Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2
example of dating headline profile

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2

No eiser éischter Ronn lescht Woch hu mer och dës

trimester dating
example of dating headline profile

dating someone who's in an open marriage

Den Äerzbëschof vu Santiago huet sech geweigert engem chilenesche Procureur

Sécher ënnerwee?
example of dating headline profile

Sécher ënnerwee?

Och dëst Joer bedeelegt sech den ACL nees un der

Joresbilan: Der „Post Lëtzebuerg“ geet et gutt

Joresbilan: Der „Post Lëtzebuerg“ geet et gutt

D‘Post, déi bekanntlech aus dräi Servicer besteet: Courrier, Finanz an Telekommunikatioun, ass och ee vun de gréisste „Patronen“ am Land. Hei schaffe laut eegenen Aussoen, 4.371 Salariéeën. E Freideg ass um Siège vun der Post, de Joresbilan virgestallt ginn.

An esouwuel de Generaldirekter Claude Strasser, wéi och de President vum Verwaltungsrot Serge Allegrezza, konnten zefridde mat hiren „Zuelen“ optrompen. Den Ëmsaz wier bannent engem Joer ëm 6% geklommen. Datt sinn 769,6 Milliounen Euro, wourauser sech e Benefice net vu 36,7 Milliounen Euro erginn. Dat sinn 59% méi wéi nach 2016.

Dobäi, esou d‘Feststellung, sinn 2017 net manner wéi 221,5 Milliounen an d‘Entreprise investéiert ginn (+22%). A wann een elo verdéngt zefridde mam Resultat duerf sinn, esou misst elo allerdéngs all Ustrengung ënnerholl ginn, dat stabiliséiert Resultat mat enger besser Effizienz ze halen.

A bei der Post – enger Entreprise mat 24 Filialen – huet een de Wonsch d‘Investitioune weider ze diversifizéieren. D‘Schlagwuert hei: „Digitalisatioun“. De Kontext: de Réckgang bei der Bréifpost (-4,2%). Datt d‘Post elo an 4 Joer 22 Millioune manner Bréiwer verdeelt huet, kann si awer duerch d‘Ausliwwere vu Päck ausgläichen.

Nëmmen de Profit zielt

No eegenen Aussoen, géif d‘Post all Dag 10.000 Päck aus dem asiatesche Raum erhalen. Dat sinn der vill an logescher Weis och net déi eenzeg. De grousse Profit erziilt d‘Post hei duerch d‘Asetze vu sougenannten „Sous-Traitants“ déi net mussen no Kollektivvertrag bezuelt ginn, vu datt se net vun der Post „beschäftegt“ ginn.

Dat freet d‘Aktionären, woubäi mir dat alleguerte sinn, vu datt d‘Post majoritär dem Staat gehéiert. Mee fir kuerz op d‘Diversifikatioun zréckzekommen: 2017 huet d‘Post seng Participatiounen un TNT verkaf, mee sech un Elgon/Ainos bedeelegt.

A mam Energiekonzern Engie, ass en Accord ënnerschriwwe ginn, mat deem si déi 4,71% zeréckerhalen, déi si bei Encevo, de Mammekonzern vu Creos an Enovos, hunn. Hei dierf een awer drop opmierksam maachen, datt d‘Post, also de Staat, quasi mam Profit vun der Post, Kapital an déi eegen Entreprisen investéiert.

Beklot gouf, datt mam Enn vum Roaming, dee vum Viviane Reding (CSV) zu Bréissel initiéiert gouf, der Post ronn 8 Milliounen Euro verluer gaange sinn. Et ass awer och net gesot ginn, wéi vill et der Post abruecht huet, zanter datt si hir Clienten – virun allem Eeler Leit a Mënschen aus dem Prekariat – fir un dat eegent Geld ze kommen, ëmmer nees 4 Euro ofknäppen.

Ähnlech Sujeten Claude Strasser, Joresbilan, Post Lëtzebuerg, Serge Allegrezza
Nächsten Artikel Virrechten Artikel