Search

You may also like

Eng ganz sportlech Leeschtung
International Stories

Eng ganz sportlech Leeschtung

Leschte Freideg ass d‘Aktioun „Mam Vëlo op d‘Schaff“ (MVOS) ofgeschloss

Vill Sujete goufen um Krautmaart behandelt
International Stories

Vill Sujete goufen um Krautmaart behandelt

Hale mir nach aleedend fest, datt gëschter och déi Deputéiert

Editorial: Wien net parke kann, sollt dach doheem bleiwen!
International Stories

Editorial: Wien net parke kann, sollt dach doheem bleiwen!

Datt verschidde Leit ouni Behënnerung mengen, si missten direkt 2

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier

E Freidegmoien um véierel vir sechs, start a Florida op e neits eng Rakéit vu SpaceX. Si ass mat zwouanenghallef Tonne Material vun der NASA belueden, déi dräi Deeg méi Spéit a 400 Km méi héich un der internationaler Raumstatioun (ISS) ofgeliwwert solle ginn.

An d‘Rakéit déi dëse Job iwwerhëlt ass net nei. Si huet scho virun zwee Méint e Satellit vun der NASA an den Orbit gesat, an ass duerno am Atlantik „gelant“, keng 300 Km vu Cape Canaveral ewech. Ganz wéi d‘Kapsel „Dragon“ – dat „Raumschëff“ dat op der Spëtzt vun der Rakéit sëtzt a wou d‘Material ënnerbruecht gëtt – déi schonn 2016 genotzt ginn ass.

Zanter 2012 ass dat eleiten dann och schonn déi 15 Missioun déi SpaceX fir d‘NASA duerchféiert. Eng dovunner war onglécklech verlaf, an d‘Rakéit an der Luucht explodéiert. „Orbital ATK“, den direkte Konkurrent vu SpaceX huet schonn néng Flich fir d‘NASA iwwerholl, woubäi och hinnen eng vun de Missiounen „an d‘Box“ gaange war.

Wann dann elo dës Missioune schonn zur Routine gi sinn, esou ass et och eng Revolutioun an der Geschicht vun der Weltraumfaart: viru SpaceX, hunn eenzeg an eleng d‘Natiounen d‘ISS mat dem noutwennege Material versuergt. An hir Rakéite konnt een nëmmen emol benotzen. Dozou kënnt, datt d‘NASA vum Privatsecteur ofhängeg ass…

D‘NASA huet an dësem Kontext Verträg mat SpaceX a Boeing ofgeschloss, an deene festgehale gëtt, datt ab 2019, wann déi bewunnbar Kapselen asazbereet sinn, och Astronaute mat dëse Rakéiten an de Weltraum befërdert ginn. Datt hänkt domatter zesummen, datt d‘NASA 2011 d‘Navetten opginn huet, a sech „eng Plaz“ bei de Russe muss akafen.

Eng Situatioun déi den Amerikaner ni zougesot huet, woubäi och den Transport bis Baïkonour, dem russesche Weltraumfluchhafen, mat héije Käschte verbonnen ass. An déi russesch Soyuz-Rakéit, ass an den Alter komm. „Ni huet een esouvill Aktivismus vum Privatsecteur an engem ëffentleche Secteur gesinn“, seet dozou den John Longsdon, Professer op der George Washington Universitéit.

D‘USA an hir Virmuechtstellung am Weltraum…

Hei muss een da SpaceX, der Firma déi vum Elon Musk (Tesla) gegrënnt ginn ass, zougestoen, datt si de Secteur vum „Satellitten-Transport“ op d‘Kopp gedréint huet. SpaceX huet säit 2009 iwwer 55 vun hire „Falcon 9“ erfollegräich an de Weltraum geschéckt. An dank SpaceX hunn d‘USA nees d‘Virreiderroll iwwerholl, no iwwert engem Joerzéngt russescher a chinesescher Dominanz.

Den Tom Stroup, President vun der „Satellite Industry Association“ stellt dann och fest: „D‘Russen hunn e groussen Deel vun hirem Maartundeel, am Segment vun den Transportrakéite, verluer. Hien ass och iwwerzeegt, datt no engem „Stau“ 2017, den Transport vu Satellitten an de nächste Joren dierft massiv zouhuelen, dat och well den Orbit bis ewell ni esou Accessibel war.

Et ass awer och d‘Miniaturisatioun déi den Orbit „Accessibel“ mécht. Haut kënne kleng Satellitte vu just e puer Kilo, schonn am fënnefstellege Beräich gebaut ginn. Déi als „CubeSats“ oder och „SmallSats“ bekannte Modullen, hunn 292 vun den 2017 ausgesaten 345 Satellitte representéiert. Dat geet zumindest esou aus dem Joresbericht vun der „Satellite Industry Association“ ervir.

