Search

You may also like

Oppene Bréif vum Maître Vogel un de President vun der Justizkommissioun Charles Margue
Meenung Neiegkeeten

Oppene Bréif vum Maître Vogel un de President vun der Justizkommissioun Charles Margue

(intro: den Affekot Maître Vogel huet eis de Bréif net

Esch an Europa eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Europawahlen 2019
Meenung Neiegkeeten

Esch an Europa eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Europawahlen 2019

Am Kader vun den desjähregen Europawahlen huet d’Stad Esch, a

D’Verhandlunge vum Kollektivvertrag vun de Buschauffere gi weider
Meenung Neiegkeeten

D’Verhandlunge vum Kollektivvertrag vun de Buschauffere gi weider

No eestëmmege Walen op der Konferenz vun den Delegéierten den

JSL: Schluss mat der Sexualiséierung vum weibleche Kierper

JSL: Schluss mat der Sexualiséierung vum weibleche Kierper

Wann et em Belästegung vu Frae geet, gëtt am Moment oft esou diskutéiert, dass dat dach waer well si ze kuerz Juppen, ze enk Boxen oder een ze déiwen Dekolletee haten. Oft gëtt et dann esou duergestallt, wei wann d‘Fraen duerch hiert “Outfit” wollten, dass si belästegt oder ugepaakt ginn. Ëmmer erëm gëtt bei esou Virfäll behaapt, dass wann een esou ugedoen ass, een sech esou eppes erwaarde kann oder muss.

D’Komplexitéit vun enger Fra op hire Kierper ze reduzéieren oder hire Charakter mat der Aart a Weis wéi si sech undeet ze vergläichen, ass e schiedleche Wee fir Frae hir Mënschlechkeet ze verleegnen. Tatsächlech, wéi kënne Meedercher a jonk Frae sech beméie fir sech ze emanzipéiere wann een hinnen hiert Recht ewech hëlt, sech duerch hier Garderob ze expriméieren?

Den onglécklechen Duebelstandard ass datt eis männlech Kolleege seelen, wann iwwerhaapt, op hire Kierper reduzéiert ginn, wann se dee weisen. Wéi kann et da sinn, dass jonk Meedercher sech sollte vu kleng un ofdecken an “passend” undoen, fir sexuell Verstéiss ze vermeiden an datt Jongen offenbar gläichzäiteg mol net richteg opgekläert an erzu ginn, wat d‘Zoustëmmung, d‘Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Fra ugeet?

De Code Vestimentaire, dee viru Kuerzem am Lycée Classique Diekirch agefouert gouf, ass – no den Erklärunge vum LCD – ënner anerem geholl gi well “[…] de Lycée net nëmmen ee Bildungsoptrag hätt, mee och zu engem gewëssen Deel eng Erzéiungsaarbecht leeschte misst. Besonnesch firjonk Meedercherwier dëst villäicht heiansdo néideg, well Si sech villäicht net bewosst wieren, wéi verschidden Tenue vun anere Leit opgeholl géifen.”

Dat géing bedeiten, Fraen missten sech anescht undoe fir dass si och keng falsch Signaler senden, an fir dass et och net zu Virfäll wéi sexuelle Belästegunge kënnt. Hei fënnt also eng kloer Legitiméierung vu sexuell motivéierten Iwwerfäll opgrond vu Kleedung statt. Am Joer 2020 dierf dat einfach net méi geschéien!

Et muss endlech verstane ginn, dass egal wéi eng Fra sech undeet oder wat si undeet, si dat net mécht fir iergendeen ze provozéieren. Mam Aféiere vun dësem Code Vestimentaire gëtt d’Approche, dass d‘Fraen sech net sollen undoen, wei se wëlle mee just esou, dass se esou diskriminéierend Virfäll vermeide kennen, just renforcéiert – an dat an engem Lycée! Esou sexistesch Strukture sollte grad NET am Bildungssystem promouvéiert ginn.

Ass et iwwerhaapt d’Aufgab vum Enseignement sech duerch en Dresscode zu dem Thema ze positionéieren an esou Erzéiungsaarbecht ze leeschten? Wa jo, dann nëmmen duerch Sensibiliséierungs- an Opklärungsaarbecht, déi d’Schold net bei der Sexualiséierung vum weibleche Kierper sicht mee déi virun allem vermëttelt, dass een ni d’Recht huet eng Tenue als iergendeen Signal ze interpretéieren.

An eisem Bildungssystem sollt eis dach grad bäibruecht ginn, dass egal wéi eng Persoun ugedoen ass, dat kengem d’Recht gëtt een ze veruerteelen oder einfach aneschters ze behandelen opgrond vun deem wat en dréit. Woubäi d’Verbuet Kapen, Mutzen, Kopfhörer an Sonnebrëller ze droe jo souwuel Jonge wéi Meedercher betrëfft, riicht sech Verbuet fir Bauch, Réck oder Broscht ze weise jo eendeiteg un Meedercher. Dobäi kënnt, dass e bësse Bauch oder Réck weisen elo einfach an der Moud ass, an wa Meedercher dat gefält, sollten si och d’Recht hunn sech esou unzedoe wei si wëllen an wei si sech wuelfillen.

DSchlësselwuert Selbstbestëmmung sollt an dëser Debatte grouss geschriwwe ginn. Et ass nämlech genau dorunner wou et mangelt. All Meedche sollt wëssen, dass hat selwer iwwert sech an seng Tenue entscheeden dierf an, dass dëst net vun engem Code Vestimentaire diktéiert gëtt. D’Initiative, en Dresscode am 21. Joerhonnert anzeféieren ass net zäitgeméiss an bewierkt en Debat déi veraalt ass. Et ass net konstruktiv doriwwer ze diskutéiere wat Meedercher undoen oder net undoen “dierfen”, mee éischter sollt en Discours doriwwer gefouert gi wat mir als Gesellschaft un der iwwerdriwwener Sexualiséierung vum weibleche Kierper ännere kënnen.

Matgedeelt vum Nationalbüro vun de Jonke Sozialiste Lëtzebuerg

Autorinnen: Jil Feipel, Sabrina Hellinghausen, Samira Merenz, Sarah Mendes, Saskia Dostert

Opmaacherbild: © Konstantinos Padopoulos / Unsplash

Related topics Code Vestimentaire, Dikrecher Lycée, Dresscode, Fra, Jonk Soz, JSL, LCD, Onofhängegkeet, Selbstbestëmmung, Sexualiséierung, weibleche Kierper
Next post Previous post