Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bimbo Theater – Op der Sich no der Zäit
International Neiegkeeten

dating my daughter android

Keen huet Zäit fier den Draach an d’Sonny huet iwwerhaapt

dating adam&adam
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

Am Quiz vun haut dréint sech alles ëm d’Süd-Gemeng Schëffleng.

Bourse Auguste van Werveke-Hanno: 4 Stundente goufe geéiert
International Neiegkeeten

Bourse Auguste van Werveke-Hanno: 4 Stundente goufe geéiert

Vergaangene Freideg hate 4 Schüler d’Éier eng Studien-Bourse vun der

Jubiläum fir e Genozid

1994 huet de Vëlkermord am Ruanda huet 1 Millioun Affer gefuerdert

Jubiläum fir e Genozid

Et ass roueg an der Haaptstad vum Ruanda. Een Dag virun den offizielle Gedenkfeieren huet een als Aussestoenden d‘Gefill déi ganz Tragedie nach emol iwwert sech ergoen ze loossen. Vill geschwat gëtt net, d‘Stëmmung ass gedréckt, de 7 Abrëll 1994 sinn d‘Maske vum Horror gefall…

De Vëlkermord am Ruanda, ënnerscheet sech kaum vun all de Genoziden déi d‘Mënschheet schonn huet missen erdroen. Och dëst Verbriechen ass iwwer Méint ewech virbereet ginn. An dësem afrikanesche Land huet e Sender sech besonnesch engagéiert: „Radio-Television Libre des Mille Collines“. Si hu sech mat hirer anti-Tutsi Propaganda ervirgedoen, a vill zum Genozid bäigedroen.

An der Nuecht vum 6. op de 7. Abrëll ass de Fliger vum fréiere President Juvénal Habyarimana iwwer Kigali ofgeschoss ginn. Wien dem President, e Member vun der Hutu-Ethnie, säi Fliger ofgeschoss huet, ass bis haut net gekläert. Et war awer de Startschoss zum Genozid, a knapps datt d‘Nouvelle vum Ofschoss bekannt gi war, hunn d‘Hutu-Milizen (an net si eleng) d‘Feier entfacht.

Keng Récksiicht op Verloschter

Et war, wéi wann een op de Knäppche gedréckt hätt. Vun engem Ament op deen aneren huet sech de Mantel vun der Gewalt iwwert e ganzt Land geluecht. Ganz „normal“ Mënschen, hu sech wuertwiertlech d‘Käpp ageschloen. Männer sécherlech, mee och Jugendlecher a Fraen hu sech un hiren Noperen, Kanner an eelere Mënsche vergraff. Et war vum éischten Dag un den totale Chaos.

Op der Plaz huet de Chef vun der UN-Friddensmissioun, de kanadesche Generol Romeo Dallaire, huet ëm Ënnerstëtzung ugefrot. Mee statt „anzegräifen“ huet déi international Gemeinschaft sech den Tatsaache verschloss, an et sollt nach schlëmmer kommen. Bal all d‘Länner déi Zaldote fir d‘Friddensmissioun bereet gestallt haten, hunn hir Leit aus dem Ruanda ofgezunn.

Domatter war de sech géinteniwwer stoenden Ethnien d‘Feld iwwerlooss ginn. De „Biergerkrich“ huet sech zu engem regionale Konflikt entwéckelt, ab deem Moment wou d‘Rebelle vum „Front Patriotique Rwandais“ (RPF), – ënnert de Leedung vum haidege President Paul Kagame – vun Uganda aus, géint déi Hutu-dominéiert Arméi a sëlleche Killer-Milize virgaange sinn.

Honnert Deeg

RPF-Rebelle ware gutt organiséiert. Zumindest besser wéi hir Géigner… No honnert Deeg haten dem Paul Kagame seng „Truppen“ Kigali ageholl, de Genozid un den Tutsi ass ofgeklongen. De Bilan: 1 Millioun Affer! D‘Erkenntnis: d‘UN-Friddensmissioun huet op der ganzer Linn versot, a sech zum Kompliz vum Genozid gemaach. Iwwreg bliwwen ass en „traumatiséiert“ Land.

Et fënnt sech haut kee Mënsch am Ruanda, deen net direkt oder indirekt en Affer vum Genozid ass. D‘Ierwe vun den Affer an Täter liewe Säit u Säit, d‘Regierung ass beméit d‘Eenheet am Land oprecht ze erhalen an offiziell gëtt haut keng Tutsi oder Hutu méi, mee nëmmen nach Ruander. E Land versicht den deckel op dat donkelt Kapitel vu senger Geschicht ze leeën, mee et geléngt net.

An awer bleift de Bléck no vir geriicht, an villes huet sech am Ruanda zum bessere gewannt. D‘Infrastrukturen hu Virbildcharakter an Afrika, Internet a Mobil-Kommunikatioun sinn um leschte Stand. Der Korruptioun sech erfollegräich entgéintgestallt. Den Hoken: Ënnerdréckung vum politesche Géigner an der Meenungsfräiheet. Kritik un der Muecht e Spill mam Feier…

Déif Wonnen

Et ass eng irreal „Eenheet“ déi de Ruanda virzeweisen huet. Déi „jonk“ Vergaangenheet huet déi Wonnen hannerlooss. Iwwerwonnen ass wéineg, och wann en anert Bild an d‘Welt projezéiert gëtt, opgeschafft hunn d‘Mënschen d‘Tragedie bis haut net. Dat huet och domatter ze dinn, datt jidderee weess wien Täter, wien Affer ass. Et geet ze vill Saachen déi een net onvergiess maache kann.

D‘Hoffnung berout elo op de Generatiounen déi nom Vëlkermord gebuer sinn. Si sinn de Schlëssel zu engem reelle Fridden an de Versöhnung am Ruanda. Zudeem kënnen si hir Zukunft nëmmen eleng an de Grapp huelen. Wéi effikass UN-Friddensmissioune sinn, ass hei demonstréiert ginn. An d‘Zäiten hu sech net gebessert.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Genozid, Joresdag, Paul Kagame, Ruanda
Nächsten Artikel Virrechten Artikel