Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf
International Kultur Neiegkeeten

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf

Vun der ganzer Welt hierkomm oder op der Plaz rekrutéiert,

Neijoerschreceptioun zu Schëffleng: Och 2019 mussen d‘Äerm eropkrämpelt ginn
International Kultur Neiegkeeten

Neijoerschreceptioun zu Schëffleng: Och 2019 mussen d‘Äerm eropkrämpelt ginn

Den 8. Januar huet de Schëfflenger Gemengerot zur traditioneller Neijoerschreceptioun

3. Anger Fest an der Kulturfabrik
International Kultur Neiegkeeten

3. Anger Fest an der Kulturfabrik

Metal-Fans opgepasst! Um 24. November 2018 presentéiert d’Assossiatioun Screaming Skull

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!

Déi 5. Editioun vum 26. Juni bis den 30. August 2020

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!

Als grousst Treffen a Plattform fir jonk KënschtlerInnen dréit déi Jonk Konscht Triennal zum Ausbau vun der jonker Zeen vun der zäitgenësseger Konscht zu Lëtzebuerg an der Groussregioun bäi. D’Evenement, wat 2007 entstanen ass, doduerch datt Lëtzebuerg zur Kulturhaaptstad vun Europa ginn ass, luet all dräi Joer Kënschtler zum Matmaachen an!

Dëst Joer steet d’Triennal ënnert dem Motto „Brave New World Order“. Déi 5. Editioun riicht sech speziell un d’Millennial-Kënschtler, och „Generatioun Y“ genannt, déi also tëscht 1981 an 1996 gebuer gi sinn. An enger digitaler Welt, bei der de Computer Deel vum Alldag an den Internet als essentiell Informatiounsquell déngen, hu si oft mat Stereotyppen ze kämpfen.

Triennal

© Bohumil Kostohryz

D’Editioun interesséiert sech virun allem fir d’Siicht op d’Problemer vun der haiteger Gesellschaft an d’Beméiungen, d’Zukunft op neie Grondlagen a Systemer (nees) opzebauen. D’Konscht vun de Millenials entsteet an enger komplexer Welt, déi sech rasant verännert. An dofir kann ee sech als Kënschtler virun allem mat dësem Concours Gehéier verschafen!

Ä konzeptuell a kënschtleresch Formesprooch kënnt Dir engem breede Publikum zougänglech maachen. De Kevin Muhlen, Kurator vun der Jonker Konscht Triennal 2020 erkläert, datt et net dorëm geet, artistesch Äntwerten op bestëmmt Froen ze kréien, mee ëm Virschléi, déi Iech fir d’Verständnis vun Ärer Generatioun, sou wéi der aktueller Welt an hire Perspektive wichteg virkommen.

Triennal

© Bohumil Kostohryz

Wichteg Informatiounen

Déi Jonk Konscht Triennal fënnt vu Freides, dem 26. Juni bis Sonndes, den 30. August 2020 statt. Donneschdes, de 25. Juni 2020 ass um 18:00 Auer de Vernissage.

All KënschtlerIn tëscht 20 a 35 Joer, déi zu Lëtzebuerg oder der Groussregioun gebuer ass, wunnt oder schafft dierf sech mellen. D’Bewerbunge kënnen ab Méindes, de 6. Mee bis Freides, den 18. Oktober 2019 agereecht ginn. Déi ausgewielte Projete gi Mëtt November 2019 annoncéiert.

Melle kann ee sech JUST iwwert den Online-Formular, bei deem een déi vollstänneg Kontaktdaten, Informatiounen zum Studium, der Karriär a Projeten, sou wéi eng Kënschtlermapp per Link op eng File-Sharing-Plattform (z.B. WeTransfer) ugi muss. Donieft gëtt och eng Beschreiwung vum Projet an Donnéeën zu den techneschen Ufuerderunge vum Projet, begleet vu Pläng, Skizze Modeller, Fotoen o.ä. (och iwwert eng File-Sharing-Plattform) verlaangt.

Bewerbe kann ee sech och um Site vun de Rotondes. Déi ganz Beschreiwung vun der Triennal, sou wéi d’Konditiounen a weider wichteg Detailer kënnt Dir Iech HEI ukucken.

Ähnlech Sujeten Brave New World Order, Concours, Jonk Konscht Triennal, Konscht, Opruff, Rotondes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel