolidd Goalchance déi sech d‘Damme vu Jonglënster erausgespillt hunn. Op eng exzellent Flank vum Noemie Tiberi, an nodeems d‘Sheila Hoja de Ball ënnerschätzt huet, gouf d‘Lea Folgueira (14) esou iwwerrascht, datt de Kappball knapp awer trotzdeem laanscht de Goal gaangen ass. Dat war dann emol eng Schrecksekonn…

Déi huet déi Beetebuerger awer „gerëselt“ well d‘Damme vum SCB hunn an der 24. Minutt hir éischt Goalchance, mat enge flotte laange Ball vum Stessy Musselek (17) op d‘Lucia Ruiz (14), dat sech déi Chance net entgoe gelooss huet, schéisst den 0:1. Dat nennt ee Realismus pur oder Zeeche vun enger gudder Ekipp. Duerno ass et mat den Zweekämpf am Mëttelfeld virugaangen.

Dat bis an déi 41. Minutt, wou op eng super individuell Aktioun vum Lea Folgueira (14) wat op senger lénker Säit véier Beetebuergerinnen ausgespillt huet, eng ugepasste Flank iwwert de Buedem op d‘Laura Davelli (7) mécht. Si konnt dës eenzegaarteg Opportunitéit leider net fir hir Ekipp ëmsetzen. Et war eng grouss Ausgläichsméiglechkeet… Bis dohinner war awer den SC Beetebuerg déi méi „effizient“ Mannschaft um Terrain.

Wou ee geduecht huet, datt déi zweet Halbzeit méi ausgeglach géif ginn, an och hei nees de Gros vun den Aktiounen sech am Mëttelfeld zougedroen hunn, ass ze bemierken, datt d‘Damme vum SCB besser an hir Zweekampf eragoe konnten an sech esou en Avantage erausgespillt hunn. Déi physesch Dominanz am Mëttelfeld huet dann de Beetebuerger zwee weider Goaler abruecht.

Esou an de 59. Minutt, mat engem exzellenten Debordement vum Lucia Ruiz (14), datt an d‘Mëtt flankt an hei d‘Lea Crusel (71) trëfft, datt de „Kaddo“ dankend ugeholl huet an zum 0:2 erasetzt. An der 81. Minutt, alt nees d‘Lucia Ruiz (14) – dat gëschter eng Bescht-Leeschtung gewisen huet – dat d‘Verdeedegung vu Jonglënster iwwerrascht an zum 0:3 Endstand markéiert.

An elo stellt sech natierlech d‘Fro, op et den nächste Samschdeg am Coupe-Match um selwechten Terrain zur „Revanche“ oder awer zur „Confirmatioun“ kënnt. Dëse Match sollt engem den Deplacement wäert sinn.

Stëmmen zum Spill:

Vum SCB huet eis nom Spill d‘Lucia Ruiz (14) seng Versioun duergeluecht: „Komplizéiert éischt Hallschent. Mir wousste schon wat mir wollten, mee hunn eis Zweekämpf net an de Grëff kritt. De neie System ass nach net an d‘Blutt iwwergaangen, firwat den Trainer eis an der Paus nees huet missen eppes op eis Feeler hiweisen. Da konnte mir dann an der zweeter Halbzeit ëmsetzen, an dës Victoire a hisichtlech dem Coupe-Match vun der nächster Woch ganz wichteg, och fir d‘Moral“.

Vun der Jeunesse Jonglënster huet eis nom Spill d‘Lea Folgueira (14) gesot: „Mir sinn enttäuscht, well ersiichtlech ass, datt den SC Beetebuerg eis net iwwerleeë war, allerdéngs vill méi effizient mat senge Chancen ëmzegoe wousst. Mir mussen dës Néierlag elo zügeg verschaffen an eis an der Woch op de wichteg Coupe-Match virbereeden. Mir mussen de Kapp fräi kréien, wa mir eis Revanche e Samschdeg huele wëllen. Mir gleewen awer drun…“.

Opstellung vun den Ekippen:

SC Beetebuerg: 22 Sheila Hoja; 29 Tamara „Tammy“ Aniset; 88 Amenis Correia; 9 Sadine Correia; 71 Lea Crusel; 10 Kimberley Dos Santos; 17 Stessy Musselek; 8 Lea Pizzimenti; 14 Lucia Ruiz; 99 Hanna Thill; 6 Sarah Witry. Reserven: 18 Marie-Amelie Albrand; 11 Kate Thill; 21 Rita Garcia; 5 Kim Ney. Trainer: Yves Block.

Jeunesse Jonglënster: 1 Tamara Cardoso; 5 Emma Kremer; 13 Eva Fernandes; 19 Carina Nogueira; 8 Lynn Ruppert; 9 Kelly Mendes; 20 Sara Olivieri; 14 Lea Folgueira; 31 Noemie Tiberi, 7 Laura Davelli; 27 Letitia Goncalves. Reserven: 12 Isabelle Schuler; 18 Alexandra Marx; 3 Lynn Gengler; 10 Rosangela Settanni; 2 Giovanna Ribeiro. Trainer: Seraphin Ribeiro.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, FLF, Jeunesse Jonglënster, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel