Search

You may also like

LuxTrust: 5 elektronesch Ënnerschrëfte pro Mount gratis!
Kultur Neiegkeeten

LuxTrust: 5 elektronesch Ënnerschrëfte pro Mount gratis!

Mat der COSI Home Edition offréiert LuxTrust elo eng Online-Plattform,

Vu Strategie an Ambitiounen
Kultur Neiegkeeten

Vu Strategie an Ambitiounen

Eng Internetverbindung gëtt et mëttlerweil a bal alle Gare an

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020
Kultur Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!

Vollt Haus an alleguer voll aus dem Haischen: War de Metal-Publikum, deen aus der ganzer Groussregioun ugereest ass, nach esou schwaarz gekleet, huet hir Stëmmung a Begeeschterung d’Kulturfabrik zum liichte bruecht. Um Programm stoung nämlech net nëmmen déi experimentell ukrainesch Metalcore-Band Jinjer, mee och nach melodesche Metal vun The Agonist, haart finnesch Musek vu Khroma, sou wéi déi ukrainesch Jonge vu Space of Variations. Een eenzegaartegen Owend mat vill Frae-Power, déiwe jäizege Stëmmen a vill Energie huet fir Begeeschterung gesuergt!

Et seet ee jo leider oft, datt d’Virgruppe meeschtens net mat immenser Professionalitéit, engem ausgeschaffte Programm a Geschéck punkten. Dofir decidéiert de Gros vun de Leit, déi a Besëtz vun engem Entréesticket sinn, eréischt fir den Haaptakt um Site anzetreffen. Gëschter Owend hat d’Escher Kulturfabrik mat senge Bands allerdéngs bewisen, datt dëst Viruerteel net ëmmer stëmme muss. Schonn zënter Méint ass Jinjer séinlechst erwaart ginn, woubäi Space of Variations vir ee fantasteschen astëmmenden Ufank suerge sollt.

Jinjer

Space of Variations © Shari Pleimelding/moien.lu

Duerch hir Experimentéierfreedegkeet beschränken sech déi 4 Jonken aus der Ukrain net spezifesch op ee Stil vun der Metal Musek. Hir Texter stamen aus dem Erlieften, Gedanken an der Séil. Mat immenser Qualitéit a Léift zur Musek hätt een hinne wuel nach eng gutt Zäitchen nolauschtere kënnen. Hir energesch Gittarriffs, motivéierend Drums an d’Mëschung aus Gejäiz a „normalem“ Gesang hunn dobäi einfach déi ideal Atmosphär geschaf. Kee Wonner also, datt si souguer an hirer Heemescht schonn zwee Mol zur Beschter ukrainescher Metal Band ernannt gi sinn!

No kuerzer Zäit fir emol duerchzeootmen ass et direkt viru gaange mat Khroma. Déi bäerteg Männer mat de laangen Hoer hunn d’Iddi gestäerkt, datt den düsterste puerste Metal wuel nëmmen aus Skandinavien ka kommen. Wärend déi véier Museker eng – wéi si et beschreiwen – cinematesch Ambiance mat pulséierendem Hannergrond ofspille gelooss hunn, ass bei de Fans kräfteg geheadbangt ginn. Momentan schaffen si grad un hirem drëtten Album, deen am Fréijoer 2020 erauskënnt. Hir nei Single „Kill The Friction“ ass glécklecherweis awer schonn Ufank dës Mounts erauskomm komm. Also? Eralauschteren!

Wa Rou a Rabatz no beienee leien

Och wann The Agonist d’Sängerin – jo, si loossen d’Damme jäizen – ëmmer erëm austauscht, esou hunn d’Männer un den Instrumenter zënter 2014 hiert Vicky Psarakis behalen. Kuckt ee sech déi dach elegant Fra un, da géif een net mengen, datt esou haart an hefteg Téin aus dësem léiwe Geschëpf komme kënnen. Vum Stil hir spillt déi kanadesch Grupp eng Mëschung aus melodeschem Death-Metal a progressivem Metal.

An dobäi vertrieden si d’Superlativer: Méi extrem, méi melodesch a méi gefëllt vu Begeeschterung wéi jee virdru sinn si mam Album Orphans nees op de Bühne vun der Welt ënnerwee. Si selwer soen, datt si op der Bühn liewen an ootmen. Apropos Loft – bei dësem Optrëtt ass de Fans reegelrecht den Otem stoe bliwwe vu Faszinatioun.

Experimentell, wëll an intensiv

De Countdown ass am Hannergrond gelaf, vu Sekonn zu Sekonn ass d’Virfreed geklommen. Endlech koumen d’Tatiana Shmailyuk – jo nees eng Fra -, de Roman Ibramkhalilov, den Eugene Abdiukhanov an de Vladislav Ulasevich op d’Bühn. No dësem Knuet an der Zong sollt nach gewosst sinn, datt déi ukrainesch Grupp Jinjer schonn ee Joerzéngt besteet a mat engem immens professionellen, klanglech perfektem an energeschem Optrëtt vollkommen iwwerzeegt huet.

D’Tatiana, déi „schwarze Witwe“ vum Owend, huet déi ausverkaaften Hal a säi Bann gezunn, mam Ënnerscheet zur Spann, datt nach jiddweree lieweg a mat engem Laachen um Gesiicht Heem goen duerft. Bekannt a beléift ass Jinjer duerch seng kleng Schlänkeren an de Beräich vum Raggae an Jazz, woubäi een de Wee an de Metal ëmmer nees zeréck fënnt. Annerhallef Stonn gouf an d’Säite geschloe, op d’Tromm gehaen an, an de Mikro gejaut, bis d’Sängerin selwer vu lauter Erschöpfung bal kee Wuert méi erauskrut. Dat nennt een emol Higab!

Related topics Concert, Jinjer, Khroma, Kulturfabrik, Metal, Space of Variations, The Agonist
Next post Previous post