Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Solidaritéit mat de Kollegen aus Mëttelamerika
Neiegkeeten Sport

Editorial: Solidaritéit mat de Kollegen aus Mëttelamerika

Zanter Méint, wann net Jore, sinn d’Journalisten a Mëttelamerika eppes

International Animatioun um Escher Street Festival
Neiegkeeten Sport

International Animatioun um Escher Street Festival

Ausgangs leschter Woch hat Stad Esch/Alzette bei guddem Wierder an

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten Sport

ASTI – dräi Projete fir d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg

Am Joer 2015 ass Lëtzebuerg, genau wéi de Rescht vun

Dammefussball: Jonglënster mat engem „Remis“ zu Beetebuerg

D‘Damme vum SC Beetebuerg kënnen sech weider un der Tabellespëtzt behaapten

Dammefussball: Jonglënster mat engem „Remis“ zu Beetebuerg

Et war um 16 Spilldag an de éischter Liga vum Dammefussball zu enger interessanter Renconter tëscht dem SC Beetebuerg an der Jeunesse Jonglënster komm. Béid Mannschaften haten hir eegen Halbzeit, an um Enn hunn sech d‘Equippen d‘Punkte gedeelt.

Vun Ufank hunn ass et zu Beetebuerg hell ewech gaangen. Hei ass sech net laang domatter opgehale ginn de Géigner ze observéieren, et ass direkt a geziilt no vir gespillt ginn. An der 5. Minutt huet Beetebuerg mat enger éischter Aktioun vum Senada Ceman (31) – dat véier Spillerinne vu Jonglënster stoe gelooss, an d‘Goalkeeperin iwwerspillt huet, beim Ofschloss de Ball awer iwwert d‘Lat gesat huet – gewisen datt si hire Gäscht net den Terrain géifen iwwerloossen.

Jonglënster huet net op sech waarde gelooss an op dës éischt seriéis Attack mat engagéiertem Asaz reagéiert. An der 8. Minutt ass am Beetebuerger Strofraum zu eppes „Gewulls“ komm, an d‘Jessica Birkel (11) vun der Jeunesse Jonglënster hat déi besser Reaktioun. E gléckleche Goal deen d‘Gäscht a Féierung bréngt. Dat huet déi Beetebuerger um falsche Fouss erwëscht. Mat engem aggressive Spill vun der Jeunesse Jonglënster am Mëttelfeld, hunn déi Beetebuerger net an d‘Spill fonnt.

Obwuel déi Beetebuerger Damme schwéier ënner Drock gerode sinn, konnten si sech mat zwou flotten Aktiounen ervirdoen. Esou an der 29. Minutt, wou d‘Anouchka Besch (11) eng schéin individuell Aktioun gewisen huet, an dem Kate Thill (20) de Ball zougespillt hat, dee säi Parcours awer un der Lat beendegt huet. Dann nach emol kuerz virun der Paus, wou d‘Senada Ceman de Goal um Fouss hat, de Ball awer eppes ze héich ugesat war. De Score zur paus 0:1.

Si hu sech nees gefaangen

Wat sech an der Kabinn während der Paus ofgespillt huet wësse mir net, mee déi Beetebuerger sinn onbeandrockt a mat fester Moral an déi zweet Halbzeit gaangen. Knapps datt den Arbitter ugepaff hat, ass et op de Géigner duergaangen. An der 46. Minutt sollt et sech bezuelt maachen, datt méi Initiativ a Kampfgeescht sech breet gemaach huet. Op de Schoss vum Anouchka Besch, konnt déi Jonglënster Goalkeeperin, Tamara Cardoso (1) ganz gutt reagéieren, mee leider huet d‘Senada Ceman méi séier wéi d‘Defense agéiert, a huet esou zum Ausgläich de Ball an de Goal gesat.

Jonglënster

Vun do un haten d‘Damme vum SC Beetebuerg de Match an der Hand. Si hunn haaptsächlech Drock op der lénker Säit opgebaut, dee vun der Kapitänin Marie-Amelie Albrand (18) ausgaangen ass. Et ass konsequent no vir gespillt ginn, an esou koum et zu ee puer bewegenden Aktiounen, bei deenen sech d‘Tamara Cardoso besonnesch ervirgedoen huet. Esou an der 62. Minutt, wou si de Schoss vum Kate Thill gekonnt ofgewiert huet.

