Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gutt gelaunte Minettsdäpp
International Neiegkeeten

Gutt gelaunte Minettsdäpp

Et war alt nees ee ganz flotte Virowend zum Nationalfeierdag,

Eng „nei Weltuerdnung“ fir Groussbritannien
International Neiegkeeten

Eng „nei Weltuerdnung“ fir Groussbritannien

Bei de forcéierten Neiwahle vum leschten Donneschdeg, konnten déi Konservativ

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker
International Neiegkeeten

D‘Ukrain blockéiert russesch sozial Netzwierker

Gëschter ass an der Ukrain d’Entscheedung getraff ginn, fir op

Josep Borrell: Ofso zu G7-Pläng a Kritik u Policegewalt

Josep Borrell: Ofso zu G7-Pläng a Kritik u Policegewalt

Et ass net einfach fir de spueneschen EU-Kommissär, Josep Borrell, dee Mann wou sech zu Bréissel ëm déi baussenzeg Ugeleeënheete këmmert. Kritik un enger Supermuecht ze üben, déi ee wichtege Partner a ville Beräicher ass, verlaangt besonnesch dann, wann de President den Donald Trump ass, eppes Fangerspëtzegefill.

Den EU-Chefdiplomat huet dem US-President säi Plang, d‘Russen nees un de G7-Sommeten deel huelen ze loossen zréckgewisen. Woubäi een hei net dierf iwwersinn, datt net d‘EU selwer, mee just Däitschland, Frankräich an Italien – Groussbritannien huet sech jo vun der EU getrennt – un dësem Dësch sëtzen an do éischter „National“ wéi europäesch Interesse versicht duerchzesetzen.

Fir de Josep Borrell ass et dann och an éischter Linn drëms gaangen, den Amerikaner ze erklären, datt een zu Bréissel de G7-Format als wichtegen a multilaterale Kader fir Natioune betruecht, déi sech u gemeinsame Wäerter, Interessen an Ziler orientéieren. An datt Zesummenaarbecht grad an dëse schwieregen Zäite wichteg ass, kann een einfach net oft genuch ervirhiewen.

BorrellAn der Unioun schéngt et dann och, am Bezuch op Russland, ee breede Konsens ze ginn, Moskau esoulaang vun de G7-Sommeten auszeschléissen, bis et zu enger politescher Kursännerung kënnt an d‘Ëmstänn Gespréicher an engem G8-Format nees zouloossen. Dat wier, esou den EU-Kommissär den Ament esou nach net de Fall. An de Josep Borrell verweist op d‘Haager-Erklärung vun 2014.

Sengerzäit gouf schrëftlech festgehalen, firwat een d‘Russen aus dem Club vun de wichtegsten Industrielänner (G8) ausgeschloss huet. Dësen Text bezitt sech däitlech op déi vëlkerrechtswiddreg Annexioun vun der Krim. Datt Russland dësen Territoire jeemools wäert „zréckginn“ kann een ausschléissen, firwat ee Retour vu Russland an den elitäre Club esou séier net méiglech wäert sinn.

Wat elo d‘Propose betrëfft, och Australien, Indien a Südkorea zum Sommet anzelueden, och dozou huet de Chef-Diplomat vun der EU en Avis. Et wier richteg, datt déi Natioun wou d‘Presidence vum G7-Club huet, och d‘Recht huet Gäscht anzelueden, woubäi et awer zoulässeg ass, d‘Format selwer a seng Zesummesetzung dauerhaft ze veränneren. Op dat dem Donald Trump gefale wäert?

Noutgedrongen

Ganz interessant dann awer och de kuerze Statement zum Dout vum Afroamerikaner George Floyd. Deen ass bekanntlech bei engem – de Video vum Virfall ass ronderëm d‘Welt gaangen – Asaz vun der Police viru lafende Kameraen ëmbruecht ginn. Iwwert eng Woch no dësem Virfall, a wärend och an der EU géint de Muechtmëssbrauch vun der US-Police protestéiert, elo eng Stellungnam?

Iwwergrëffer vun der Police a rassistesch motivéiert Gewalt geet och an Europa vun der Police aus, wéi een unhand den Demonstratiounen a ville Groussstied mat erschrecke feststelle muss. Wa „Black Lives Matter“ och an der EU de Slogan ass, esou ginn an all Land d‘Strofdote vun den eegene Polizisten ervirgehuewen, dat besonnesch bei eisen däitschen a franséischen Noperen.

Un d‘Adress vum amerikanesche Vollek: „Mir ënnerstëtzen d‘Recht op friddlech Protester a verurteele Gewalt a Rassismus an all senge Formen. (…) Mir vertrauen op d‘Fäegkeet vun den Amerikaner zesummenzekommen, als Natioun ze gesonden an dës wichteg Froen an dëse schwieregen Zäiten unzegoen“. Kee Wuert gouf et zum Beholl vum Showmaster am Wäissen Haus.

BorrellEt geet an der Kausa „George Floyd“ awer béi wäitem net duer de Virfall selwer ze denoncéieren. Datt d‘Policegewalt an den USA zanter Joerzéngten e Problem, datt dierft den EU-Politiker kee Geheimnis gewiescht sinn. Eppes Kritik un den Ursaachen an dem Fait, datt den US-President mat senge Provokatiounen déi aktuell Situatioun éischter verschlëmmert wéi verbessert, gouf et net.

Och aus den EU-Länner selwer, gouf et keng politesch Kritik, nach net emol nodeems d‘Press als „Zilscheif“ vun duerchgeknallte Polizisten an anere Sécherheetsorganer benotzt ginn ass. Dem Josep Borrell seng Ausso a säin Optrëtt, kann een ënnert dësem Gesiichtspunkt net Eescht huelen. Hei ass et eenzeg an eleng drëms gaangen, eng Foussnout ze hannerloossen. Kritik geet anescht…

Kommentar

De katalanesche Sozialist Josep Borrell huet d‘Geleeënheet verpasst dem US-President de Spigel virzehalen an dat gemaach wat d‘EU ëmmer mécht, wa Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn: hien huet „bedauert“. D‘EU ass net direkt an de G7-Club involvéiert, mee et war eng gutt Upak fir Kritik un der Policegewalt ze üben. Eescht ze huelen ass déi awer net.

Zanter de Josep Borrell d‘Eeschthaftegkeet an d‘Motivatioun vu jonke Klimaschutzaktivisten zolidd a Fro gestallt huet, ass seng Kredibilitéit verflunn. Zudeem ass hien e Frënd vun der Industrie an dem europäesche Militärkomplex a steet fir Oprëschtung, net fir sozial Gerechtegkeet. Kritik un der US-Aussepolitik gëtt et dann och éischter, wa Wirtschaftsinteresse betraff sinn.

mam Ronja van der Hulst, indymedia/bru

Foto: Am Oktober 2019 huet den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten sech an der Kommissioun fir Aussenugeleeënheete vum EU-Parlament zur Roll vun der Unioun an der globaler Sécherheet geäussert a sengerzäit gemengt: „D‘EU muss et léieren d‘Sprooch vun der Muecht ze notzen“. © EUCO/EP-ForeignAff

Ähnlech Sujeten EU, G7, George Floyd, Josep Borrell, Policegewalt, US-Politik, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel