Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
ArcelorMittal hält d‘Stolproduktioun un
International Neiegkeeten

ArcelorMittal hält d‘Stolproduktioun un

Säit gëschter huet den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal seng Produktioun lues

dislike
D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie
International Neiegkeeten

D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie

Se si Magistrate, Universitairen oder Bänker. Mee hannert hirem Profil

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!
International Neiegkeeten

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 4 Herbergen

Joe Biden hëlt Nominéierung als Presidentschaftskandidat un

Parteikonvent vun den US-Demokraten: „Den Trump huet Amerika net beschützt“

Joe Biden hëlt Nominéierung als Presidentschaftskandidat un

Bei sengem Optrëtt um virtuelle Parteikongress, huet de Joe Biden versprach de President vun allen Amerikaner ze sinn, an net nëmme vun deenen déi hie wielen. De Kandidat vun den Demokraten trëtt mat der Senatorin Kamala Harris géint de charismatesche Milliardär Donald Trump (Rep.) un.

De Joe Biden (77) huet um Donneschdegowend (Lokalzäit) versprach, zesumme mat der 55 järeger Senatorin aus Kalifornien d‘Land no véier Joer Donald Trump ze vereenen, d‘Covid19-Pandemie an de Grëff ze kréien a Milliounen Aarbechtsplazen ze schafen. Den demokratesche Kandidat war Vizepresident an der Obama-Regierung. Hie wëll sech géint déi „rassistesch Ongerechtegkeet“ an de Klimawandel asetzen.

A senger Ried ass de Joe Biden op dem amtéierende President seng Verfeelungen agaangen a stellt fest: „Onsen därzäitege President huet a senger grondleeëndster Flicht géintiwwer der Natioun versot. Hien huet eis net beschützt. Dat ass onverzeilech“. Als President géif hien den Amerikaner säi Wuert ginn: „Ech wäert Amerika beschützen, et wäert eis géint all Ugrëff – siichtbar oder onsiichtbar – verdeedegen, ëmmer, ouni Ausnam, all Kéiers“.

Interessant Schwéierpunkten

De méiglecherweis zukünftegen Hausmeeschter vum Wäissen Haus huet a senger Nominéierung-Ried op eng Rei Schwéierpunkte vu senger Presidence higewisen:

schonn um éischten Dat vu senger Amtszäit (Januar 2021) wëll hien ee Plang zur Andämmung vun der Covid19-Pandemie virstellen. Esou soll et eng landeswäit Maskeflicht ginn, well ouni wierklech konsequent Moossnamen, kéint sech och d‘Wirtschaft net erhuelen (d‘USA verzeechne grad ee Minus vun ëm 30% vum BIP) an dat hätt den Donald Trump bis ewell nach ëmmer net verstanen.

JoeA wéi schonn den Donald Trump, versprécht och de Kandidat vun den Demokraten d‘Wirtschaft nees un d‘Rullen ze bréngen a Millioune Mënschen eng Aarbecht ze verschafen. Zudeem wëll sech den Joe Biden dem Klimawandel entgéintstellen, deen eng existenziell Bedreeung duerstellt. De Gesondheetssecteur an d‘Sozialversécherung solle gestäerkt, deels esouguer reforméiert ginn.

Dem institutionaliséierte Rassismus an dem disproportionéierten Asaz vu Gewalt duerch d‘Police wëll de Joe Biden entgéinttrieden. Un der Militariséierung vun der Police, wéi se ënnert dem Barack Obama ugekuerbelt ginn ass, soll sech näischt änneren, mee d‘Formatioun vun de Beamte misst esou reforméiert ginn, datt et net méi zu weideren Affer, wéi dem George Floyd kënnt.

JoeEsou eppes ass net zum Nulltarif ze kréien an dat néidegt Geld kéint sech opdreiwe loossen, andeem déi vum Donald Trump duerchgesate Steiererliichterungen nees réckgängeg gemaach géifen. Dat awer ass ouni d‘Zoustëmmung vun de Republikaner, déi de Senat kontrolléieren net ëmzesetzen. Dofir gouf et kee Wuert zu dréngend noutwennege Reformen an der Aussepolitik.

mat indymedia/nyc

Foto: D‘Jill an de Joe Biden kucken sech d‘Freedefeier zu Wilmington (Delaware) un. Et war ee surreale Parteikonvent deen d‘Demokraten higeluecht hunn. © Ruby Cramer/Buzzfeed (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Demokraten, Joe Biden, Kamala Harris, US-Wahlkampf 2020, Wahlverspriechen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel