Search

You may also like

Wunnen zu Esch: Wéi „legal“ ass deen neie PAG?
International Neiegkeeten Stories

Wunnen zu Esch: Wéi „legal“ ass deen neie PAG?

Jonk Mënschen si rosen an demonstréieren, wëll den Escher Schäfferot

4 Weekender am Summer – Diddeleng Open Air – Ënnert dem Waassertuerm
International Neiegkeeten Stories

4 Weekender am Summer – Diddeleng Open Air – Ënnert dem Waassertuerm

Datt „Dudetown: déi schéinste Stad am Süden“ ass, wäert wuel

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen
International Neiegkeeten Stories

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen

D‘Plattform „meng Landwirtschaft“ huet um Dënschdeg seng Fuerderunge fir d‘Chamberwahle

Jong klëmmt all Dag bei d’Spidolsfënster, fir no u Covid-erkrankter Mamm ze kucken

Jong klëmmt all Dag bei d’Spidolsfënster, fir no u Covid-erkrankter Mamm ze kucken

Nodeems dem Jihad Al-Suwaiti seng Mamm positiv op Covid-19 getest ginn ass, konnt a wollt hien si net am Stach loossen. Aus Sécherheetsgrënn huet den 30 Järegen d’Spidol net dierfe betrieden, ass awer, fir no hir ze kucken, all Dag e Rouer laanscht d’Mauer eropgeklommen, fir si duerch d’Fënster ze gesinn. No wochelaanger Behandlung ass si schliisslech um Virus gestuerwen.

D’Hoffnung, datt den Jihad seng Mamm Rasma Salama nees gesond kéint mat Heem huelen, huet hie bis zum Schluss motivéiert. Op kee Fall wollt hien si eleng loossen an huet duerch d’Fënster vun der Intensivsstatioun vum Hebron State Hospital opgepasst, datt et hir gutt ergoe soll a si a Sécherheet geneese kéint.

Fënster

Mohammad Safa / Twitter

Déi 73 Joer al Fra ass um 16. Juli un de Folge vum Virus verscheet. Déi ergräifend Aktioun weist, wéi déif a pur d’Léift tëscht Mamm a Kand ass. A Gedenken un dës Geschicht an un d’Rasma Salama huet den Mohammad Safa eng Illustratioun erstallt.

Aktuell zielt Palestina 10.093 confirméiert Covid-19-Fäll a 70 Doudeger.

Related topics Covid-19, Dout, Fënster, Hebron State Hospital, Hoffnung, Intensivstatioun, Jihad Al-Suwaiti, Léift, Mohammad Safa, Palestina, Rasma Salama, Spidol
Next post Previous post