Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Bréissel muss nach en Effort maachen?
Meenung

Brexit: Bréissel muss nach en Effort maachen?

An 20 Deeg um Mëtternuecht soll den Austrëtt vu Groussbritannien

dislike
De ganz normale Wahnsinn
Meenung

De ganz normale Wahnsinn

Wann et em Waffe geet, verstinn d’Amerikaner kee Spaass. Dat

dislike
Biodiversitéit-Hotspot duerch Plastik verseucht
Meenung

Biodiversitéit-Hotspot duerch Plastik verseucht

Wéi d‘Equipp vu Greenpeace Südostasien-Philippinnen et déi lescht Woch matgedeelt

Jonk Journalisten: Fokus op Klima, Mobbing an Aarmut (e Kommentar)

E Concours mat Rekordbedeelegung

Jonk Journalisten: Fokus op Klima, Mobbing an Aarmut (e Kommentar)

Fir déi fënneft Editioun haten sech 72 Schoulklasse gemellt, awer nëmme 44 hunn der um Enn och en Dossier am Delai agereecht. Vun all de Participanten hunn der néng e Präis am Wäert vun 250 € erhalen. D‘Präisiwwerreechung huet e Méindeg am Mamer-Lycée Josy Barthel stattfonnt.

Organiséiert gëtt de Concours vum Presserot an Zesummenaarbecht mam Educatiounsministère. D‘Jury: Vertrieder vum Presserot, dem Zentrum fir politesch Bildung, de Service Koordinatioun vun der Fuerschung an de pedagogeschen an technologeschen Innovatiounen (SCRIPT) a Vertrieder vun der Schoul an där de Vernissage vun der Wanderausstellung gemaach ginn ass.

Laut deem wat eis zougedroe ginn ass, hätt d‘Jury ganz besonnesch an héichwäerteg Produite virgeluecht kritt. Déi grouss Unzuel vu Beiträg, op geschriwwen, als Video oder Tounopnam, an d‘Qualitéit, hunn et der Jury net einfach gemaach. Esou zumindest d‘Ausso vum Generalsekretär Roger Infalt (Tageblatt) géintiwwer de „Kollegen“. Dat kann een esou am Raum stoe loossen.

Erfreelech awer ass de Fait, datt déi Jonk sech fir d‘Medien interesséieren, och wann op dëser Plaz bedauert gëtt, datt alt nees dem Claude Meisch, Educatiounsminister, seng Zukunft alles wéi eben net lëtzebuergesch schwätzt, a leider och net schreift. Dat ass keng Kritik un der Aarbecht vun dëse jonke Mënschen déi hir Aufgab bravouréis erleedegt hunn, mee e Constat dee muss erlaabt sinn.

Bei den Themen huet sech d‘Jugend eppes ze staark op d‘Themen aus hirer eegener Aktualitéit fokusséiert. Net datt Klima, Mobbing an Aarmut kee valabele Sujet sinn, mee ugesiichts dem Fakt, datt dëst Joer Europawahle sinn, an d‘Jugend grad un Europa sollt e staarkt Interessi hunn, hätt en dozou och gären eppes gelies, gesinn oder héieren. Gëtt et méiglecherweis dofir e gudde Grond?

Wann ee berécksiichtegt, datt déi „jonk Journalisten“ vun engem edukative Personal encadréiert gi sinn, muss een dierfen unhuelen, datt si och „pedagogesch beaflosst“ goufen. Heibäi ass et egal ob dat am reng edukative Spektrum gerechtfäerdegt ass, eng gewësse Form vun der „Zensur“ léisst sech dowéinst net ausschléissen. Freet sech och, firwat keng Journalisten déi Jonk encadréiert hunn.

Egal, et ass e flotten Exercice an déi jonk Mënsche gi jo net méi domm dovunner. Zudeem bitt et d‘Méiglechkeet eng Generatioun un déi systemrelevant Medien erunzeféieren. Wann een dann an engem Communiqué liest, datt „spezialiséiert Intervenante“ – eng Pressezeechnerin an en Theater Auteur – fir den Point Info Jeunes agéieren, vergeet engem d‘Loscht esou séier wéi ee se kritt huet.

Ähnlech Sujeten Conseil de Presse, Educatiounsministère, Jonk Journalisten, Jugendinfo, SCRIPT, Zentrum fir politesch Bildung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel