Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee
Meenung Neiegkeeten

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee

Si mer eis éierlech: d‘Spots fir Wahle si meechtens décke

Bio a Vegan – De Funk-Bricher verbënnt Ideologien
Meenung Neiegkeeten

Bio a Vegan – De Funk-Bricher verbënnt Ideologien

Et muss een et deene Käerjenger loossen, si hunn et

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!
Meenung Neiegkeeten

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!

An erëm ass et esouwäit: all 5 Joer gi mir

Jonk Demokraten op de falsche Wee geroden:

Wien ass hei de Populist?

Jonk Demokraten op de falsche Wee geroden:

„De post-fossillen Zäitalter, dee muss haut ufänken an net muer ufänken. An et gëtt net schrecklech vill Méiglechkeeten, fir deen anzeleeden. Déi éischt, dat ass bal am Moment emol déi wichtegst: Dat ass d’Energiespueren.“

Dëst sinn d’Wierder vum François Bausch a senger Reaktioun op d’Ried zur Lag vun der Natioun aus dem Joer 2011. Nodeem den Här Bausch ab dem Joer 2013 Regierungsverantwortung iwwerholl huet, ännert sech d’Tounlag e bësselchen: Am Wort-Summerinterview (9. September) geet hie folgendermoossen zitéiert:

Wort: „Theoretisch könnte Luxemburg sich zurückziehen. Ist das eine Option? F.B.: Bei Google fände ich das falsch (…) Wenn wir das Datenzentrum nach Luxemburg bekämen, wäre das ein gutes Signal (…) Es wäre ein Fehler, ausgerechnet bei Google einfach Nein zu sagen.“

Google huet éischte Schätzungen no en horrende Stroumverbrauch: No der Ulafphas 12% (!) vum nationale Gesamtstroumverbrauch. Aner Schätzunge gi vun engem Verbrauch aus, deen nach wäit driwwer leie kéint. Horrend Zuelen och beim Waasserverbrauch:

Wann d’Uelzecht net genuch ofgëtt, soll d’SEBES-Drénkwaasser als Backup déngen – dat an enger Zäit, wou haut schonn Etüde lafen, wou et an d’Richtung geet, datt mir an Zukunft eist Drénkwaasser aus der Musel bezéie mussen, well déi aktuell Drénkwaasser-Reserven net méi duerginn.

Datt déi gréng op emol esou e plëtzleche Mentalitéitswiessel vollzunn hunn, wonnert bei där aktueller Politik wierklech kee méi. Kleng a mëttelstänneg Betriber si mat engem iwwerdriwwene Virschrëftekatalog geplot, multinational Konzerner kréien de roude Steier- a Prozedurenteppech ausgerullt.

An deem Kontext muss een awer och staunen, wann déi jonk Demokraten der ADR an CSV Populismus am Dossier Google virwerfen. Mat de Wierder vum Gast Gibéryen (och an engem Wort-Interview) ass eigentlech, wat d’Fakten ugeet, alles gesoot:

„Außer einem Prestigegewinn ziehe Luxemburg keine Vor-, sondern nur Nachteile aus der Ansiedlung des Internetriesen, der nur wenige Steuern zahle, dafür aber viel Personal aus dem Ausland benötige.“

Genee op dësen Interview berifft sech d’JDL, fir hir Positioun vum Populismus ze ënnermaueren. Déi jonk Demokrate schwätzen op Google bezu vun enger „wirtschaftlichen Diversifizierung“.

Elo stelle mir eis als ADRenalin awer d’Fro: Wien ass eigentlech populistesch? Et ass onverantwortlech, Google als Innovatiounsmotor vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ze verkafen, hei geet et just ëm e Stockage vun Daten. D’Date ginn hei zu Lëtzebuerg geparkt – net méi, net manner. D’Kritik un engem Betrib, dee fir Lëtzebuerg mat méi Nodeeler, ewéi Virdeeler verbonnen ass, als „populistesch“ ofzestempele – dat ass nu wierklech populistesch!

Matgedeelt vun der ADRenalin; d‘Meenung vun de Partien ass hir eegen

Foto: Dima Gorozya / Pixabay

Ähnlech Sujeten ADRenalin, Google, JDL, Jonk Demokraten, Populismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel