Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 8
Cool Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 8

Datt Lëtzebuergesch schreiwen net esou evident ass, dat weess wuel

cool
Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck
Cool Neiegkeeten

Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck

Gëschter huet déi däitsch Regierung beschloss, seng Truppe vun der

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner
Cool Neiegkeeten

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner

Am Kampf géint d‘Ëmweltverschmotzung gëtt et näischt Besseres wéi Fabricken

cool

Jonk Studenten entdecken den Härebierg

Jonk Studenten entdecken den Härebierg

Am Kontext vun den „Informatiounsdeeg“ vun der Arméi, Police, Douane, Prisong, Ponts & Chaussées, Rettungsdéngschter an städtesch Autobusser (VdL), haten den 15. a 17. Mee iwwer 450 Studenten de Wee op den Härebierg fonnt.

Hei konnten sech déi Jonk Leit e Bild dovunner maachen, wat fir berufflech Méiglechkeeten a Carrièreschancen sech bei dësen ënnerschiddlechen Administratiounen an Institutioune bidden. Et wier vermoossen ze soe wéi e Stand de gréissten Zoulaf hat, mee et dierf sech agestoen, datt d‘Gefierer an de Schéissstand vun der Arméi, fir eng gewësse Begeeschterung gesuergt hunn.

Härebierg

Alles ass gutt a verständlech erkläert ginn. Wat och der Opmierksamkeet vun de jonke Studenten zerguttst komm ass. © EMA

Ganz interessant dann awer d‘Feststellung, datt bei dëse jonke Leit tëscht 13 a 17 Joer, den Interessi u Militärgefierer an den Ëmgang mat Schosswaffen, gläichermoosse bei de Meedercher wéi och bei de Bouwe grouss ass. Eng Carrière als Beruffszaldot bitt dann och, no de Reformen, vill gutt Zukunftsperspektiven, en Argument dat een net nëmme sollt bäileefeg ernimmen.

Vill Intressi huet et och um Stand vun der Police ginn. Och dës Administratioun bitt eng helle Wull un ënnerschiddleche Carrièren a Beruffer un. An d‘Erausfuerderunge sinn och entspriechend villfälteg, wéi een et um Beispill vun der Cyberkriminalitéit ka festmaachen. Och de Stand vun der Rettungsdéngschter war gutt „ëmzéngelt“ a se hunn de Verantwortleche wuertwiertlech Lächer an de Bauch gefrot.

Härebierg

Fir déi ronn 450 jonk Studenten, waren d‘Informatiounsdeeg um Härebierg, eng ganz flott Erfarung. © EMA

Alles an allem, dierfen sech d‘Organisateure vun dësen Informatiounsdeeg bretzen. Langweil ass, net zu gudder lescht well och d‘Wieder matgespillt huet, keng opkomm. Den Encadrement war dann och – vläicht nëmmen en Detail – beschtens organiséiert ginn. All Froen, esou eise Feedback, sinn zefriddestellend beäntwert ginn.

Elo dierf een awer gespaant sinn, wéi vill vun dëse jonke Leit dann och, nom Schoulofschloss, eng vun de sëlleche Carrièren an Ugrëff huelen. Wat si do erwaart, sinn se jo emol gewuer ginn. Stellt sech nach d‘Fro, op déi Institutiounen och alle Wënsch a Fuerderunge vun de Jonke kënnen entspriechen. Well och hei spillt d‘Digitaliséierung eng Roll, déi ee net ënnerbewäerten dierf.

Foto: Den „Dingo“ ass dat Gefier, datt net nëmmen imposant ass, mee och duerch seng villfälteg Asazméiglechkeete bestécht. © EMA

Ähnlech Sujeten Arméi, Douane, Härebierg, Police, Rettungsdéngschter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    4

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    4

  • Crazy

    1

  • Love

    0