Search

You may also like

Nei Serie maachen den Oktober op Netflix spannend
Neiegkeeten

Nei Serie maachen den Oktober op Netflix spannend

En neie Mount, dat heescht och: Neie Stoff op Netflix.

Gewënnspill zum weltwäiten Dag vum Autismus 2019!
Neiegkeeten

Gewënnspill zum weltwäiten Dag vum Autismus 2019!

Zum weltwäiten Dag vum Autismus um 2. Abrëll verlouse mir

Antwerpen féiert Spärstonn an
Neiegkeeten

Antwerpen féiert Spärstonn an

Während bei sech eise belschen Noperen de Coronavirus Covid19 nees

Joresbericht 2019: De LNS setzt säi Wee konsequent weider fort

Joresbericht 2019: De LNS setzt säi Wee konsequent weider fort

De Staatslabo (LNS) huet och am leschte Joer säi Wee vun der Professionalitéit an Exzellenz konsequent fortgesat. Aus dem Joresbericht geet ervir, datt all Gebitt an dësem Zesummenhang signifikant Fortschrëtter erzielt huet.

Mam Zil, dem Land an de Bierger nach besser ze déngen, goufe Prozesser effizient gestallt, nei Kompetenzen entwéckelt a Strukturen optiméiert. Ausserdeem gouf dem Wäertesystem “Together LNS” ofgesat. Dat gëtt am Joresbericht ausféierlech duergestallt.

“2019 war ee “wäertebaséiert” Joer fir den LNS. Wou sti mir, wou wëlle mir hin – a wéi komme mir dohinner? Dëst waren e puer Froen, déi eis 2019 gepräägt hunn. Op d’Froen hunn mir – zesummen an op allen Gebitter – nohalteg Äntwerte fonnt, mat deene mir eis fir déi kommend Jore gutt opgestallt hunn”, seet de LNS-Direkter Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel.

“Iwwer allem stoung dobäi d’Zil, aus enger gudder Organisatioun, eng exzellent Organisatioun ze maachen. Dës ass zemools am Gesondheetswiese vu besonnescher Bedeitung, well dëse Beräich vu permanenter Innovatioun gedriwwe gëtt.”

Together LNS“: Wäerter, déi an der Praxis gelieft ginn

Mat ‚Together LNS’ huet sech de LNS de Wäerter Vertrauen, Respekt, Transparenz, Teamwork, Exzellenz a Professionalitéit verflicht – an am Joer 2019 goufen dës och an der Praxis op villfälteg Weis ëmgesat, seet de Friedrich Mühlschlegel.

“Eis Rechtsmedezin konnt zum Beispill am Kader vun engem europawäite Projet analyséieren, wéi eng Drogen zu Lëtzebuerg an a wellechem Ëmfang verwent ginn. D’Gebitt Medezinesch Biologie huet d‘Massespektrometer-Analysen op véier grouss Medikamentekategorien erweidert, an eis Mikrobiologen hunn d’Akkreditéierung vun engem molekularbiologeschem Test erziilt, deen eng séier hausintern Identifizéierung vun de meeschte Mykosen erméiglecht.

Eisen National Center of Genetics (NCG) féiert elo am LNS souguer déi net-invasiv prenatal Tester (NIPT) duerch, déi zukünfteg Eltere schonn zënter e puer Joer kennen.” Wärend déi genannte Moossname fir nohalteg, vu Mënschen inspiréiert Investitiounen an technologesche Spëtzenleeschtunge stinn, gouf och de mënschleche Faktor an 2019 gestäerkt. Esou huet den National Center of Pathology (NCP) de Spezialiséierungsprozess ofgeschloss, mam Zil d’Kompetenze vu sengem Team optimal ze notzen.

Beim Gesondheetsschutz gouf den Déngscht Ëmwelthygiène an biologesch Iwwerwaachung ëmstrukturéiert, woubäi Aarbechtshygiène als neit Gebitt dobäi koum. E weidere Meilestee gouf am Beräich vun der allgemenger Hygiène gesat, dee fir de Gesondheetslaboratoire vu grousser Bedeitung ass. De Service fir Infrastruktur & Logistik erweidert dat internt Botzdéngscht-Team mat geziilter externer Expertise.

Spannend Ablécker

“All dëst weist, datt eng Struktur déi eis Exzellenz an allen Beräicher a Gebitter erfuerdert, an de Joresbericht gëtt spannend Ablécker an d’Ëmsëtzung an d’Detailer vun dëse Moossnamen”, erkläert de Friedrich Mühlschlegel. Déi verschidden “Stories” goufen dobäi an englescher Sprooch – als ëmfaassend Artikel – verfaasst an dono an eng méi kuerz franséisch Versioun iwwerdroen. Ergänzt goufen se duerch “Facts & Figures”. Dës sinn och op Englesch.

Déi méisproocheg Struktur gëtt, esou seet de Friedrich Mühlschlegel, der Positionéierung vum LNS als lëtzebuergesche Gesondheetsacteur mat internationaler Ausstralung gerecht: “Eise Labo ass en Eckpfeiler vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem a senger Groussregioun. Mat der Wal vun Englesch als Haaptsprooch brénge mir als eist internationaalt Team eisen Usproch op Exzellenz fir en héicht internationaalt Land zum Ausdrock. Gläichzäiteg wëlle mir mat der franséischer Sprooch eist kulturellt Ëmfeld vum Land a vun zuelräiche Mënschen,  deene mir déngen, respektéieren. Och de Gebrauch vun e puer lëtzebuergeschen Elementer, souwuel sproochlech wéi och visuell, sinn an dësem Kontext bewosst gewielt. Dat alles mécht eise Joresbericht e bëssen “ongewéinlech”.

2019 getraffe Moossnamen hunn sech am Joer 2020 bewäert

Ongewéinlech fir dëse Joresbericht ass och de Verweis op d’Joer 2019. Opgrond vun der aktueller Situatioun, déi insbesonnesch de Gesondheetssecteur betrëfft, huet sech de LNS dozou decidéiert, aktuell Virfäll a sengem Nowuert ze erwänen – aus guddem Grond, wéi de Prof. Dr. Evelin Schröck, säit Enn 2019 Virsëtzender vum LNS-Verwaltungsrot, betount:

“Well 2020 bis elo en aussergewéinlecht Joer war, hunn mir eis erlaabt, an dësem Nowuert ee Beitrag zu der aktueller Situatioun opzehuelen. Wéi ech am Dezember 2019 de Virsëtz am Verwaltungsrot iwwerholl hunn, war mir kloer, datt mech eng faszinéiert Aufgab erwaart, déi en héicht Mooss u Leidenschaft an Engagement erfuerdert fir nei Weeër ze goen. Dat war och de Grond, firwat ech mech fir dës Roll entscheet hunn. Deemools huet sech kee geduecht, datt e puer Woche méi spéit eng Pandemie d’Welt op d’Kopp geheit. Dat huet gewisen, wéi wichteg et ass, datt an de vergaangene Joren de Wee vun der Exzellenz kontinuéierlech beschratt gouf. Vill Moossnamen, déi 2019 a virdrun ergraff goufen, hunn sech an der raue Realitéit vun dësem Joer bewäert.”

Annex: De Joresbericht

Nationale Gesondheetslaboratoire

De Staatslabo (LNS) ass en ëffentleche Gesondheetsacteur, deem seng international Expertise e wesentleche Pilier vum Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg an den Nopeschregiounen ausmécht.

Zënter 1980 funktionéiert en ënner dësem Numm a senger aktueller Form, wat duerch d’Gesetz vum 7. August 2012 erstallt gouf. Ënnert der Schutz vum lëtzebuergesche Gesondheetsministère ass de LNS elo en interdisziplinäert Institut dat mat sengem komplementaren Team vu méi ewéi 300 Mataarbechter relevant a wichteg Aarbecht am Déngscht vun der Gesondheet vum Land a senge Leit bitt. De Sëtz zu Diddeleng, deen 2013 ageweit gouf, huet véier wëssenschaftlech Departementer an de Beräicher Biomedezin, Mikrobiologie, Geriichtsmedezin a Gesondheetsschutz, souwéi den Nationalen Zentrum fir Pathologie an den Nationalen Zentrum fir Genetik. Nieft der Professionalitéit vun all eenzele Mataarbechter an der geziilter Benotzung vu modernsten Technologien, baséiert d’Entwécklungsstrategie vum LNS op Fuerschungspartnerschaften a Kooperatioune mat verschiddenen Acteuren, souwuel a Lëtzebuerg wéi och op europäeschem Niveau.

Matgedeelt vum LNS, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu (Archiv)

Related topics Friedrich Mühlschlegel, Joresbericht, Laboratoire national de Santé, LNS, Staatslaboratoire
Next post Previous post