Search

You may also like

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen
International Neiegkeeten

Schéisserei an Hessen: Aacht Mënsche Stierwen

An der hessescher Stad Hanau (bei Frankfurt am Main) sinn

dislike
Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht
International Neiegkeeten

Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht

Den iranesche President Hassan Rouhani huet um Dënschdeg d’Iddi vun

Loscht op al Steng an eppes Geschicht?
International Neiegkeeten

Loscht op al Steng an eppes Geschicht?

Am September ginn zwou guidéiert Visitte vum Fort Obergrünewald ugebueden.

Minsk mécht Juegd op auslännesch Journalisten

Minsk mécht Juegd op auslännesch Journalisten

Wäissrussland huet mat „effet immediat“ allen auslännesche Journalisten d’Akkreditéierung entzunn. Begrënnt gëtt dat mat enger iwwerschaffter Veruerdnung zur Ausgab vun den Aarbechtsgeneemegunge fir Journalisten, firwat elo all déi bis ewell ausgestallte Ënnerlagen ongülteg sinn. Fir weiderschaffen ze kënnen, muss alles bei den Autoritéiten nei ugefrot ginn.

Dës Moossnam kënnt zwar net iwwerraschend – de wäissrusseschen Ausseministère hat jo wësse gelooss, datt falls et zu Sanktioune géint d‘Land komme géif, eng Berichterstattung vu westleche Medie géif ënnerbonne ginn – an d‘Land verloossen, dat mussen d‘Journalisten elo och net. Mee d‘Berichterstattung ass natierlech verbueden. An enger Diktatur sollt een dat als Warnung verstoen.

Ab ee Méindeg kënnen déi betraffe Journalisten eng nei Demande bei den Autoritéiten areechen, an et dierft interessant ginn ze gesinn, wéi dës mat den Demanden ëmginn. Wäissrussland ass zudeem net verflicht iergendeng Form vu Berichterstattung zouloossen, an esou dierft och kee Beamten zu Minsk presséiert sinn, dës Demanden zur Satisfaktioun vun den auslännesche Medien unzehuelen.

Et ass awer och ongerecht

Nodeems sech an der Nuecht op Freideg, déi europäesch Staats- a Regierungscheffen drop eenege konnten endlech, déi laang virbereet Sanktioune géint dem Alexander Lukaschenko seng Handlaanger duerchzesetzen – wat nëmme méiglech war well Zypern am Sträit mat der Tierkei Satisfaktioun krut – gëtt dann elo en neit Kapitel an der wäissrussescher Revolutioun opgeschloen.

De leschten europäeschen Diktator ass vun de Sanktiounen net betraff, dat wëll een dem Dialog net wëll d‘Dier virun der Nues zouschloen. Dat huet de lëschtege Kärel vu Minsk elo net dorunner gehënnert, sengersäits och fir Sanktioune géint „Europäer“ ze verhänken. Et soll esouguer eng ganz Lëscht dovunner ginn. Wien et allerdéngs vun der Regierung nominéiert gouf, bleift nach geheim.

Washington huet sech och zu Sanktiounen duerchgeronge kritt. Den US-Finanzministère huet géint aacht Regierungsmataarbechter Sanktioune verhaangen. Dozou gehéiert den Inneminister Juri Karajew, säi Stellvertrieder Alexander Barsukow, d‘Kommandante vun der Police an d‘Beamte vun der Wahlkommissioun. De Besëtz ass agefruer, an et dierf ee kee Business méi mat hinne maachen.

mat indymedia/mow

Illustratioun: © Engin Akyurt / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Belarus, Journalisten, Pressefräiheet, Sanktiounen, Wäissrussland
Next post Previous post