Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stad Lëtzebuerg: D‘Pensionären hunn hir Diplomer iwwerreecht kritt
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: D‘Pensionären hunn hir Diplomer iwwerreecht kritt

E Freideg hunn 125 Membere vum Personal vun der Stad

USA: De Covid19 am Schluechthaus
Neiegkeeten

USA: De Covid19 am Schluechthaus

D‘Amerikaner hunn eng eppes speziell Ëmgangsweis mat der Pandemie demonstréiert,

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs
Neiegkeeten

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs

Dem Mahmoud Abbas, President vu Palestina, geet de Beholl an

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international

Wéi mer vun der Fondatioun Jonk Fuerscher matgedeelt krute, war vum 13. bis 20. Mee zu Los Angeles (Kalifornien) dee gréisste pre-universitäre Wëssenschaftsconcours ofgehale ginn. Hei hunn sech eng ronn zwee dausend Participanten, tëscht 15 an 18 Joer, a verschiddene Kategorië géinteniwwer gestane. Lëtzebuerg war eent vun de 78 Länner déi deel geholl hunn an dat mat enger Delegatioun aus dräi jonke Fraen: D’Camilla Hurst, Ines Bahlawane an d’Lawina Kadar.

Dem Camilla Hurst säi wëssenschaftleche Palmarès ass impressionnant. Mat senge 16 Joer huet déi jonk Fra schonn dräi mol de nationale Concours gewonnen an divers international Präisser ergattert. Ëmsou méi erfreelech, datt et sech och zu Los Angeles nees konnt duerchsetzen an de véierte Präis a senger Kategorie gewonnen huet. Allerdéngs eng Premiere fir eist Land, dat nach ni ee Präis bei dësem besonnesch kompetitiven Event erzielt huet.

D’Camilla hält Bakterië a Schach

D’Resistenz vun de Bakterien zu den Antibiotiken hellt stänneg zou. Déi ënnerschiddlech Traitementer, mee besonnesch d’Präventioun vun der Iwwerdroung vun de pathogene Bakterië gëtt vun den Instanzen am Gesondheetsberäich virgezun. An dat ass de Sujet vum Camilla Hurst.

Nodeems et 2015 eng nei Bakterië entdeckt huet, dann 2016 bis dohinner déi onbekannt anti-bakteriell Proprietéiten an Evidenz gesat hat, huet déi jonk Wëssenschaftlerin 2017 alles dru gesat de verantwortleche Moleküll ze identifizéieren an dunn ze isoléieren. Fir déi besonnesch héich Kontaminatiounsgeforen op ëffentleche Plazen ze begrenzen, huet d’Camilla Hurst dunn och nach ee Prototyp vun enger selwer botzend Klensch entwéckelt, déi och nach dem Benotzer seng Hänn desinfizéiert all Kéiers wou de Mechanismus aktivéiert gëtt.

Et ass dann och déi pluridisziplinär Approche vun der Fuerscherin déi den amerikanesche Riichter säi globaalt Verständnes vum Problem nogewisen huet. Déi hunn déi déifgräifend Recherche a Mikrobiologie, Biochimie an am Domäne vun der Automatiséierung vun der Gerätehierstellung a Weiderentwécklung vun Applikatioune bewäert, déi derzou bäidréit konkret Léisungen ze bidde bei engem esou wichtegen Thema wéi Epidemien, respektiv Pandemien.

Ee Bléck op den Intel-ISEF

De Concours ISEF (International Science an d’ Engineering Fair) ass de gréissten internationale Wettbewerb op der Welt. Organiséiert vun der amerikanescher „Society for Science and the Public“ a parrainéiert vun Intel mat der Ënnerstëtzung vu sëllech weidere Sponsoren. Dëse Concours gëtt et säit 68 Joer, huet zwou Präiszeremonien déi jee fënnef dausend Leit versammelt. Auserneegesat gëtt sech an 22 Kategorien an et gi Präisgelder an engem Gesamtwäert vu véier Milliounen Dollar verdeelt. Insgesamt sinn 1.200 Riichter am Asaz. Doriwwer eraus braucht den Event eng Fläch vun 2,5 Hektar fir d’Stänn vun 1.800 Participanten aus 78 Länner.

De Concours ISEF setzt d’Rigueur an d’wëssenschaftlech Innovatioun an der Virgrond, mee och d’Engagement vun de jonke Leit, déi d’Fuerscher an d’Erfinder vu muer sinn an schonn haut hir Kontributioun ubidde fir d’Welt vun haut matzegestalten.

Foto: Camilla Hurst (Mëtt), Ines Bahlawane an d’Lawina Kadar um Letzebuerger Stand zu Los Angeles (© Fondatioun Jonk Fuerscher)

Ähnlech Sujeten Fuerschung, Lëtzebuerg, Los Angeles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel