Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“
Kultur Neiegkeeten

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“

Déi „Bëllia Bratzelgecken“ haten sech 2016 eng besonnesch afale gelooss

De Pierre Gramegna bei eBay, AirBnB a Co.
Kultur Neiegkeeten

De Pierre Gramegna bei eBay, AirBnB a Co.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 7. bis den

Hir politesch Parteie sti bei dëse Politiker net op der Stir! Weess du, wie wou Member ass?
Kultur Neiegkeeten

Hir politesch Parteie sti bei dëse Politiker net op der Stir! Weess du, wie wou Member ass?

D’Parteielandschaft zu Lëtzebuerg ass net grad kleng. Do kann ee

Joan As Police Woman – Dëse Mëttwoch an der Kulturfabrik!

Joan As Police Woman – Dëse Mëttwoch an der Kulturfabrik!

D’Singer/Songwriterin Joan As Police Woman (aka Joan Waaser) aus den USA verëffentlecht an dësem Mee seng éischt Retrospektiv Anthology bei PIAS.

Et kann een et net esou richteg anuerdnen, mee mat purer Poesie faasst Anthology dem Joan seng bemierkenswäert éischt 15 Joer Musek zesummen. D’Plack hieft dobäi virun allem d’Passioun fir d’Sangen a Lidder-Schreiwen, fir Experimenter a grousst Wëssen, sou wéi d’Léift zur Musek ervir.

Wärend der Tour 2019 brécht déi amerikanesch Kënschtlerin mam klassesche Band-Format ëm sech. Vu Piano a Gittar begleet erfënnt hatt d’Bühn nei, a genau op dëst Format waarden seng Fans scho voller Sehnsucht. Nievt neie Stécker vum kommenden Album ginn och d’Klassiker nei interpretéiert an arrangéiert.

D’Geleeënheet fir eng esou eenzegaarteg Kënschtlerin ze treffe sollt een also net verpassen! Awer opgepasst: d’Sëtzplaze si limitéiert.

Weider Informatiounen

Joan As Police Woman spillt e Mëttwoch, de 5. Juni 2019 an der Escher Kulturfabrik. D’Diere ginn um 19:30 Auer op. Wien gären een Ticket hätt, dee muss am Virverkaf 30 € bezuelen, un der Oweskeess ass ee bei 32 €. Bestelle kann een se ënnert www.kulturfabrik.lu oder www.ticket-regional.de.

Ähnlech Sujeten Concert, Esch-Uelzecht, Joan As Police Woman, Kulturfabrik, Musék
Nächsten Artikel Virrechten Artikel