Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

Viking & Folk Metal an der Kulturfabrik

Dësen Donneschdeg gëtt et nees haart an der Escher Kulturfabrik.

Groussbritannien brauch en neit Awanderungsrecht
Neiegkeeten

Groussbritannien brauch en neit Awanderungsrecht

Et solle manner bëlleg Aarbechtskräften aus dem Ausland erageholl, dofir

Kenns du d’Gemeng Miersch gutt genuch, fir hei op mannst 8 Froe richteg ze beäntweren?
Neiegkeeten

Kenns du d’Gemeng Miersch gutt genuch, fir hei op mannst 8 Froe richteg ze beäntweren?

D’Gemeng Miersch ass net nëmmen eng vun deene gréisseren am

Nee zur Juegd op d‘Muffelen!

Nee zur Juegd op d‘Muffelen!

D‘Piratepartei ass géint d‘Ofschéisse vun de Muffelen am Iechternacher Bësch a fuerdert weiderhin eng Léisung, déi d‘Liewen an d‘Dignitéit vum Déier respektéiert.

D‘Piratepartei dréckt heimat hiren ausdrécklechen Desaccord mat der Juegd op d‘Muffelen am Iechternacher Bësch aus. Wéi an der Presse vum 10. Januar ze liesen ass, sollen d‘Muffelen am Iechternacher Bësch schonn am Februar vun dësem Joer erschoss ginn. Kommend Woch sollen, laut Ëmweltministère, Detailer zu den Modalitéite vun der éischter „administrativer Juegd“ zu Lëtzebuerg bekannt ginn.

D‘Pirate fuerderen, datt den Ëmweltministère fir Transparenz am „Dossier Mouflons“ suergt an d‘Fro kläert, vu wou d‘Muffelen eigentlech hierkommen. Wëssend, datt dës Déiere keng heemesch Aart sinn, muss gekläert ginn, wéi déi Déieren iwwerhaapt an den Iechternacher Bësch komm sinn an zu wéi engem Zweck. D‘Piratepartei fuerdert, datt falls et sech ëm „Lâchers non autorisés“ gehandelt huet, wéi se am Artikel 57 vum Juegdgesetz ernimmt ginn, de Schëllegen identifizéiert gëtt an fir d‘Käschte vun der administrativer Juegd opkënnt.

Mir appelléieren un d‘Ministesch an un all d‘concernéiert Autoritéiten dat geplangten Doutmaache vun de Muffelen ze stoppen. D‘Piraten erënneren och drun, datt d‘Déiereschutzgesetz vum 27 Juni 2018 d‘Dignitéit, d’Protektioun vum Liewen an de Bien-être vun den Déiere festhält. Mir Pirate fuerderen dofir, datt d‘Muffelen agefaange ginn an an ee Wëldpark bruecht ginn.

matgedeelt vun de Piraten

(Randnotiz: Ufank vum 20 Joerhonnert, hat en italienesche Grof der groussherzoglecher Koppel – der Groussherzogin Charlotte an dem Prënz Felix – en Trapp Muffele geschenkt. 1920 gouf am groussherzogleche Bësch, tëscht der Iechternacher- an Eeseburerstrooss en Zonk opgeriicht, fir d‘onkontrolléiert Ausbreedung vun de Muffelen ze verhënneren an eng permanent Heeg ze assuréieren. An de 50er Jore gouf d‘Gatter vun 250 op 500 Hektar erweidert, wéi d‘Flouere „Sandkaul“, „Kazebaach“, „Kriibseweier“, an „Ditgesbaach“ abezu gi sinn. Tëscht 1950 an 1980 goufen d‘Muffelen intensiv gejot an 1998 gouf et guer keng Muffele méi am Gatter.)

Foto: Envato

Ähnlech Sujeten administrativ Juegd, Déiereschutz, Iechternacher Bësch, Muffelen, Piraten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel