Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dronen-Attack op Saudesch Raffinerie
scamming internet dating sites models dating rock stars

lance armstrong dating 2017

A Saudiarabien goufen zwou Ariichtunge vum Staatskonzern Aramco mat Dronen

what to say to a guy on online dating
scamming internet dating sites models dating rock stars

Lovestories 4.0 – Wat ass dann deng Geschicht?

Am Kader vun der Campagne 2018/19 „Lovestories 4.0 – Wat

Kënnt et zum Mësstrauensvott géint den éisträichesche Kanzler?
scamming internet dating sites models dating rock stars

Kënnt et zum Mësstrauensvott géint den éisträichesche Kanzler?

No der Verëffentlechung vun enger zwee Joer alen, dofir awer

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi

Vun deem wat ee weess, an deem wat een net weess

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi

Nodeems de saudesche Journalist Jamal Khashoggi an der Tierkei beim Besuch vun der saudescher Ambassade „spurlos verschwonnen“ ass, sinn déi diplomatesch Bezéiungen tëscht Ryad an Ankara net méi déi allerbeschten. E Fait deen den US-Kongress spléckt, Wall Street beweegt an och dem Donald Trump liicht Kappzerbrieches bereet, wou et dach ëm en exklusiven Alliéierte geet.

E Méindeg huet den US-President via Twitter verkënnt, datt hien d‘Kausa Khashoggi mam Kinnek Salmane beschwat huet. Deen huet all Virwërf vu sech gewisen, an dem Donald Trump matgedeelt, datt hie keng Ahnung hätt, vun deem wat dem kritesche saudesche Journalist soll zougestouss sinn. Den US-President huet awer säin Ausseminister beoptraagt mam saudesche Kinnek ze schwätzen.

Bei enger Pressekonferenz, wou sech den Donald Trump de Froe vun de Journaliste gestallt huet, sot hien zum Telefonsgespréich mam Kinnek: „fir mech huet dat esou geklongen, wéi wann dat de Fait vu ‚Spëtzbouwe‘ wier, mee wie weess dat schonn“.

Alles „Spekulatioun“?

US-Diplomate spekuléieren, datt sollt Saudiarabien de Verdacht, datt de Journalist ëmbruecht ginn ass, bestätegen, dat vun „ausser Kontroll geroden Elementer“ vollzu ginn ass. Esou en Uerder wier net op héchstem Niveau ausgeschwat ginn. Déi tierkesch Autoritéite schwätze vun engem Mord an enger Vertuschung.

Si huelen un, datt d‘Läich vum Jamal Khashoggi „zerluecht“ gouf, fir sech besser dem Kierper ze entleedegen. Eng Perquisitioun vun der Ambassade, zesumme mat saudeschen Enquêteure, huet bis ewell keng weider Informatioune geliwwert, wéi datt de Journalist zwar „eragaangen“ mee ni méi „erauskomm“ ass. Säitens der Ambassade zu Istanbul gëtt dat weder dementéiert, nach bestätegt.

Dëse Virfall werft e ganz schlecht Liicht op de Krounprënz Mohammed ben Salmane. Den 33 Joer jonke Monarch, dee sech beméit als Reformer opzetrieden, an determinéiert schéngt d‘Kinnekräich kulturell a wirtschaftlech opzemaachen, huet sech zum Virfall nach net geäussert. Et stellt awer seng Beméiungen a Fro, Wall Street Investisseuren an IT-Entreprisen an d‘Land ze lackelen.

E kuerze Bléck op de Personnage

De 59 järege Khashoggi, war bekannt a beléift bei den auslänneschen Diplomaten a Journalisten, déi dem saudesche Journalist begéint sinn. Hien huet an den Ambassaden zu Washington a London geschafft, an geet him nogesot, och fir de saudesche Geheimdéngscht aktiv gewiescht ze sinn. No e puer Joer an de saudesche Medien, huet hie sech als inoffizielle Spriecher vum Haff etabléiert.

Säin onofhängege Charakterzuch a seng Empathie fir déi westlech Kultur, huet hie vergläichsweis „wichteg“ gemaach, a war e privilegiéierten Uspriechpartner fir d‘Medien an d‘Diplomaten, déi sech wollten e Bild vun de kinnekleche Perspektive maachen.

Dat ass esoulaang gutt gaangen, bis de Krounprënz seng Plaz um politesche Schachbriet beusprocht huet. Ab dësem Zäitpunkt huet de Jamal Khashoggi gemierkt, datt et a Saudiarabien keng Plaz méi, fir seng „moderat Onofhängegkeet“, géif ginn. Hien ass an d‘USA ausgewandert, huet sech am Staat Virginia néiergelooss, a gouf Kolumnist vun der Washington Post. Hei huet sech de Journalist nei erfonnt, an sech als prominentste Kritiker vum Krounprënz etabléiert.

Dem Khashoggi säi leschten „Optrëtt“

Laut den Opzeechnunge vun den Iwwerwaachungskamerae vun der saudescher Ambassade zu Istanbul, huet de Journalist den 2. Oktober um 13:15 Auer d‘Gebai betratt. De Jamal Khashoggi sollt hei „Formalitéiten“ erleedegen.

No sengem „fräiwëllegen Exil“ huet säi Bestietnes gelidden an hie gouf gescheet. De Mann ass antëschent eng Relatioun mat enger tierkescher Fra agaangen, déi hien och bestuede wollt. Dofir huet de Journalist awer en Zertifikat vun de saudeschen Autoritéite gebraucht, deen d‘Scheedung bestätegt. Laut eisen Informatioune sollt hien seng nei Partnerin den 3. Oktober bestueden.

Déi tierkesch Autoritéiten hu bereetwëlleg d‘Opzeechnung vun den Iwwerwaachungskamerae fräi ginn. Op dëser kann een de Jamal Khashoggi gesinn, wéi hien d‘Ambassade betrëtt. An och wann d‘Employéeë vun der Ambassade beschwieren, hien hätt d‘Gebai och nees verlooss, eng Spuer vun him gëtt et zanterhier net méi. Seng Freiesch hat Stonnelaang virun der Ambassade op hie gewaart.

E Krounprënz mat vill Muecht

Déi ganz Welt (oder bal) schéngt d‘Meenung ze deelen, datt wann de Journalist verschwonnen oder ëmbruecht ginn ass, dat net kann ouni d‘Zoustëmmung vum Krounprënz Mohammed ben Salmane ka geschitt sinn.

An dat muss een an de richtege Kontext setzen, well de saudesche Krounprënz huet wéineg bis guer kee Versteesdemech fir Kritik géintiwwer der saudescher Regierung. Wie sech kritescht äussert lant, wann e Chance huet am Prisong oder verschwënnt an taucht ni méi op. Et ass erlaabt dovunner auszegoen, datt de Mohammed ben Salmane de kritesche Journalist net an d‘Häerz geschloss hat.

Khashoggi

Um Auszuch vun de verëffentlechte Bille vun den Iwwerwaachungskameraen, ass däitlech ze erkenne wéi de Journalist, Jamal Khashoggi, déi saudesch Ambassade zu Istanbul betrëtt.

Bis nach viru kuerzem, huet Saudiarabien deene Membere vun der „Moslemescher Brudderschaft“ Asyl gewäert, déi virun der Persecutioun an arabesche Länner – hei am besonneschen Egypten – hu misse flüchten. Nodeems d‘Auteure vum „arabesche Fréijoer“ déi saudesch Monarchie iwwerzeege konnten, datt dës „Bridder“ och si bedreeën, huet Saudiarabien se als Terrororganisatioun gelëscht.

Interessant an dësem Fall, de Fait, datt den US-Geheimdéngscht saudesch „Kommunikatiounen“ ofgefaangen huet, déi eng méiglech „Liquidatioun“ vum Jamal Khashoggi, op Uweisung vum Mohammed ben Salmane an Aussiicht stellt. Natierlech ass dat nach kee Beweis dofir, datt et tëscht dem Journalist sengem verschwannen, an dem Krounprënz senger Uerder eng Verbindung gëtt.

Zimlech mysteriéis dat ganzt

Do wou et elo interessant gëtt, ass de Fait, datt tierkesch Offizieller, déi d‘Anonymat beusprochen, ausgesot hunn datt hir Regierung detailléiert Beweiser fir e bluddege Mord huet, vun deem si nach behaapten, datt e vun héchster Stell a Saudiarabien an Optrag ginn ass.

Gewosst ass, datt den Dag wou de Journalist „verschwonnen“ ass, 15 saudesch „Agenten“ iwwert Istanbul an d‘Tierkei agereest sinn. Déi si mat zwee gecharterte Privatfliger „ageflu“ ginn, déi vun enger dem Krounprënz an dem saudeschen Inneministère nostoender Entreprise geuerdert goufen. Laut eisen Informanten, hunn déi an der Ambassade op de Khashoggi gewaart an hien ëmbruecht.

Elo muss een drop hiweisen, dat den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan „e perséinleche Frënd“ vum Journalist war, wat dann och erkläert, firwat dësen – ouni dat et zu Beschëllegunge komm wier – es net midd gëtt, vu Saudiarabien eng Erklärung fir d‘Verschwanne vum Jamal Khashoggi ze verlaangen. Déi saudesch Autoritéiten an de Krounprënz, wëlle vu näischt wëssen.

Wann se Beweiser hunn, sollen se déi virleeën

Esou verkënnt de ganze Virfall vun enger „juristescher Enquête“ zur „internationaler Intrige“. Wann et déi Beweiser gëtt, vun deenen eis tierkesch Informante schwätzen, firwat leeën se déi dann net vir? Ma si behaapten einfach, datt se d‘Beweiser net verëffentleche kënnen, well da geheim Quelle misste verrode ginn, wat sech op Informanten oder elektronesch Iwwerwaachung bezéie kann.

An dësem Kontext war och net erauszefannen, op d‘Tierkei „d‘Beweiser“ mat sengen Alliéierten, wéi beispillsweis d‘USA oder Groussbritannien „gedeelt“ huet. Eigentlech gëtt et op dësem Niveau eng ganz gutt „Zesummenaarbecht“, an et sollt ee sech erwaarden, datt et an dësem Fall sollt méiglech sinn, Informatiounen auszetauschen, ouni d‘Quellen ze verroden.

Dat léisst immens vill Spekulatiounen zou. Esou beispillsweis, ass et duerchaus méiglech, datt sech d‘Tierkei „en Joker“ geséchert huet, mat deem si Saudiarabien zu engem „Deal“ an hirem „Sträit“ beweege wëllen. Ëmmerhin hu béid Natioune géigesätzlech Opfaassungen, wat d‘Ideologie vun der moslemescher Brudderschaft an den Islam am grousse ganze betrëfft.

Alles huet säi Präis, och d‘Liewe vun engem Journalist

Och beim syresche Konflikt ginn d‘Meenunge wäit ausenaner, an Ankara wier erfreet wann sech Saudiarabien hei géif eraushalen. Net ze vergiessen, datt d‘Tierkei matten an enger Wirtschaftskris stécht, an et net verkéiert wier, wann ee sech en Handelspartner wéi Saudiarabien kéint zouleeën.

Kuckt e sech dann nach déi verschidden Avise vun den op d‘Regioun spezialiséierten Analysten un, da kann een dovunner ausgoen, de Fall gesat Saudiarabien géif eng „Erklärung“ fir d‘Verschwanne vum Jamal Khashoggi ofginn, Ankara sech offiziell domatter zefridde gëtt, an eventuell Beweiser vun der Tierkei sech „wéi de Journalist“ a Wuelgefale kéinten opléisen.

An hei kënnt een dann nees beim US-President un. Deen huet ganz ënnerschiddlech „Reaktiounen“ am Fall Khashoggi gewisen. Ëmmerhin huet hien d‘Ausso gemaach, datt de Journalist kee Bierger vun den USA ass, a sech seng Disparitioun wäit ewech vun amerikaneschen zougedroen huet. Dat erkläert sech duerch d‘Verträg déi Saudiarabien mat der US-Waffenindustrie huet.

Kontrasträich wéi den Donald Trump nu emol ass, huet hien dann awer Saudiarabien eng „schwéier Bestrofung“ versprach, de Fall gesat et ka bewise ginn, datt d‘Kinnekräich fir den Dout vum Jamal Khashoggi verantwortlech ass. Dëse Message ass zu Ryad ukomm, an déi saudesch Regierung huet preventiv ugekënnegt, datt Sanktioune géint d‘Kinnekräich wäitreechend Konsequenzen hätten.

mat AFP an Indymedia

Foto: Den 9. Oktober huet et virun der saudescher Ambassade zu Istanbul e Protestpiquet ginn, wou d‘Demonstranten op d‘Disparitioun vum Journalist, Jamal Khashoggi, opmierksam maachen. © Ozan Kose/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Jamal Khashoggi, Mord, Saudiarabien, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel