Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verschleeft, geschloe, verkaaft: Sklaverei a Libyen e Geschäft dat leeft
Neiegkeeten

Verschleeft, geschloe, verkaaft: Sklaverei a Libyen e Geschäft dat leeft

Um Méindegowend huet de Mahamadou Issoufou, President vum Niger, dat

De Gunter Gabriel ass Doud
Neiegkeeten

De Gunter Gabriel ass Doud

Wéi aus der Matdeelung vum Country- a Schlagersänger senger Agentur

Pipo Peng: Eng flott Moss
Neiegkeeten

Pipo Peng: Eng flott Moss

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Déi jonk Enseignanten hunn es bis iwwert d‘Oueren

Si sinn es leed datt de Minister de Geck mat hinne mécht an hunn en Appell un e geriicht

Déi jonk Enseignanten hunn es bis iwwert d‘Oueren

Et geet duer, d‘Mooss ass voll! Esou an net anescht muss een de Gemittszoustand vun de jonken an zukünftegen Enseignante beschreiwen. Si waren zu hirer 250 dem Opruff vu SEW-OGBL, FGIL an FNCTTFEL gefollegt, an hu sech e Samschdeg am Syndikat-Casino zu Bouneweg zolidd geiergert.

Richteg ass, datt den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) den Dossier iwwert déi lescht 12 Méint „verschleeft“ huet, an am Sträit beim Stage zu berufflecher Aglidderung keng valabel Porpose op den Dësch geluecht huet. Et dierft awer och dem Minister kaum entgaange sinn, datt dësen ominéise Stage weder den Ufuerderungen nach den Uspréch vun de Betraffenen entsprécht.

Fir de Patrick Arendt, President vum SEW-OGBL, beweegt ee sech esou op e Sozialkonflikt duer, well et géif net emol de Versuch gemaach sech dem Problem mat néidegen Eescht unzehuelen. An dobäi geet eigentlech ëm eppes ganz Einfaches: d‘Aféiere vun engem Stage dee Sënn mécht, an net een wou d‘Stagiairen hir Zäit verléieren. Ganz ofgesi vum Drock deen op d‘Läit ausgeüübt gëtt.

Kloer a verständlech Fuerderungen

Wat vu SEW-OGBL, FGIL an FNCTTFEL gefuerdert gëtt ass esou verständlech wéi einfach. Et muss emol direkt déi onséileg Bewäertung ad acta geluecht ginn. Dat wier schonn e Fortschrëtt. Et kann zudeem net sinn, datt Enseignante während dem Stage, nach emol déi selwecht Formatioun absolvéieren, wéi déi wou si schonn an der „Schoul“ erhalen hunn, an eigentlech beherrschen.

Et soll och keen – vir unzefänken de Minister – dem Patrick Arendt a senge Kollegen erzielen, datt esou wéi d‘Konditioune fir d‘Beruffsufänger sech duerstellen, de Metier nach als „attraktiv“ kéint bezeechent ginn. Wann een dann och nach berécksiichtegt, datt et net grad en Iwwerschoss bei den Enseignante gëtt, kann ee sech als Gewerkschaftler wonneren, wéi et zu esou Konditioune kënnt.

Eng noutwenneg Reform

D‘Gewerkschaften hunn och kee Versteesdemech dofir, datt den Enseignant-Stagiaire parallel zu de Stonnen an deenen hien d‘Wësse vermëttelt, eng Formatioun soll absolvéieren. „Et ass déi Zäit déi si eigentlech mat de Schüler verbrénge sollten“, mengt de Patrick Arendt, dee keen Zweiwel dru léisst, datt de Stage zur Beruffsaglidderung muss reforméiert ginn, an zwar dréngendst.

Hei dann och d‘Fuerderung no engem „pedagogesche Beroder“ deen eng Vertrauenspersoun muss sinn, déi de Stagiaire iwwert déi éischt Joer am Enseignement begleet. Och sollt et dem Stagiaire méiglech sinn, säin „Tuteur“ selwer auszewielen, an dësem muss entspriechen Handlungsfräiheet zougestane ginn, datt eng éierlech a vertrauensvoll Relatioun tëscht Tuteur a Stagiaire bestoe kann.

Foto: Eng däitlech Fuerderung, wéi se am Casino gutt Siichtbar opgestallt ginn ass. (tom)

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Educatioun, Educatiounsministère, FGIL, FNCTTFEL, Patrick Arendt, SEW-OGBL, Stagen, Stagiairen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel