Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Claude Meisch erkläert NEET de Krich
Money Neiegkeeten

De Claude Meisch erkläert NEET de Krich

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) huet den Dënschden d’Resultater vun

surprise
D’Legaliséierung vum medezinesche Cannabis, erkläert
Money Neiegkeeten

D’Legaliséierung vum medezinesche Cannabis, erkläert

Och wann eng generell Legaliséierung vum Cannabis an dësem Wahlkampf

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner
Money Neiegkeeten

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner

Säit elo dräi Joerzéngte steet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner, déi vun

money

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

De Joresbilan vun der Cargolux hätt besser net kënnen ausfalen

2017 war d‘Cargolux dat beschte Joer säit sengem Bestoen. 4% Maartundeel, iwwert eng Millioun Tonne Fracht, an op der sechster Plaz am Ranking vun de Frachtfluchgesellschaften, datt sinn d‘Zuelen déi e Virgeschmaach op dat kommerziellt Resultat zockerséiss klénge loossen.

Um Mëttwoch huet et um Findel am Haaptquartéier vun der Cargolux esouvill zefridde Gesiichter gesinn, et hätt en dierfen unhuelen, se hätte sechs richteger am Lotto gehat a missten de Camion ruffen, fir hire Gewënn ofzehuelen.

Gutt ganz esou dramatesch war et um Enn net, mee de Paul Helminger (Board of Directors), de Richard Forson (CEO) an de Maxim Strauss (CFO), kënne mat Houfert op d‘Joer 2017 zréckblécken. 1970 vun der Luxair mat anere Partner gegrënnt, steet een op esou gudde Féiss wéi an der ganzer Firmegeschicht net.

De Paul Helminger, wéist dann awer dezent drop hin, datt et och Ursaachen an Erklärunge gëtt, déi zum Resultat gefouert hunn. Op alle Kontinenter ass et „gutt gelaf“ an d‘Cargolux huet natierlech och vun enger floréierender Weltwirtschaft profitéiert. Elo wier et gutt wann et esou géif bleiwen.

122,3 Milliounen Netto-Profit no Steieren

„De Maart ass gesond a mir konnten eis Chance notzen“, esou de Paul Helminger, deen den Erfolleg net eleng un der Direktioun festmécht, mee dat erfollegräicht Joer alle Mataarbechter zouschreift. Jiddereen huet hei säi Bäitrag geleescht an zum Erfolleg bäigedroen.

An dat gräift dann och de CEO Richard Forson op: „Déi aussergewéinlech Resultater vun der Cargolux fir 2017, spigelen de Mataarbechter hir Verbonnenheet, Passioun an Engagement mat hirer Entreprise zréck. Eis Mataarbechter sinn d‘Häerzstéck vum Succès an de Garant dofir, eise Cliente de beschte Service ze bidden a wirtschaftlech nohalteg ze agéieren“.

De Merci geet dann awer och un Clienten. Ouni hir Loyalitéit an d‘Vertrauen, hätt een dëst Zil net erreeche kënnen. 2017 war och de Programm „Strategy 2025“ ausgeruff, ginn deen esou muench Verännerung mat sech bruecht huet. Eng Strategie déi de Fokus op d‘Déngschtleeschtung an eben de Client geluecht huet.

Déi ugestriefte Reformen droen hir Friichten, déi sëlleche Partenariater an d‘Expansioun um asiatesche Maart (China) waren alles richteg Entscheedungen. Näischt dovunner ass um Réck vun dee Mataarbechter méiglech ginn, mee d‘Ziler huet een als Team erreecht.

Foto: (v.l.n.r.) Richard Forson, President an CEO vun der Cargolux; Paul Helminger, Board of Directors; Maxim Strauss, Vizepresident vun der Cargolux an CFO. © Martine de Lagardère/moien-lu

Ähnlech Sujeten Cargolux, Maxim Strauss, Paul Helminger, Richard Forson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel