Search

You may also like

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé
International Neiegkeeten

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé

Ab dem 1. November 2018 ass den Christian Oberlé den

surprise
Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt
International Neiegkeeten

Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt

Nodeems nach am Dezember de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo

E Komplott géint de 45. US-President?
International Neiegkeeten

E Komplott géint de 45. US-President?

Wéi et sech zanter dem Freideg ofzeechent, war de Whistleblower,

EU-(Video)Sommet: Jo zur Rechtsstaatlechkeet?

Mam pluriannuelle Budget an dem Covid19-Konjunkturplang si se kee Schratt weiderkomm

EU-(Video)Sommet: Jo zur Rechtsstaatlechkeet?

Well sech Polen an Ungarn missten un EU-Recht an EU-Wäerter halen, déi dat awer net agesinn, ass d‘Stëmmung ënnert de 27 eppes ugespaant. Zu allem Iwwerfloss huet och nach Slowenien elo gemengt sech missen den Dissidenten unzeschléissen. Wann et sécherlech méiglech ass, d‘EU mat engem Nouthaushalt um rullen ze halen, esou si vill Länner op de Rettungsplang ugewisen.

Interessanterweis, gehéiere grad Polen an Ungarn zu deene Länner, déi dëst Geld batter néideg hunn, woubäi gewosst ass, datt zu Budapest och dës Gelder éischter a schlechten Hänn sinn. Mee ouni dës Länner keng Ofstëmmung an esou stellt sech d‘Fro, sollt een net einfach op Rechtsstaat, Grondrechter a Wäerter verzichten? Wien se fir sech beusprocht kann se jo dann ëmsetzen.

Dat fir emol däitlech ze maachen, datt een den Eescht vun der Lag net sollt ënnerschätzen. Alles wat hei den Ament zur Diskussioun steet, war am Juli grondsätzlech esou vun alle Memberen ugeholl ginn, a wann et der EU-Komissioun dru geleeën ass elo séier de Relance-Plang op de Wee ze bréngen, brauch si Eestëmmegkeet. Därer verweigeren sech awer besonnesch Polen an Ungarn.

Op dëser Plaz muss et erlaabt sinn ze froen, op eng Visiokonferenz, bezunn op d‘Komplexitéit vum Dissens, dat richtegt Format ass. Sécher wäert et der ginn déi et begréissen net déi selwecht Loft wéi gewëssen Äersch mat Oueren anzeootmen, mee et geet jo och emol drëms hei eng Léisung fir d‘Unioun ze fannen. Dovunner ass een awer och no der Visiokonferenz nach ganz wäit ewech.

Inakzeptabel!

Den zentrale Problem hei: Polen an Ungarn benotzen hire Veto, net wëll de Budget (1,1 Billiounen Euro) oder de Plang zur Relance vun der Wirtschaft (ëmmerhin eng 750 Milliarden Euro) hinnen net géif zouspriechen. Nee si wëlle verhënneren, datt si wéinst hirem besonneschen Ëmgang mat der Rechtsstaatlechkeet, kéinte Subventiounen/Hëllefe gekierzt kréien. Droleg Mentalitéit oder?

An eis däitsch Noperen, déi jo nach d‘EU-Presidence bis Januar hunn, si net wierklech eng Hëllef. Sécher huet d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel hir Homologen opgeruff sech hir Positioun nach emol ze iwwerleeën, mee ganz Eescht ass dat net ze huelen. Déi faschistesch Fidesz vum Viktor Orban, ass ee Partner vun der bayrescher CSU an huet exzellent Verbindunge bannent der EPP.

Erausgeheie kann een se awer net, datt haten d‘Pappe vum „europäesche Gedanken“ net virgesinn. Méiglech wier den Haushalt zu 25 ze gestalten, wat dann zu nach méi chaotesche Verhältnisser géif féieren. Vu sech aus wäerten awer weder d‘Polen nach d‘Ungarn d‘Unioun verloossen. Et gëtt vill Geld ze huelen. Geld datt de Viktor Orban dann a sengem sozialen Ëmfeld zu verdeele versteet…

Nodeems séier gekläert war, datt et näischt ze kläre gouf, ass et zum eigentleche Programm komm: d‘Koordinatioun vun der Coronaviruskris. Unerkennung vun de Covid19-Tester, d‘Virbereedung fir d‘Impfungen an d‘Ophiewe vun de Beschränkunge. Och iwwert eng Impfflicht an der EU gëtt nogeduecht, dat well manner wéi 25% vun der Bevëlkerung bereet wieren sech impfen ze loossen.

mat indymedia/bru

Foto: EU-Sommet via Visiokonferenz, hei aus der Siicht vum EU-Rotspresident Charles Michel. © European Union.

Related topics EU-Budget, EU-Komissioun, Konjunkturplang, Polen, Rechtsstaatlechkeet, Ungarn, Veto
Next post Previous post