Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angry
Frankräich wëll eng Reform vun der SNCF duerchsetzen
Cry Neiegkeeten

Frankräich wëll eng Reform vun der SNCF duerchsetzen

Déi franséisch Regierung muss sech haut enger héich sensibeler Reform

tonguelove
Nostalgie a Rubik’s Cube, fënnef Saachen déi een iwwert Ungarn wësse soll
Cry Neiegkeeten

Nostalgie a Rubik’s Cube, fënnef Saachen déi een iwwert Ungarn wësse soll

An Ungarn gëtt um haidege Sonndeg e neit Parlament gewielt.

angrylove
D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou
Cry Neiegkeeten

D’Keelt setzt net jidderengem d’selwecht zou

Soubal et mi kal gëtt, héiers de awer wierklech jidderee

crying

De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend

De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend

Um Dënschdeg huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) de Joresbericht 2017 virgeluecht, an dee léisst, am Kontext vun engem Land wéi Lëtzebuerg, wéineg Verbesserungen zu de leschte Joren erkennen. An ouni datt den Tiers-Payant generaliséiert gëtt, wäert der ONG d‘Aarbecht net ausgoen.

D‘Chargée de Direction, Sylvie Martin, mécht dann direkt däitlech, datt déi ronn 100 Benevoller vun MdM 2017, net manner wéi 2.144 Consultatioune gemeeschtert hunn. Dat an éischter Linn fir Leit déi wuel um Territoire vu Lëtzebuerg liewen, awer keen Accès zum Gesondheetssystem hunn.

Eng „oppen Dier“ fannen déi betraffen an de „Centre d‘Accueil, de Soins et d‘Orientation“ (CASO) zu Esch (220 Consultatiounen) an zu Bouneweg (1.319 Consultatiounen). Mee och am Foyer „Esperanza“ (605 Consultatiounen) gëtt de kréien d‘Leit déi Soinen déi noutwenneg sinn.

An dësem Kontext, géif een et bei MDM begréissen, wann och esou eng „Ambulanz“ am Norde kéint entstoen. Och do wier de Besoin grouss, wat unhand den Aussoe vun de Betraffene géif ervir goen. Et huet sech deemno géintiwwer 2016 net wierklech eppes zu Lëtzebuerg verbessert.

D‘Haaptaktivitéit vun Doktere vun der Welt

2017 hunn 784 Persoune vum Gesondheetsdéngscht gebrauch gemaach; 880 Mënschen si bei de Soinen op der Strooss kontaktéiert ginn, dovunner 37 Fraen – vun där eng schwanger war – an eng Famill. 73 Zänndokteschpermanencen hunn et méiglech gemaach 121 Leit bei 317 Consultatiounen ze behandelen, 19 konnten esou déi noutwenneg Prothees erhalen.

Och d‘Aendokteren hate vill Aarbecht, an 59 Patienten hunn e Brëll kritt. Et huet och spezialiséiert Hëllef ginn: hei huet de Fokus op Haut-, Häerz, an Longekrankheeten, geleeën. Och am Beräich Urologie, Gastroenterologie, Neurologie, Orthopedie a Psychiatrie huet et 45 Consultatioune ginn.

Bei engem Drëttel vun de Consultatiounen ass eng chronesch Erkrankung (Diabetis, Asthma, Epilepsie, Blutthéichdrock, …) diagnostizéiert ginn. Hei huet de President, Dr. Jean Bottu, dann drop opmierksam gemaach, datt duerch den aktuelle System, eng grouss Donkelziffer bei de chronesch Kranken erwaart muss ginn.

Eng weider Feststellung déi et engem kal de Réck eroflafen deet: An dräi Joer huet d‘Zuel vun de Patienten déi sech un MdM wennen, drastesch zougeholl. Waren et 2015 nach 227 Leit déi vun MdM behandelt goufen, esou waren et der 2016 scho 620, an 2017 da 784 Persounen.

Dat kann ee partiell doduerch erklären, datt d‘Leit haut besser informéiert sinn, an och d‘Informatioun ënnert de betraffene Persoune besser zirkuléiert. Et bedeit awer och, datt d‘Zuel vun de Mënschen déi an der Precaritéit liewen zouhëlt. An dat féiert zu enger weiderer Feststellung.

2017 waren déi meescht Patienten „Nei“. Ënnert de 784 Patienten déi sech un MdM gewannt hunn, waren „nëmmen“ 127 Fäll aus 2016 derbäi. Dobäi, esou den Dr. Jean Bottu, wier et net d‘Vocatioun vun MdM ëmmer méi Soinen ze ginn. Der ONG geet et an éischter Linn dorëms, déi ëffentlech Hand op e Problem opmierksam ze maachen, an d‘Maueren anzeräissen.

Realistesch Recommandatiounen

Well et net kéint sinn, datt et an engem Land wéi Lëtzebuerg keen Zougang zur Gesondheetskeess gëtt, just well ee keng valabel Adress huet. MdM fuerdert, datt alle Mënschen déi sech noweislech zu Lëtzebuerg ophalen, Schutz am Krankheetsfall erhalen.

Zudeem misst séchergestallt ginn, datt all Kand dat sech zu Lëtzebuerg ophält, och en Zougang zu Soinen, a ganz besonnesch zur Impfung huet. Et misst och de Sozialbüroe méi Moyenen zougestane ginn, esou datt déi méi séier a méi effektiv, d‘Demande fir den Tiers-Payant traitéiere kënnen.

Iwwerhaapt sollt sech e Land wéi Lëtzebuerg den Tiers-Payant generaliséieren, besonnesch fir déi vulnerabel Mënschen an eiser Gesellschaft, wier et eng Noutwennegkeet. Kee Mënsch soll op eng Behandlung verzichten, just well hien sech déi net leeschte kann.

Et sollt een och d‘Dokteren an d‘Fleegepersonal esou ënnerstëtzen, fir datt si alle Patienten, onofhängeg vum administrative Statut, déi Soine ginn, déi d‘Leit brauchen. Dat alles si Recommandatiounen déi den normale Mënsch novollzéie kann, mee un Administrativen Hürde scheiteren.

D‘Politik ass wéi esou oft, gefuerdert

Wann sech dann déi Verantwortlech bei Doktere vun der Welt och mat de politesche Parteien „ausgetosch“ hunn, an zouversiichtlech sinn, datt mat de Chamberwahlen, och den Accès zur Gesondheet thematiséiert gëtt, esou dierft de Problem nach laang Bestand hunn.

Et muss ee sech um Krautmaart dann och d‘Fro gefale loossen, firwat e System dee bei eisen Nopere funktionéiert (Aide medicale de l‘Etat – AME, am Frankräich; oder Aide Medicale Urgente – AMU, an der Belsch) net och sollt zu Lëtzebuerg funktionéieren?

Woubäi een och muss drop hiweisen, datt een an Europa just a véier Länner (Frankräich, Belsch, Schweden a Lëtzebuerg) muss d‘Käschte vun der Consultatioun virstrecken. Déi meeschte Länner applizéieren „d‘Prestation en nature“, wat mat sech bréngt, datt all medezinesch Fraise vun der ëffentlecher Hand oder der Krankekeess iwwerholl ginn.

Den Tiers-Payant ze generaliséieren ass dann och nëmmen eng Moossnam déi d‘Politik muss an d‘A faassen. Den zweete Schratt dee muss ënnerholl ginn, ass op administrativem Niveau, op de Noweis vun enger Adress ze bestoen. Och wie keng Wunneng huet, muss am Krankheetsfall gefleegt ginn. Dogéint hëlleft nëmmen den universelle Versécherungsschutz.

Foto: Iwwer 1.300 Consultatiounen huet Doktere vun der Welt op hirem Sëtz zu Bouneweg getätegt, an et gëtt ëmmer méi Aarbecht. MdM fuerdert vun der Politik Verantwortung ze iwwerhuelen, déi administrativ Hürden ofzebauen an den Tiers-Payant ze generaliséieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Doktere vun der Welt, Dr. Jean Bottu, Precariat, Sylvie Martin, Tiers Payant
Nächsten Artikel Virrechten Artikel