An de Claude Rousseau vun „Northern Sky Research“ betruecht dat mat de „klenge“ Satellitten esou: „se sinn eppes wéi Eeweegeschir. Mat enger Liewensdauer vu siwe Joer, sinn se zudeem liicht an einfach ze ersetzen“. Dat féiert zu interessante Projeten, wéi dee vun der Start-up „OneWeb“ wou zesumme mat SpaceX honnerte kleng Satellitte sollen an den Orbit gestallt ginn.

Heibäi geet et ëm näischt méi Profanes, wéi d‘Iddi jidderengem op der Äerd den Accès zum séieren Internet ze erméiglechen. An d‘Konkurrenz grouss „do uewen“: am Beräich vun der Observatioun gëtt et eng Rei Firmen, déi ëffentleche wéi private Clienten, Fotoe mat héijer Opléisung, sief et fir Infrastrukturen ze iwwerwaachen oder zu landwirtschaftlechen Zwecker, wëlle verkafen.

Éischter Business wéi Fuerschung

A fir dëse Maart vu „CubeSats“ oder „SmallSats“ ginn entspriechend Rakéiten hiergestallt. Esou stellt déi amerikanesch Firma „Rocket Lab“ méi kleng Rakéiten hir, déi dann och entspriechend méi „Käschtenneutral“ vu Neiséiland sollen an de Weltraum geschoss ginn. En éischte Lancement war scho virgesinn, mee huet aus techneschen a meteorologesche Grënn misse verluecht ginn.

Säitens den Europäer, hält „Arianespace“ u sengem „Ofschoss-Rhythmus“ fest, a bereet seng nei Rakéit, d‘Ariane 6 op méi Kompetitivitéit vir. Éischt Resultater ginn hei ab 2020 erwaart. China an Indien, wou de Weltraumprogramm nach haaptsächlech op ëffentleche Programmer baséiert, hunn och wëlles hire Maartundeel ze erhéijen.

An dësem Kontext dierf drop higewise ginn, datt beispillsweis China, am éischten Hallefjoer 2018, schonn esouvill Rakéiten an de Weltraum geschoss huet, wéi am ganze Joer 2017. Et sollt een och en A op de Weltraumtourismus halen. Deen ass dobäi eng Realitéit ze ginn. „Virgin Galactic“ ass dobäi seng Versich mam „SpaceShipTwo VSS Unity“ ze intensivéieren.

Och „Blue Origin“, d‘Entreprise déi vum Amazon-Patron Jeff Bezos gegrënnt ginn ass, huet bekannt ginn, datt si 2019 déi éischt Tickete fir eng Plaz u Bord vun der Rakéit „New Shepard“ verkafe wäerten. Domatter kann den interesséierte Weltraumtourist eng vun de sechs Plazen ergatteren, déi hien an eng Héicht vun 100 Km eropschéisst.

Béid „Rakéiten“ kommen zwar net bis an den Orbit, mee erlaben de Passagéier fir ee puer Minutten d‘Gefill vum „fräie Fall“ ze genéissen. Eng Rees déi esou geféierlech wéi deier dierft sinn, fir déi et awer schonn eng gréisser Nofro sollt ginn, wéi béid Entreprise matdeelen. Rieds ass iwwregens vu Ticketspräisser ëm déi 250.000 US-Dollar.

Den US-President wëll dem Mound méi no kommen

D‘NASA dierft awer keen Affer vun der „Weltraumprivatisatioun“ ginn. Op Drock vum Donald Trump, konzentréiert sech d‘NASA op de Bau vun enger Raumstatioun, déi sech am Orbit vum Mound soll ophalen. Dëse Projet gëtt als Virstuf vun engem méigleche bemannte Fluch Richtung Mars betruecht. Mee dat ass dann awer fir vill méi spéit an der Zukunft…

Fir den éischten Exkurs ronderëm de Mound säit 1972, entwéckelt d‘NASA seng eege Kapselen. Esou d‘Kapsel „Orion“ mat senger „SLS“ Rakéit. Et soll déi stäerkste Rakéit ginn déi jeemools an den USA gebaut gouf. Eng „éischt Rees“ an de Mound-Orbit, ouni Astronauten, ass vir 2020 virgesinn. Mat Astronaute soll d‘Experiment dann 2030 ofgeschloss ginn.

Laut den Experten, wier d‘Rakéit vun der NASA, zumindest fir Missiounen déi an den déiwe Weltraum féiere sollen, besser opgestallt. Besser nach wéi déi „Mega-Rakéit BFR“ vu SpaceX, déi schonn ëm Etleches besser ass wéi déi am Februar getesten „Falcon Heavy“. Mat der Rakéit „BFR“ konzentréiert sech SpaceX op d‘Koloniséierung vum roude Planéit.

mam Ivan Couronne/AFP

Foto: Schonn 2014 huet den Internet-Gigant Google, d‘Firma „SkyBox Imaging“ fir eng hallef Millioun US-Dollar opkaf. Hei sinn ewell 24 „kleng“ Satellitten am Orbit, déi Biller fir ënnerschiddlech Besoine produzéieren © SkyBox Imaging (Archiv)

Related topics Arianespace, NASA, Rakéiten, Satellitten, SpaceX, Weltraum
Next post Previous post