An der 70. Minutt gouf et den Highlight vum Match: wou déi Jonglënster Goalkeeperin an engem éischten Ament de Schoss vum Lea Pizzimenti (8) bravouréis ofgewisen hat, an den Noschoss vum Anouchka Bësch, gläichfalls glänzend paréiere konnt. Mee Den Drock op de Jonglënster Goal huet net ofgeholl, an esou kënnt et an der 77. Minutt zum onweigerlechen. D‘Tamara Cardoso, huet nach de Schoss vum Anouchka Bësch „erwëscht“, de Ball war ze kuerz ofgewiert, an do huet d‘Sabrina Dukovski (4) d‘Aluedung zum 2:1 dankbar ugeholl.

Et ass ëmmer eréischt dann eriwwer wann ofgepaff ass

Wien da gemengt hätt d‘Bier wier geschielt, a Beetebuerg géif och op dësem Spilldag mat der voller Punktzuel vum Terrain goen, deen huet sech geschnidden. Déi éischt Warnung huet et an der 85. Minutt ginn, wou dem Jessica Birkel säi behäerzte Schoss d‘Lat gesträift huet. Dat huet der Equipp vu Jonglënster nees Mutt gemaach, an si hu weider bäigehalen. An der 89. Minutt huet Jonglënster e Fräistouss zougestane kritt, säitlech (riets) vum 16. Meter, an hei huet O‘Hannrachain Maeve Aine (15) déi Beetebuerger Goalkeeperin iwwerrascht a den net onverdéngten Ausgläich erziilt.

Stëmmen zum Spill:

Fir d‘Carina Nogueira Alves(13) vun der Jeunesse Jonglënster, ass d‘Resultat esou an der Rei. „Déi éischt Halbzeit huet eis gehéiert, wou si mat eisem aggressive Spill net eens gi sinn“. De fréie Goal an der zweeter Halbzeit huet eis iwwerrascht an Afloss op eist Spill geholl. Ganz kloer hunn déi zweet 45 Minutten de Beetebuerger gehéiert, woubäi mir decidéiert dergéint gehalen hunn. An de 2:2 zum Schluss ass d‘Belounung fir den Asaz vun eiser Mannschaft.

Op Beetebuerger Säit huet eis d‘Kapitänin Marie-Amelie Albrand (18) de Match aus hirer Siicht duergestallt. Hei muss e kloer soen: „mir hunn déi éischt Halbzeit verschlof“, an esou konnte mir net an d‘Spill erfannen. Eb däitlecht Zeechen datt mir nach musse weider un eis schaffen, an esou laang wéi et „mathematesch“ nach net opgeet, muss all Renconter mat 100% Asaz gespillt. Déi zweet Halbzeit ware mir nees um Dill, mee ugesiichts de ville Chancen, muss mir d‘Effizienz vun eisem Spill verbesseren. „Hei war méi dra wéi mir erausgeholl hunn“.

Opstellung vun den Equippen

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 16 Kim Nilles, 18 Marie-Amelie Albrand, 9 Sadine Correia, 29 Tamara Aniset, 21 Oceane Testard, 8 Lea Pizzimenti, 31 Senada Ceman, 20 Kate Thill, 88 Amenis Correia, 11 Anouchka Bësch. Reserve: 4 Sabrina Dukovski, 17 Sheila Hoja, 6 Sarah Witry. Trainer Daniel Nunes.

Jeunesse Jonglënster: 1 Tamara Cardoso, 31 Noemie Tiberi, 13 Carina Nogueira, 8 Lynn Ruppert, 5 Emma Kremer, 9 Kelly Mendes, 23 Sandy Sauber, 17 Nadine Tangeten, 11 Jessica Birkel, 18 Hayette Ghodbane, 7 Laura Davelli. Reserve: 15 O‘Hannrachain Maeve Aine, 20 Sara Olivieri, 2 Lynn Gengler. Trainer: Ronald Martinelli.

Foto: Luigi De Stephanis

Ähnlech Sujeten Championnat, Dammefussball, Fussball, Jeunesse Jonglënster, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel