Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Fraebild an de Medien ass kapott – Zäit et ze änneren
International Neiegkeeten Stories

D’Fraebild an de Medien ass kapott – Zäit et ze änneren

D’Fraebild wat an de Medien propagéiert gëtt, ass extrem wäit

G20-Sommet – E Scheitere verhënnert, mee eens ass ee sech och net
International Neiegkeeten Stories

G20-Sommet – E Scheitere verhënnert, mee eens ass ee sech och net

Datt de G20-Sommet vun Osaka net zum Debakel verkomm ass,

Kee Peage fir d‘Haaptstad
International Neiegkeeten Stories

Kee Peage fir d‘Haaptstad

De Rechnungshaff hat a sengem Avis zum Budget 2020, drop

Wéi de Joaquin Phoenix Kou a Källefche virum Dout rett

All Liewen zielt, dofir dréit hien dat Klengt och léiwer selwer

Wéi de Joaquin Phoenix Kou a Källefche virum Dout rett

Nodeems de Joaquin Phoenix viru grad emol 2 Wochen den Oscar fir seng Roll als Joker entgéint huelen duerft an mat enger beweegender Ried weltwäit Unerkennung an Opmierksamkeet erreeche konnt, huet de 45 järegen Acteur bewisen, datt hien net nëmmen eidel Wierder ausschwätzt, mee mat konkreten Handlunge fir d’Wuel vun den Déiere kämpft.

„Ech denken, mir hunn d’Verbindung zur Natur verluer. Vill vun eis hunn eng selbstbezunne Weltusiicht a mir gleewen, mir wieren den Zentrum vum Universum. Mir ginn an d’Natur a plëmmen hir Réistoffer“, erkläert de Joaquin Phoenix. Däitlech kritiséiert hien uschléissend d’Mëllechproduktioun an attackéiert déi mënschlech Spezies, datt mir et eis erlaben, Kéi kënschtlech ze befruchten, hir d’Kallef ewech ze huelen an uschléissend d’Mëllech – déi dach fir d’Kallef geduecht war – an de Kaffi oder de Müsli ze schëdden.

Joaquin Phoenix

Screenshot vum Video

Datt seng Priedegten och vun Handlunge gefollegt ginn, huet den Acteur schonn een Dag no der Präisiwwerreechung bewisen. A Kooperatioun mat der Déiereschutzorganisatioun Farm Sanctuary, déi Déieren aus der Landwirtschaft ophëlt an hinnen op engem sougenannte Gnodenhaff ee gerecht a schéint Liewen erméiglecht, huet de Phoenix eng Kou mat hirem Källefche gerett. D’Aktioun gouf mat engem Video festgehalen.

Et sollt een awer wëssen, datt et sech hei ëm keen esou gewéinlecht Schluechthaus zu Los Angeles handelt. De Bedreiwer Anthony Di Maria suergt dofir, datt d’Déieren all a gudder gesondheetlecher Verfassung sinn, datt si am Fräie stoen an d’Sonn genéisse kënnen, jo datt souguer d’Källefcher bei hirer Mamm bleiwe kënnen. „Wann ee Kallef op mengem Grondstéck gebuer gëtt, leenen ech et of, der Mamm de Bebe ewech ze huelen“, sou den Anthony.

Wat hien allerdéngs spéider als „Recolte“ ugesäit ass a bleift fir den Oscar-Präisdréier a vill aner Déiereschützer Mord. A manner wéi 60 Sekonne géifen d’Déiere stierwen, wat déi humaanst Aart a Weis zur Recolte vum Land wier. Fir den Joker-Star steet awer fest: „Ech brauch keng Wëssenschaft, fir mat mengen eegenen Aen ze gesinn an ze héieren, wéi een Déier op Péng reagéiert.“ An esou huet hien d’Kou Liberty an hiert Klengt, den Indigo, matgeholl op eng Farm, wou si net geschluecht wäerte ginn.

Joaquin Phoenix

“All d’Kéi bei Farm Sanctuary si gerett ginn. Den Ënnerscheet vun der Energie tëscht den Déieren am Schluechthaus an Deenen am Asyl, ass onbestreitbar” – Foto: Screenshot aus dem Video

Veganer säit der Kandheet

Reegelméisseg notzt de Joaquin Phoenix säi Bekanntheetsgrad fir esou ëffentlech fir den Ëmwelt- an Déiereschutz anzetrieden. Scho säit senger Kandheet lieft hie vegan, leent souguer bei de Filmrollen of, Kleedung aus Déierematerial ze droen. Nieft Farm Sanctuary ënnerstëtzt hie weider Déiereschutzorganisatioun, wéi beispillsweis Peta.

Als 4 Joer jonke Bouf huet den Acteur misse mat ukucken, wéi Fësch gefaangen an um Bord vum Schëff bewosstlos geschloe gi sinn. Hien huet dëst Verhalen als falsch an ongerecht opgeholl. „A gewësser Weis hunn ech et wéi ee grousse Muechtmëssbrauch ëmpfonnt. An dësem Moment wousste mir, datt mir ni méi Fleesch iesse géifen“, erkläert de Phoenix. Mat mir mengt hien iwwregens seng Geschwëster, déi d’Situatioun och ni richteg verkraaft hunn.

Et wäert een och an Zukunft fir d’Befreiung vun allen Déieren, déi ënnert dem oppressive System leiden, kämpfen. Trotzdeem sollt een déi lescht Victoiren unerkennen a feieren, sou wéi och déi Persoune luewen, déi hir Hëllef ugebueden hunn. „De Shaun Manson, d’Amy Jean Davis an déi ganz LA Animal Save Gemeinschaft hu Péng op sech geholl fir Zeien ze sinn an hunn et an effektiven diplomateschen Asaz verwandelt, fir all déi, déi keng Stëmm hunn. Als Resultat dovu wäerten d’Liberty an den Indigo nimools Grausamkeet erliewen oder Gewalt spieren“, sou de Phoenix schlussfolgerend.

Ähnlech Sujeten Déiereschutz, Farm Sanctuary, Indigo, Joaquin Pheonix, Joker, LA Animal Save, Liberty, Mëllechindustrie, Oscar, Schauspiller, Schluechthaus, Vegan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel