Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt
https://moien.lu/shopify-dating-website/ https://moien.lu/dating-and-hiv/

chinese dating in toronto

D‘Chamberwahle leien hannert eis, d‘Koalitiounsgespréicher komme virun an esou lues

online dating protector id
https://moien.lu/shopify-dating-website/ https://moien.lu/dating-and-hiv/

Zwee „Dommer“ ee Gedanken

E Méindeg huet den Donald Trump en Dekret ënnerschriwwen, mat

Äerdbiewen an Albanien
https://moien.lu/shopify-dating-website/ https://moien.lu/dating-and-hiv/

Äerdbiewen an Albanien

Um Samschdegnomëtten ass widderholl zu Äerdstéiss komm. Dat stäerkst Äerdbiewen

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“

Iwwert ee Joer war de Welt-Journalist Deniz Yücel an engem tierkesche Prisong festgehale ginn. Gëschter ass hien „iwwerraschend“ no enger Entrevue tëscht dem tierkesche Ministerpresident Binali Yildirim an der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel, „entlooss“, an och direkt mam Fliger an Däitschland iwwerfouert ginn.

A jo, ech wäert meng Freed iwwert des Noriicht net verstoppen. Net verstoppe schonn eleng well et ee Kolleg ass, och wa mer eis ni begéint sinn. Mee där Kollegen deenen ech net begéint sinn, an aktuell nach ëmmer vum Erdogan-Regimm – deels ënner onvirstellbare Konditiounen – an tierkesche Prisonge festgehale ginn, gëtt et der nach Honnerten, an dat setzt menger Freed Grenzen.

Dëse „Geste“ kann een also beschtefalls als en Ufank gesinn, a fir eis Journaliste muss et Flicht bleiwen, datt och mir eis weiderhi fir eng onverblimmt a kritesch Berichterstattung weltwäit asetzen. Ech hunn dann och d‘Hoffnung, datt sech d‘ALJP (Lëtzebuerger Associatioun vun de Beruffsjournalisten) duerch hire President Luc Carigari dozou wäert äusseren.

Wat an der Tierkei – an net nëmmen do – aktuell stattfënnt dierf net mat onsem Versteesdemech vun der Pressefräiheet vereenbar sinn, an esou sinn och mir kollektiv dozou ugehalen, Drock op d‘Regierung ze maachen, hei entspriechend diplomatesch aktiv ze sinn. Och Bréissel ass, wat d‘Pressefräiheet an der Tierkei betrëfft gefuerdert, a mir droen och hei Verantwortung.

Verantwortung schonn eleng, well dem Deniz Yücel säi Calvaire net eriwwer ass. Seng Verhaftung hat näischt mat Recht a Gesetz ze dinn, och wann déi tierkesch Autoritéiten sech op rechtsstaatlech Prinzipie beruffen. Esou soll him nach ëmmer de „Prozess“ wéinst Terrorpropaganda gemaach ginn, an et dreeën him bis zu 18 Joer feste Prisong, sollt hie jee eng Kéier zréck an d‘Tierkei reesen.

Gutt ech erwaarden elo net, datt d‘Beruffsjournalisten zu Lëtzebuerg elo e Solidaritéitsmarsch veranstalten, mat deem op eng onerdréiglech Situatioun opmierksam gemaach gëtt. Mee esou eng Aktioun wier net vu Muttwëll, woubäi déi meescht bedauerlecherweis méi mat hirem Nuebel beschäftegt schéngen, wéi mam Leed, deem vill Kollegen duerch autoritär Staatsformen ausgesat sinn.

Solidaritéit mat inhaftéierte Kollege steet enger „de Konventiounen ugepasste Branche“ vläicht net gutt zu Gesiicht, mee d‘Fauscht an der Täsch maachen, a sech um Comptoir am Bistro, oder geleeëntlech mat engem butzege Kommentar zu Wuert ze mellen, leider och net. Eng weider Ursaach, déi menger Freed e fade Bäigeschmaach gëtt.

Gutt, international betruecht si mir Lëtzebuerger Journalisten tatsächlech net dat wat een als „kritesch Masse“ ka bezeechnen. Mee mir bretzen eis gären domatter e „gudden Drot“ zu eise Politiker ze hunn. Da sollte mir dat och notzen, an „eise“ Politiker wéinstens eng „Prise de Position“ ofréngen. Pressefräiheet ass net selbstverständlech, déi muss ee sech all Dag verdéngen.

Foto: De Welt-Journalist Deniz Yücel ass gëschter aus dem Prisong entlooss ginn. De Prozess soll him awer nach gemaach ginn, wat bedeit, datt hien esoubal net méi kann an d‘Tierkei areesen. Fir Honnerte Journalisten déi nach ëmmer an den tierkesche Prisonge festgehale ginn, muss de Kampf weidergefouert ginn. © Yasin Akgul/AFP

Ähnlech Sujeten ALJP, Deniz Yücel, Luc Carigari, Pressefräiheet, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel