Search

You may also like

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?
International Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?

[onionbuzz quiz-id=169][/onionbuzz] Beetebuerg kennt all Kand – ënnert anerem wéinst

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop
International Kultur Neiegkeeten

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop

Nodeems de Komiker Wolodymyr Selenski am Abrëll d‘Presidentschaftswahle gewonnen hat,

dislike
Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën
International Kultur Neiegkeeten

Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën

Spuenien, Frankräich, Italien an Däitschland  – Si sinn déi beléiftsten

Eigentlech wëllen si just „entertainen“

Mee och Kënschtler mussen zuweile Verantwortung iwwerhuelen, a wéi dat geet gëtt iech hei erzielt

Eigentlech wëllen si just „entertainen“

Dat de Joko an de Klaas vu Pro7 net nëmme Komiker sinn, hunn se schonn s erëm bewisen. An der Show „Joko und Klaas gegen Pro7“ hunn déi zwee Entertainer 15 Sendeminutten, (déi gëschter, de Mëttwoch gelaf sinn) gewonnen, déi si esou notze kënnen, wéi si wëllen. A mir goufen iwwerrascht, si hunn dës Zäit genotzt, fir d’Leed vun de Mënschen a Moria ze dokumentéieren, Migrante koumen och selwer zu Wuert. Si wollten domat weisen, wat tatsächlech an Europa ofleeft.

Moria ass en eescht Thema. Onmënschlech Zoustänn, erschreckend! Videoe vun enger Flüchtlingsrees gi gewisen, et ass däitlech, datt ze vill Passagéier ënnerwee sinn. Am Flüchtlingslager ukomm, gëtt geduecht, en neien Ufank géing virun der Dier stoen, mä Hoffnungen an Erwaardunge ginn net erfëllt. D’Lager ass iwwerfëllt, onhygienesch an d’Ëmstänn loossen zweiwelen, ob dëst wierklech Europa ass.

Et mierkt een de Moderatoren un, dass dës Minutten och net einfach fir si sinn, et ass näischt fir schwaach Nerven, bal net ze erdroen. Et gëtt gewarnt: Kanner vum Bildschierm ewechhalen! A mat där Warnung hunn se Recht, et ass grausam, wat een ze gesi kritt!

De Milad (21 Joer) ass säit néng Méint am Lager ënnerbruecht: “Et ass de gréisste Feeler vu mengem Liewen, datt ech op dës Insel komm sinn, wéi mir d’Hütten an d’Situatioun gesinn hunn, ware mir nach méi fäerdeg mat den Nerven. Schockéiert!” D’Haiser waren aus Stécker Holz an Dicher gemaach, et ass kee fléissend Waasser ginn. „Mir ware gebrach. Ass dëst Europa? D’Wierklechkeet?”

De Passage war immens schwéier, mä richteg geféierlech ass et ginn, ewéi d’Küstewaach seng Hänn mat am Spill hat. Ausserdeem erzielt en, datt d’Küstewaach de Motor vum Boot zerstéiert huet an si zeréck op d’Mier gedriwwen huet. Et waren nach 40 weider Passagéier u Bord. Do goufen se deeglaang um Mier dreiwe gelooss.

Honger an Duuscht hunn se gequäält – nach elo! Iergendwann hat d’Küstewuecht dunn awer “Matleed” an huet d’Boot mat de Passagéier u Land bruecht.

Och d’Feier huet de Flüchtlingen dat wéinegt geholl, wat si iwwerhaapt nach hire Besëtz konnten nennen. De Milad erzielt vu Chaos an Tréinegas wat bei Kanner agesat gouf. Hie seet, datt dat Schlëmmst mol net d’Feier selwer war, et waren d’Autoritéiten déi Angscht a Schrecke verbreet hunn – déi Biller, déi Biller, déi den Zuschauer ze gesi kritt, bestätegt dës Virwërf. D’Arméi blockéiert d’Stroossen. Mënsche wëllen sech a Sécherheet bréngen, et ass en Schreckenszeenario. Fraen a Kanner kräischen. Et gëtt eng Léisung gebraucht, fir d’Mënschen a fir d’Land. Esou däerf a kann et net weidergoen!

An dofir appelléieren de Joko an de Klaas un d’Ëffentlechkeet.

Ass dat wierklech Europa?

Foto: © Joko & Klaas / pro7

Related topics Entertainer, Flüchtlingen, Humanitéit, Joko a Klaas, Moria, Pro7, Solidaritéit
Next post Previous post